FLSE

FLSE

Partager

Fédération Luxembourgeoise des Sports Equestres Fédération Luxembourgeoise des Sports Equestres
3, rte d'Arlon
L-8009 Strassen

26/08/2026

🇱🇺🇱🇺Landesmeeschterschaften 2026🐎🔥

⭐️Ab nächster Woch fannen Landesmeeschterschaften vum Sprange a Dressur an de Championat vun de jonke Päerd um Bouferterhaff statt. Mir frëen eis schon🐴💪

📆LM Sprangen 03-06.09.2026
all Infoen fann dir hei 👉 https://flse.lu/lu/event/sprangturneier-bouferterhaff/

📆LM Dressur 11-13.09.2026
all Infoen fann dir hei 👉 https://flse.lu/lu/event/dressurturneier-bouferterhaff/

Denkt drun Iech nach unzemellen fir LM 2026
Dir kennt Iech umelle bis den 01.09.2026 fir Sprangen a bis den 09.09.2026 fir Dressur🌟

👉https://flsecompet.lu/lu/formulairen/

Formulairen - Flse 22/08/2026

🐴 Landesmeeschterschaften 2026 🇱🇺🔥

Denkt drun Iech unzemellen fir LM am Sprangen an a der Dressur.

Dir kennt Iech umelle bis den 01.09.2026 fir Sprangen a bis den 09.09.2026 fir Dressur🌟

Mir hoffen dir sidd dobäi👌💪

👉

Formulairen - Flse Formulairen Mellt Iech un a maacht mat PDF Formulairen Lehrgangsnachweis-zur-Reitabzeichen-Prufung-RA5-4.pdf Online Formulairen Virnumm * Nonumm * Email * Telefonsnummer * Veranstaltungsuert * Land vum Evenement * Vun * Bis * Päerd: Unzuehl vu Päerd * Numm vum Päerd * FEI ID 1 * Kategorie * Spran...

17/08/2026

🇱🇺🇱🇺Mega Resultater vir eis Reider zu Oochen 2026

🔥De Philip Bäcker konnt de Samschdes mat sengem Päerd Ballantines HH nach eng kéier op déi 18. Plaz landen.🐴👏👏

🐴Den Philip Bäcker an den Nicolas Wagner Ehlinger hunn iwwer déi ganz lëscht Woch eis mega vertrueden a gutt Resultater erzielt.🎉🎉Felicitatioun nach eng kéier un Iech an un är Päerd, weider sou.🇱🇺🇱🇺👏

All Resultater vu leschter Woch fann dir hei
👉 https://www.longinestiming.com/equestrian/2026/fei-world-championships-aachen-aachen

14/08/2026

👏🎉Mega Resultater vir de Basile Bettendorf lëscht Woch zu St.Margarethen. 🐴🔥👌

🇱🇺🌟De Basile konnt lëscht puer gutt Resultater erzielen. 🏅🎉Hien ass mat sengem Päerd Veyron Cs beim Grand Prix of St. Margarethen CSI* 1.35m op der éischter Plaz gelant virum dem Noa Fransen mat sengem Päerd Valencia Cl Z. Op drëtter Plaz ass de Siegfied Schlemmer mam Legacy B gelant.

🥈🔥Den Dag drop konnt hien sech dann eng mega zweet Plaz beim Lavanttal Grand Prix CSI2* 1.45m mat sengem Päerd Galaxie de Bornat secheren. 🇱🇺👏Op der éischter Plaz ass Mandy Beger mam Starlet gelant. Op déi drëtt Plaz koum Lisa Maria Rudigier mam Cumtaga Van De Marsweg H.

👌Felicitatioun weider sou.👏👏

Hei fann dir all Resultater:

CSI2* 1.45m👉https://meldestelle.net/portal/listen?bewid=890&turniernummer=77

CSI1* 1.35m 👉 https://meldestelle.net/portal/listen?bewid=883&turniernummer=77

Photos from FLSE's post 13/08/2026

🌟WM Voltigéiren Oochen 2026🐴🔥

🎉Excellent Resultater vir de Philip Bäcker. De Philip Bäcker ass hat un de start gaange bei der WM am Voltigéiere mat sengem Päerd Ballantines HH. 🐴👏👏Hien huet eng mega 15. Plaz erreecht. Mir drécken him Daume vir déi nächst Deeg 🍀 Hien geet och rëm muer un de Start um 17:25. Mir wënschen dir vill Gléck.🇱🇺🇱🇺

Resultater vun Haut:
👉 https://www.longinestiming.com/equestrian/2026/fei-world-championships-aachen-aachen/resultlist_VM-1.html

Starlëscht vir muer
👉https://results.hippodata.de/2026/2696/docs/vm-r1.pdf

Photos from FLSE's post 12/08/2026

🇱🇺🇱🇺Mega Resultater vir den Nicolas Wagner Ehlinger bei der WM Dressur 2026 Oochen🔥

Nicolas a säi Päerd Quater Back Junior FRH sinn haut bei Dressur WM zu Oochen op der 40. Plaz gelant mat 68.944 👏👏 Felicitatioun, mega Resultat vir dech an däi Päerd 🇱🇺🇱🇺

📸 Paul Krier

Link mat alle Resultater
👉https://results.hippodata.de/2026/2696/docs/r_d1a_final.pdf

12/08/2026

Courtesy of FEI.TV

10/08/2026

🐴WM Dressur 2026 Oochen🔥

👌🔥Mir wënschen dem Nicolas Wagner Ehlinger a sengem Päerd Quater Back Junior FRH vill Gléck bei der Dressur WM zu Oochen . ✅🐴 Nodeem hien de Vetcheck erfollegräich absolvéiert huet drécke mir him elo Daume vir den Mettwoch den 12. August 2026 hien wärt um 11:30 starten.🇱🇺🇱🇺

Link mat der Startlëscht
👉https://results.hippodata.de/2026/2696/docs/w26_drs_d1a_indv.pdf

09/08/2026

🥈Zweet Plaz vir de Victor Bettendorf beim LGCT London🇬🇧

Weider gutt Resultater fir de Victor zu London. De Victor konnt gëschter mat sengem Päerd Encore Toi du Linon op der zweeter Plaz beim CSI5* 1.50m landen. Op der éischter Plaz 🇬🇧 ass de Scott Brash gelant mat sengem Päerd Hello Jefferson. Op der drëtter Plaz ass Lara Tryba mam Chageorge gelant.🇫🇷

Haut beim Longines Global Champions Tour CSI5 Grand Prix of London konnt de Victor op enger weiderer gudder Plaz landen. Hien ass mat sengem Päerd Qwanda Van De Rispen op der 15. Plaz gelant.

👏👏Weider staark Leeschtunge vum Victor…. 🇱🇺🇱🇺Felicitatioun a weider sou.🔥

📊 Links vun de Resultater

CSI5* 1.50m 👉 https://www.gcglobalchampions.com/en-us/gct/competition/4220/results

Longines Global Champions Tour CSI5 Grand Prix of London 👉 https://www.gcglobalchampions.com/en-us/lgct/results

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Strassen ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Type

Adresse


3, Route D' Arlon
Strassen
8009

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 12:00
Mardi 08:00 - 12:00
Mercredi 08:00 - 12:00
Jeudi 08:00 - 12:00
Vendredi 08:00 - 12:00