FC Brouch

FC Brouch

Partager

Facebook officiel de l'équipe du Fc Brouch!!

Photos from FC Brouch's post 17/08/2026

Den FC Brouch seet der Madame Vosman an der ganzer Famill MERCI fir déi flott Coupe, déi mir konnten fir den Herman spillen.

Hien huet ëmmer all seng Kanner déi zu Brouch gespillt hunn oder Trainer waren ënnerstëtzt, . Fir den 50. Anniversaire vum FC Brouch war den Herman och Member vum Organisatiouns Comité. Hien huet awer och ëmmer kritiséiert wann d'Jongen (Equipe) net gutt gespillt hunn. Dëst awer op eng Fair Aart a Weis. War eng Hand unzepaken, war hien awer och ëmmer do.

Mir wäerten den Herman Vosman a gudder Erënnerung halen.

13/08/2026
13/08/2026

Déi lescht Deeg vun der Vakanz, nach e puer flott Fussballdeeg zu Béiwen um Terrain verbréngen.

09/08/2026

Enn August Ufank September kënnen är Kanner sech op eisem VfB Camp zu Brouch schonn ob déi nei Saison präparéieren. Dofir mellt se elo un.

07/08/2026

Voilà, eis alljährlech Coupe ass erem desen an nächste Weekend.

16/06/2026

Am Numm vum FC Brouch wëlle mir och iech, eise fantastesche Fans, vun Häerze Merci soen! 🙏🔥

Mat ärem onermiddlechen Asaz op all Matcher hutt dir eis Ekipp ëmmer nees ugefeiert a gedroen. Speziell um Barragematch hutt dir eng Stëmmung gemaach, déi an der BGL Ligue spillt! 🏟⚽

Esou eng Stëmmung gëtt et net iwwerall, an den FC Brouch seet all eenzele vun iech, deen do war an alles ginn huet, egal op Freideg oder Sonndeg, Merci.

Dir hutt gewisen, wat et bedeit, Deel vum FC Brouch ze sinn! Mir freeën eis, iech déi nächst Saison nees op den Terrain ze gesinn!

ALLEZ FC BROUCH! ❤️🖤

Photos from FC Brouch's post 16/06/2026

Am Numm vum FC Brouch wëlle mir iech, eise Spiller, vun Häerze Merci soen fir dës Saison! 🙏⚽

Dir hutt op all Training an op all Match alles ginn, a genee dat ass dat, wat de FC Brouch ausmeet. Och wann dës Saison net just vu positive Momenter geprägt war, hutt dir oft gewisen, dass dir och duerch schwéier Phase kënnt goen. 💪

Den Héichpunkt vun eiser Saison, de Barragematch, wäert bei eis allen am Gedächtnis bleiwen – net nëmmen well et e grousse Match war, mä well dir alles ginn hutt fir de Veräin a fir eis Fans. Den Opstig hu mir zwar knapp verpasst, mä dëst Joer huet gewisen, wat an dëser Ekipp stécht, a mir sinn immens houfreg op iech!

Kapp héich, – déi nächst Saison kënnt!

ALLEZ FC BROUCH! ❤️🖤

16/06/2026

Am Numm vum FC Brouch wëlle mir iech vun Häerze Merci soen, léiwe Lionel a léiwe Paulo! 🙏⚽

Är zwee Joer bei eisem Veräin ware geprägt vun Asaz, Leidenschaft a Zesummenhalt. Den Héichpunkt vun eiser gemeinsamer Zäit war ouni Zweifel de Barragematch, och wann den Opstig um Enn leider net sollte sinn. Mä dëse Moment wäert ville nach laang an Erënnerung bleiwen!

D’Aarbecht, déi dir mat der éischter an der zweeter Ekipp geleescht hutt, war net ëmmer einfach, an trotzdem huet keen de Kapp an de Sand gestach.

Mir wënschen iech alles Guddes fir är Zukunft, wou ären Wee iech och ëmmer hiféiert!

ALLEZ FC BROUCH! ❤️🖤

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse


Luxembourg