T.C Husen

T.C Husen

Partager

Offiziell Facebook-Sait vum T.C Housen

03/08/2026

Dëse Samschden, den 8. August organiséieren mir eisen nächsten Padel Jux Tournoi😎

Den Tableau ass limitéiert op 8 Ekippen, déi éischt si vir👊🏼

13/07/2026

Gratulatioun un de Patrick an de Lenni, déi eisen Padel Jux Tournoi gewonn hunn💪🏼😎

04/07/2026

Nächste Weekend organiséieren mir den 10. Juli ab 17h00 een Afterwork, an e Samschden den 11. Juli ee Padel Jux Tournoi.🔥

Beim Afterwork e Freiden Owend kënnt dir niewt engem Patt an eppes z'iessen natierlech och Padel spillen. Mir hunn och Racketten a Bäll fir déi di de Sport fir d'éischte Kéier wëllen ausprobéieren😎

Um Samschden fënnt dann eisen éischten Jux-Tournoi vum Joer statt. Och hei soll virun allem de Spaass am Virdergrond stoen. 10 Ekippen kënne mir unhuelen, déi éischt si vir🥳

23/06/2026

Den TC Housen wënscht iech ee schéinen Nationalfeierdag🇱🇺❤️

22/06/2026

Een historesche Match gouf et gëschter bei eis an der 3. Ekipp😎

Mam Ronny a sengen 3 Jongen stoungen hei géint Jonglënster direkt 4x Meyers um Terrain🔥

Ob et dat am Lëtzebuerger Tennis schonn ginn ass dat eng Famill eng ganz Ekipp gestallt huet?🤔

12/06/2026

Zwee Heemmatcher stinn dëse Weekend um Programm!

Eis 1t Ekipp spillt e Samschden géint Jonglënster, déi 2t trëfft e Sonnden op den TC Cap on Line 3💪🏼

Eis U10 Entente mam TC Nordstad spillt hir Matcher um Sonnden Moien zu Ettelbréck🎾

05/06/2026

Dëse Weekend starten dann och eis jénsgten Spiller aus der U10 an hiert Championnat🥳

All eisen Ekippen bonne Chance gewënscht💪🏼

05/06/2026

Good News!😎

Eis fonkelnei Padel Terrainen sinn ab haut op😍

29/05/2026

Nächste Spilldag, nächsten Heemmatch fir eis 1. Ekipp🔥 Muer um Samschden spillen mir vun 10h00 un ee wichtege Match géint den TC Bartréng🤛🏽

Um Sonnden spillt och eis 2. Ekipp heiheem géint Walfer. Eis 3. Ekipp kritt et auswäerts zu Ëlwen mat der Entente Ëlwen/Heischent ze dinn😎

22/05/2026

Muer um Samschden ass de Start vum Senior Championnat 2026🔥 Nodeems mir lescht Joer Champion an der N4 ginn sinn, spille mir dëst Joer an der Nationale 3 rëm mat 6 Spiller. Lass geet et dowéinst well muer de Moien um 10h00 géint den TC Remich 😎

Kommt am Laf vum Dag bis laanscht, fir héichklassegen Tennis, Iessen a Gedrénks ass gesuergt🌭

Um Sonnden spillen dann eis 2. an 3. Ekipp alle béid géint déi 4. respektiv 5. Ekipp vun eise Kolleegen vum TCS - Tennis Club Schifflange🤝🏻

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse


Luxembourg