25/08/2026
E gelongenen Ausfluch an d'Äifel!
Haut hate mir e wonnerbare Programm! Eis éischt Statioun war den Outlet zu Bad Münstereifel, wou mir e bëssen duerch d'Butteker getrëppelt sinn. 🛍️
Duerno goung et weider bei de bekannten „Eifel Waldi“ . Et war super spannend, duerch all seng Raritéiten a Kuriositéiten ze stöberen an déi vill speziell Saachen ze bewonneren. 🏛️✨
E ganz besonneschen Highlight duerft natierlech net feelen: Mir hunn eis en 80-Euro-Schäin mat engem Original-Autogramm geséchert! 💶✍️Fir den Dag perfekt ofzerënnen, hu mir et eis duerno am Antik Café gemittlech gemaach. Bei enger gudder Taass Kaffi an engem Stéck leckere Kuch hu mir de flotten Dag ausklénge gelooss. ☕🍰
Alles an allem e richtege gelongenen an onvergiesslechen Ausfluch! ☀️😊
20/08/2026
Haut ware mer, wéi ëmmer emol de Mount zesummen akafen, ugefaang hu mer zu Arel um Maart, wou mer Blummen, Uebst, Geméis a Basilikum kaaft hunn. Dono si mer gemittlech zesummen iesse
gaang, ier mer eis nach eng Stonn d'Been am Outlet zu Messancy vertrëppelt hunn. Do goung dunn nach déi eng oder aner Posch, Schung oder Schockela mat.
Um Heemwee si mer nach zu Grass beim Kirsch stoe bliwwe fir ee gudden Dessert a Fleesch a Brout fir déi nächst Deeg ze kafen.
Wéi ëmmer ee léiwe Grupp an eng super Atmosphär mat vill Gelaachs.
14/08/2026
Mir ware gëschter op Hüttingen an den "Eisen- und Ofenmuseum", dee
virun 2 Joer ganz schlëmm vum
Héichwaasser getraff gouf. Alles war futti a villes fortgeschwemmt. Mat Hëllef vu puer léiwe Frënn hunn si dat ganzt erëm opgebaut, dovu konnte mer eis op der Plaz
iwwerzeegen.
De Musée gëtt vun enger ganz léiwer Koppel mat vill
Engagement a Freed un de Saache
gefouert.
Ganz vill Erënnerungen u fréier , eiser Kandheet sinn erëmkomm, mat Saachen, déi eis Grousselteren
oder Eltere schonn haten oder mir als Kanner selwer benotzt hunn.
Zum Ofschloss souze mer gemittlech bei Kaffi an am gossen Eise gebaken Eisekuchen do ze poteren.
Net ze vergiessen dee schéine Wee duerch eis Ländchen.
12/08/2026
Gëschter ware mer op Maastricht, fir et emol anescht ouni Maart ze erliewe. Mir si mam Schëff iwwert d'Maas gefuer sinn, do hate mer och ee Kaptäinslunch fir eis ze stäerken.
Beim Fort Sint Pietersberg si mer vum Schëff erofgaange fir no
engem Spadséiergang mat engem Guide am
d'Sonnenberggrotten ze goen. Eigentlech ass Bierg net dat richtegt Wuert, well Holland keng Bierger mä just Hiwwelen huet.
Hei an der Grott ass wärend
700 Joer Kalleksteen ofgebaut ginn. Am 2. Weltkrich war virgesinn, Bierger hei ënnerzebréngen, wat awer net wierklech genotzt gouf, et ware just tëscht 3000 a 4000 Leit do.
Ganz flott Zeechnunge kann een op de Mauere gesinn, et ass komplett donkel mat enger Loftfiichtegkeet vun iwwer 90%.
Wann een all déi Gäng géing uneneen hänken, dat kréich een eng Distanz vu méi wéi 220 km.
Dono si mer erëm mam Schëff op Maastricht gefuer, wou jidderee nach bësse fräi war fir duerch d'Stroossen vu Maastricht ze trëppelen, ier mer eis erëm op den Heemwee gemaach hunn.
07/08/2026
Haut wore mir zu Hotton an det Belsch. Mir waren e bëssen am Déierepark wou mir och d‘Wëld mat gefiddert hunn. Dono goung dann zu eisem Haaptzil: de Grotte vun Hotton. Eng wëllkomm Ofkillung an dese waarmen Zäiten
07/08/2026
De 6. August haate mir eis alljährlech Grillwanderung. Moies goungvrt lass matcKaffi a Croissant, an da konnten d‘Leit entweder 5, 7 oder 10 km wanderen goen op Weeër déi mir virbeschëldert haaten. Mëttes gouf et da lecker Saache vum Grill mat engem gudden Zalootebüffet. A nom Dessert ass deen een oder aaneren nach en Tour trëppele gaang.
04/08/2026
Haut ware mer op "Ladenburg", do wou de Carl Benz gelieft huet. Ugefaang hu mer mat eng
Stadféierung duerch déi idyllesch Alstad mat hire ville
klénge Gaassen, an deene wonnerschéine Fassaden, d'Sankt Gallus Kierch an de Bischofshof.
Nom Iessen si mer an den Dr Carl Benz Automusée gefuer, déi fréier Fabrik vun
Carl Benz Söhne wou vun 1908 bis Ufank 2000 dra geschafft ginn ass. Hei sinn iwwert 100 historesch Gefierer , den Atelier mat den ale Maschinnen, d'Velosmobilitéit a Gefierer
aus dem Motorsport, déi all immens gutt erhale sinn.
Sou hu mir dee waarmen Dag gutt ver
30/07/2026
Haut ware mir op Bréissel. Et ass ganz nobel ginn well mir haaten eng Visite vum Palais Royal a mir waren och ennert der Place Royale d‘Vestige vum Palais Goutenberg besichen. A natierlech ware mir och gudd iessen, dat awer net am Palais. Et war e wonnerschéinen a prunkvollen Dag.
23/07/2026
Mir waren op Jülich wou mir eng Féierung vun der Zitadell haten, Jülich gouf am 2. Weltkrich komplett zerstéiert an d'Zitadell war dat eenzegt, wat net futti war, sou dass d'Awunner dono 1 Joer do gewunnt hunn, ier se erëm an Haiser konnte wunnen.
Dono hu mir zesumme giess, ier mir weider op Linnich gefuer sinn, wou mir eng Féierung am Glasmalereimuseum haten, Mir hunn den Ënnerscheed
vu Glasbléiserei a Glasmolerei erkläert kritt, wéi se
Flaachglasplatten hierstellen, a wéi d'Verbläiung gemaach gëtt, sou wéi z. B. Bei Kierchefënstere gemaach gëtt.
Sou goung ee flotte, gemittlechen
Dag op en Enn.
18/06/2026
Mir waren haut am Pairi Daiza Park an der Belsch. Et war e wonnerschéinen Dag och wann et waarm war. A mir ware faszinéiert vun der Flora an der Fauna