22/07/2026
Am 2.Testmatch gouff et géint Arel eng 1-3 Néierlag!
🔜 28.07 um 20h00 géint AS Nothomb-Post (B)
Offiziell Facebook-Seit vum FC Préizerdaul/Réiden! Hei gidd dir alleguerten News vum FCPR gewuer!
Eis Equipen:
Seniors I : 2.Divisioun; 1.Classe
Seniors Réserves II : 4.Classe, 2.Bezierk
22/07/2026
Am 2.Testmatch gouff et géint Arel eng 1-3 Néierlag!
🔜 28.07 um 20h00 géint AS Nothomb-Post (B)
22/07/2026
22/07/2026
Ballsponsoring Saison 2026-2027
Ballsponsoring Saison 2026-2027 - post - F.C. Préizerdaul-Réiden Dir hutt rem d'Méiglechkeet vir 125€ de Spillball vun engem Heemmatch ze sponsoren! Mellt Iersch einfach bei engem vum Comité & ënnerstëtz äre Veräin! Weider Informatiounen fannt Dir um Dokument an der Annexe D'Lëscht gëtt regelméisseg à jour gesat! ❌vs Elwen ❌vs Buurschent ☑️vs ...
22/07/2026
Du 🫵🏻 wëlls e Spillball vun eiser 1.Equipe sponsoren?
Da mell dech ☝🏻
Weider Infos dozou fënns du op der Affiche! 👇🏻
Als Ballsponsor profitéiert Dir vun:
• 🎙️Présentatioun vum Ballsponsor iwwer Mikro um Terrain ‚An der Seitert‘
• ⚽️ dem symboleschen Ustouss mat ärem Ball
• 📸 enger Foto vum Kick-off déi direkt nom Match op eise soziale Medie gepost gëtt
Mir zielen op Iersch & freeën eis iwert är generéis Ënnerstëtzung
22/07/2026
Den Owend steht den nächsten Testmatch vun der Preparatoun um Programm!
Géigner ass den FC Arel
Ustouss am Préizerdaul ass um 20h00
Kommt bis lanscht
D‘Buvette wärt natirlech op sinn
21/07/2026
Transferts Saison 2026-2027
Mir freeën eis Iersch eisen 6. Neizougang virzestellen:
Den Flavio Da Cruz Santos (25) stéisst vun der AS Housen bei eis. De polyvalenten Offensivspiller wäert eis Equipe mat senger Vitesse, Technik a Geféierlechkeet virum Gol verstäerken.
💪 Wëllkomm beim FC Préizerdaul-Réiden, Flavio!
Mir wënschen dir eng erfollegräich a verletzungsfräi Saison an e gudde Start an eise Faarwen! ❤️🖤
20/07/2026
TEAM! 🔴⚫️❤️
Op der Foto feelen d‘Julie Schmitz & Joe Becker
De gauche à droite
Jo Majerus (Secrétaire technique) , Mani Kaufmann (Président), Claude Schumacher (Membre), David Klein (Membre), Luss Bucari (Directeur sportif), Luc Victor (Vice-Président), Stéphane Freylinger (Trésorier), Jérôme Feltz (Trésorier adjoint), Joël Feltz (Secrétaire administratif)
20/07/2026
Haut den Owend hate mir eis ausseruerdendlech Generalversammlung vun der Saison 2025-2026.
Eise President, de Mani huet d‘Sitzung ugefang vir un déi Leit ze denken, déi eis dëst resp d‘läscht Joer verlooss hunn
Duerno huet eise Sekretär, de Joël d‘läscht Saison R***e passéiere geloss an en Ausbléck op déi nei Saison geriicht.
Dunn ass eise Trésorier, de Frulles op d‘Finanzen vum Veräin agang! Trotz kléngem Defizit steht de Veräin gesond do & kann zouversiichtlech an déi nei Saison kucken.
Eise Sportsdirekter, de Luss hat dunn d‘Wuert & huet eis nei Spiller virgestallt an déi Spiller ernimmt déi eise Veräin verlooss hunn!
Duerno haten d‘Gemengevertrieder vun de Gemengen Réiden a Préizerdaul d‘Wuert.
Zum Schluss vun der AG, as e Merci un eis Sponsoren, Supporter a Frënn vum Veräin gang!
E Merci krut och eise Staff, ouni déi Freides a Sonndes keng Buvette giff lafen.
An natirlech e grousse Merci un eis Gemengen vir hir Ënnerstëtzung!
20/07/2026
Transferts Saison 2026-2027
De FC Préizerdaul-Réiden ass houfreg, säin 5. Neizougang fir d’Saison 2026-2027 virzestellen!
François Criquelière
24 Joer • Mëttelfeldspiller
🇧🇪 Kéint vun der US Waltzing-Bonnert
Mat sengem Asaz, senger Technik a senger Iwwersiicht am Mëttelfeld wäert de François eis Equipe weider verstäerken.
Mir si frou, hien an der roud-schwaarzer Famill begréissen ze kënnen.
Wëllkomm beim FC Préizerdaul-Réiden, François! ❤️🖤
Mir wënschen dir eng erfollegräich, verletzungsfräi Saison a vill flott Momenter an eisem Trikot! ⚽
——————————————————————————————-
Le FC Préizerdaul-Réiden est fier de vous présenter sa 5e recrue pour la saison 2026-2027 !
François Criquelière
24 ans • Milieu de terrain
🇧🇪 En provenance de l’US Waltzing-Bonnert
Grâce à sa qualité technique, sa vision du jeu et son engagement au milieu de terrain, François viendra renforcer notre équipe. Nous sommes ravis de l’accueillir au sein de la famille rouge et noire.
Bienvenue au FC Préizerdaul-Réiden, François ! ❤️🖤
Nous te souhaitons beaucoup de succès, une saison sans blessure et de nombreux beaux moments sous nos couleurs ! ⚽