10/08/2026
+++ Verbandsranglëscht 2026/2027 +++
Den 1. August ass eng nei Verbandsranglëscht erauskomm an hei ass eis Top 10 vun eisen aktive Memberen. 💪💪
Allez Hueschtert-Folscht 💛💙
Öffentlech Facebookpräsenz vum Dëschtennis Hueschtert-Folscht.
10/08/2026
+++ Verbandsranglëscht 2026/2027 +++
Den 1. August ass eng nei Verbandsranglëscht erauskomm an hei ass eis Top 10 vun eisen aktive Memberen. 💪💪
Allez Hueschtert-Folscht 💛💙
23/07/2026
+++ Marche Populaire IVV+++
Mir hu kommende Sonnden (26/07/2026) eise Marche Populaire IVV zu Folscht.
Mir hunn dräi 3 Trëppelweeër: 6km, 12km an 23km am Angebot.🥾🥾
Souwuel ënnerwee op eise Statiounen an och um Start/ Zil am Centre Culturel ass beschtens fir Iessen an Drénke gesuergt.🍺🍽️
Weider Infoe fannt Dir um Flyer.
Mir freeën eis op Iech!! 🤗
Allez Hueschtert-Folscht 💛💙
08/07/2026
+++ Kommitee fir d’Saison 2026/27 +++
An der Generalversammlung goufen et Changementer am Kommitee‼️
Fir d’kommend Saison ass de Kommitee vum DT HF follgendermoossen opgestallt:
Präsident: Joël Decker
Vizepräsidenten: Pit Wiltgen an de Mike Burg
Sekretär: Erny Decker
Sportdirekter: Serge Decker
Tresorier: Jerry Koob
Memberen: Closener Guy, Closener John, Closener Luc, Haupt Kevin, Linster Sandra, Van Stiphout Fränzel, Trierweiler Romain, Mores Aly
Mir freeën eis op eng gutt Zesummenaarbecht an op weidere sportlechen Erfolleg fir d’Saison 2026/27.
Allez Hueschtert-Folscht 💛💙
07/07/2026
+++ Assemblée générale 2026+++
Geschter hate mir eis Assemblée générale, wou mir stolz op eng erfollegräich Saison zeréckgekuckt hunn, mam Gewënn vun der Coupe an dem 5. Championstitel an och wéi all Joer hu mir eis Spiller fir hir Erfolleger ausgezeechent.🏆🏆
De Spiller vun der Saison ass den Irfan Cekic.🥇
De Maël Van Dessel gouf ausgezeechent fir eng historesch 3. Platz bei der U21-Europameeschterschaft am Double Hären. 🔥🔥
Geéiert fir hiren Opstieg goufen, déi 6., 7., 8. an d’9. Ekipp.
Transferten:
De Jan Zibrat verléisst eise Veräin opgrond vu familiäre Grënn. Merci fir däin Asaz a weiderhi vill Erfolleg 💪
Nei am Veräin sinn den Damien Llorca an d’Joyce Armbruster. Häerzlech Wëllkomm Damien an Joyce👋👋 Mir freeën eis op ären Asaz 💪💪
Weider ass et gaange mat engem Wiessel am Kommitee.
No 27 Joer‼️ ass de Guy Closener als President vum DT HF zeréckgetrueden.
De Guy bleiwt eis awer als Member am Kommitee erhalen.
De Joël Decker gouf uschléissend an de Kommitee an zum neie President vum DT HF gewielt.
De Pit Wiltgen an de Mike Burg sinn zu den neie Vizepresidente ernannt ginn.
No enger schéiner an emotionaler Ried vun eisem Sekretär Erny Decker goufen de Guy an de John Closener als Éierpresidenten ausgezeechent.
Um Uschloss ass et dunn op den Aperitif gaangen ier et mam Iessen weidergaangen ass. 🍻🍰
Ee ganz grousse MERCI un eis Membere, Sponsoren, Bénévolen a Supporter well ouni si wär dat alles net méiglech. 💛🖤
An ee grousse MERCI un eis Gemeng fir d’Ënnerstëtzung.💛🖤
Nächst Event:
26/07 -> Marche populaire IVV zu Folscht
Allez Hueschtert-Folscht 🔥🔥💛🖤
20/06/2026
+++ U21 Europameeschterschaft +++
Ganz staark Leeschtung vum Maël Van Dessel op der U21 Europameeschterschaft zu Cluj. Zesumme mat sengem engleschen Partner gewënnt hien d'Bronzemedaille am Dubbel. 🥉
Et ass gläichzäiteg dei éischt Medaille fir Lëtzebuerg bei enger U21 EM. 💪
Den Ament gëtt zu Cluj a Rumänien d'U21-Europameeschterschaft am Dëschtennis gespillt. https://www.rtl.lu/sport/deschtennis/news/de-mael-van-dessel-gewennt-dei-eischt-letzebuergesch-medail-bei-enger-u21-em-1643002328
05/06/2026
Gratulatioun UNION Sportive Folschette fir den Opstig an d'1. Divisioun. 👏💪
E weidere grousse Moment an der Folschter Sportsgeschicht 🙂
Folschette schreibt Geschichte: erster Aufstieg in die 1.Division! Endscheidungsspiel um einen Platz in der 1.Division
04/06/2026
18/05/2026
+++ National TT League +++
Nodeems mir d’lescht Woch géint den DT Houwald 6-2 verluer haten, hu mir geschter zu Kietscht an der Hal d’Kéier kritt an de Retourmatch mat 6-3 gewonnen. Domadder war et an de Golden Match gaangen, wou mir och näicht ubrenne gelooss hunn a mat enger 3-1 Victoire rausgaange sinn.💪💪
Sou konnte mir eise 5. Championstitel noeneen, souwéi den drëtten Doublé hannerenee feieren. 🥇🥇🥇🥇🥇🏆🏆🏆
Saisonzil erfëllt ✅️✅️
Zum Ofschloss gouf et dunn een Iessen an eisem Sall zu Folscht an natierlech gouf dunn och den een a den anere Patt gedronk.🍾🍾
Merci un all eis Membere, Sponsoren a Supporter fir déi erfollegräich Saison 👏👏💛🖤
Allez Hueschtert-Folscht 🔥🔥