30/08/2026
📸 Fotoen vun der 66-99 Victoire am Frëndschaftsmatch zu Zolwer
Basketball Club, Luxembourg
30/08/2026
📸 Fotoen vun der 66-99 Victoire am Frëndschaftsmatch zu Zolwer
22/08/2026
📸 Fotoen vum 1.Frëndschaftsmatch vun der Saison: Arantia 92 - Amicale 87
18/08/2026
🏀 Preseason is ON!
Eis Hären hunn d'Virbereedung op déi nei Saison gestart. Déi éischt Geleeënheet, eis Equipe dës Saison an Aktioun ze gesinn, ass dëse Samschdeg, den 22. August um 17:00 Auer am FILANO géint d'Amicale vu Steesel.
Dono stinn weider Frëndschaftsmatcher um Programm, éier d'Saison den 19. September offiziell lassgeet.
Kommt laanscht, d'Entrée ass fir dës Matcher gratis! 🔴⚪️
05/08/2026
🇱🇺 🏀 Wëllkomm an der Fiels, Michael! 🔴⚪️
Mir freeën eis, de Michael Imariagbe als neie Spiller beim BBC Arantia Larochette begréissen ze kënnen.
Den 2,01 m grousse Spiller kënnt bei eis no senger leschter Statioun bei de Lakeside Lightning an Australien. Virdrun huet hien fir Wright State University gespillt, wou hien sech als athletesche Spiller mat staarker Defensiv an Reboundqualitéiten en Numm gemaach huet.
Mir freeën eis, de Michael an eisen Faarwen ze gesinn, a wënschen him vill Erfolleg! 🏀
🇬🇧🏀 Welcome to Larochette, Michael! 🔴⚪️
We are delighted to welcome Michael Imariagbe as our newest player.
The 2.01 m player joins us after most recently playing for the Lakeside Lightning in Australia. Before beginning his professional career overseas, he played for Wright State University where he became known for his athleticism, defensive presence, and rebounding ability.
We are excited to see Michael wearing our jersey and wish him every success for the upcoming season! 🏀
24/07/2026
🏀 Neie Baskettraining zu Miedernach! 🏀
🏀 Loscht op Basket? Da kommt laanscht a probéiert et aus! 😊
Ab der Saison 2026/2027 bidde mir e neie Training fir eis klengst Basketballtalenter un.
📅 Éischten Training: 19. September 2026
🕙 Samschdes moies: 10:00 – 11:00
👧🧒 Fir Kanner gebuer 2017–2024
📍 Baskethal Miedernach
Egal ob Ufänger oder schonn e bësse Erfahrung – jidderee ass häerzlech wëllkomm! ❤️
Kommt laanscht, entdeckt de Basket a verbréngt eng flott Stonn mat Frënn! 🏀
📩 Bei Froen: [email protected]
17/07/2026
🇱🇺🏀 Wëllkomm an der Fiels, Joshua! 🔴⚪️
Mir freeën eis de Joshua McClary als neie Spiller beim BBC Arantia Larochette begréissen ze kënnen.
Den 23 Joer ale amerikanesche Guard (1,89 m) huet déi lescht Saison fir Casino Ginásio Figueirense a Portugal gespillt wou hien am Duerchschnëtt 21,6 Punkten, 4,3 Assists an 3,8 Rebounds opweisen konnt.
Viru senger Profikarriär huet de Joshua véier Joer fir Roanoke College gespillt, wou hien ënner anerem als ODAC Defensive Player of the Year ausgezeechent gouf an an d'All-Conference Équipe gewielt gouf.
Mir freeën eis, de Joshua an eisen Faarwen ze gesinn, a wënschen him vill Erfolleg bei eis am Veräin! 🏀
🇬🇧🏀 Welcome to Larochette, Joshua! 🔴⚪️
We are delighted to welcome Joshua McClary as the newest player of BBC Arantia Larochette.
The 23-year-old American guard (1.89 m) joins us from Portugal, where he spent last season Casino Ginásio Figueirense and averaged 21.6 points, 4.3 assists and 3.8 rebounds per game.
Before beginning his professional career, Joshua played four seasons at Roanoke College earning several individual honors, including ODAC Defensive Player of the Year and All-Conference selections.
We are excited to see Joshua wearing the Arantia jersey and wish him every success for the upcoming season. Welcome at our club! 🏀
16/07/2026
🇱🇺🏀 Wëllkomm an der Arantia-Famill, João! 🔴⚪️
Mir freeën eis, de João Guerra als neie Youth Coach beim BBC Arantia Larochette begréissen ze kënnen.
Den 34 Joer ale Trainer kënnt aus Portugal a bréngt vill Passioun an Engagement fir d'Aarbecht mat jonke Spiller mat. An der nächster Saison wäert hien zwou vun eise Jugendequipen trainéieren a gläichzäiteg eng wichteg Roll an der Weiderentwécklung vun eisem Jugendprogramm iwwerhuelen.
Mir wënschen him e gudde Start, vill Erfolleg a freeën eis op déi gemeinsam Zukunft! 🏀
🇬🇧🏀 Welcome to the Arantia Family, João! 🔴⚪️
We are delighted to welcome João Guerra as our new Youth Coach at BBC Arantia Larochette.
The 34-year-old coach joins us from Portugal and brings great passion and commitment to youth player development. During the upcoming season, João will coach two of our youth teams while also playing an active role in our club's youth program.
Welcome to Arantia, João! We wish you every success and look forward to this new chapter together. 🏀
10/07/2026
📸 E puer Impressioune vun eiser Generalversammlung vu gëschter. Merci un all déi komm sinn!
28/06/2026
🍷 Bei angeneemer Temperatur am Wäikeller vun eisem Sponsor Domaine L&R Kox zu Réimech hu mir e flotte Moment a gutt Wäiner genoss. E grousse Merci un Domaine L&R Kox fir déi häerzlech Gaaschtfrëndschaft! 🍇
25/06/2026
🏀 Assemblée Générale 2026
De BBC Arantia Larochette invitéiert all seng Memberen, Spiller, Elteren, Fräiwëlleger, Supporter a Sponsoren op d'Assemblée Générale 2026.
📅 Donneschdeg, den 9. Juli
🕢 19:30 Auer
📍 Centre Culturel Larochette "An der Kleederfabrik"
Mir freeën eis op är Präsenz! 🔴⚪️