04/08/2026
📊 Mir sichen Verstäerkung!
De COSL sicht e(n) Gestionnaire financier(ère)/comptable (m/f/x) — Vollzäit, onbefristene Kontrakt (CDI), an der Maison du Sport zu Stroossen.
Är Aufgaben:
▪️ Allgemeng Comptabilitéit an deeglech Buchungen
▪️ Suivi vun de Lieferanten- a Clientskonten an der Rechnungsstellung
▪️ Zesummenaarbecht mam Expert-comptable a Kontaktpersoun fir de Réviseur d'entreprises
▪️ Gestioun vun administrativen Dossieren
▪️ Matschaffen bei der Organisatioun vun eisen Evenementer
Wat Dir matbréngt:
▪️ Ausbildung an der Comptabilitéit (BTS, Bachelor oder gläichwäerteg)
▪️ Beruffserfarung als Comptabel ass e Plus
▪️ Sécherheet mat Comptabilitéitsprogrammer an MS Office
▪️ Franséisch an Englesch (mëndlech a schrëftlech), Lëtzebuergesch an/oder Däitsch sinn en Atout
▪️ Verantwortungsbewosstsien, Diskretioun, Flexibilitéit an Teamgeescht
📅 Kandidaturen (CV, Motivatiounsbréif, Diplomer) bis spéitstens den 31. August 2026.
👉 All Detailer an d'Kandidatur: https://fr.jobs.lu/ApplyForJob.aspx?Id=287509
Gestionnaire financier(ère)/comptable (m/f/x) - Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois ASBL - jobs.lu - Jobs au Luxembourg. Offres d'emploi luxembourgeoises
Apply for Gestionnaire financier(ère)/comptable (m/f/x) job in Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois ASBL at fr.jobs.lu. Pour renforcer son équipe de collaborateurs professionnels le Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois (COSL) se propose d’engager avec effet immédiat 1 gestionnaire...
19/07/2026
🎧Am Team Lëtzebuerg Magasinn vum Juli gett eisen neie Projet IMPULS II virgestallt. Lauschter eran:
https://teamletzebuerg.lu/medias/team-letzebuerg-magasinn/
14/07/2026
🔥 LA28 Volunteer-Kampagne start – bass DU dobäi?
Op der Sich no engem onvergiesslechen Erliefnis? Ab haut, dem 14. Juli, kanns du dech als LA28 Games-Time Volunteer mellen.
✨60.000 Volontären ginn gesicht fir bei denen gréisste Olympesch a Paralympesch Spiller aller Zäiten – vun Los Angeles bis Oklahoma City z hellefen. Wëlls du en Deel dovun sinn
✅ Wat s de brauchs fir zue postuléieren:
- Mindestens 18 Joer al
- Keng schwéier strofrechtlech Verurteelungen (e Background-Check kann verlaangt ginn)
- Loscht an Zäit fir ppes Onvergiessleches matzeerliewen
Mell dech un op: volunteer.la28.org
unteer.html
14/07/2026
Nach 2 Joer bis LA28! 🔥
An deenen nächste 2 Joer wäerte mir d'Patrizia op hirem Wee op LA28 begleeden – d'Héischten, d'Déiften alles dovunner!
Dëse Wee vun der Qualificatioun fir d'Olympersch Spiller gett erméiglecht och duerch den Scholaarhsip vun der Olympic Solidaritym vun denen och 6 Lëtzebuerger Olympiahoffnungen profitéieren 🙏
08/07/2026
De COSL huet offiziell d'ALIS Safeguarding Charter ënnerschriwwen ✍️🤝, an domat och nach eng Kéier ënnerstrach, wéi wichteg d'Integritéit am Sport fir eis ass.
D'Integritéit ass den Iwwerbegrëff, ënner deem verschidde Themen zesumme kommen:
🛡️ Safeguarding
🚫 Antidoping
⚖️ Ethik
🎲 De Kampf géint d'Wett-Manipulatioun
Mat der Ënnerschrëft engagéiere mir eis, fir dass de Sport zu Lëtzebuerg e séchert Ëmfeld bleift – well d'Wuelbefannen vun eise Sportler eis genee sou wichteg ass wéi hier Performance.
E grousse Merci un Agence Luxembourgeoise pour l’Intégrité dans le Sport ALIS fir dës wichteg Initiativ.
06/07/2026
Konstruktiven Austausch tëscht dem Ministère des Sports Luxembourg an dem COSL iwwer aktuell Themen, dorënner den Hëllefsprogramm fir Sportveräiner, déi enger Federatioun ugeschloss sinn, d'Initiativ vun der promotion de l’emploi dans le sport an d'Aarbechtsrecht am Sport.
16/06/2026
Eisen Directeur Technique gëtt spannend Ablécker an d'Kaderrevisioun 2026 vun de Wanter-Sportaarten a schwätzt iwwer méiglech Entwécklungen an déi nächst grouss Etappen fir eis Athleten.
Team Lëtzebuerg Magasinn - COSL
Écouter les émissions radio Team Lëtzebuerg Magasinn – 21/05/2026 Team Lëtzebuerg Magasinn – 16/04/2026 Team Lëtzebuerg Magasinn – 19/03/2026 Team Lëtzebuerg Magasinn – 12/02/2026 Team Lëtzebuerg Magasinn – 01/01/2026 Team Lëtzebuerg Magasinn – 11/12/2025 Team Lëtzebuerg Magasin...
15/06/2026
Bei der 55. Generalversammlung vun den European Olympic Committees ass den André Hoffmann, Éierepresident vum COSL, mam „European Olympic Laurel Award“ ausgezeechent ginn – als Unerkennung fir säin immense fräiwëllegen Asaz fir a fir den olympeschen Mouvement an de Sport am Allgemengen.
Als Member vum Conseil vum COSL zënter 2003 an als President vun 2012 bis 2025 war hien eng wichteg Undréifskraaft hannert ville wichtege Entwécklungen am lëtzebuergesche Sport, dorënner d’Grënnung vun der Luxembourg Anti-Doping Agency, dem Sportlycée an dem Luxembourg Institute for High Performance in Sports.
Photo: EOC