27/08/2026
👉 2.TEN SPILLDAAG
📆 SONNDEN, 30/08/26
⏰ 16H00
🏟️ STADE JEAN DONNERSBACH
📍 LINTGEN
⚔️ FC JEUNESSE GILSDORF
⚽ Den Matchball gëtt gesponsored vum:
SCHUMACHER JANG - TOITURE MODERNE.
EEN GOUSSEN MERCI DOFIR 💪
GOOOO MINERVA 💙🤍💙🤍
🚨🚨 INFO: Dir kennt Iech och elo schon All noteieren, dass den Coupe de Luxembourg Match zu Itzeg, vum Sonnden 06/09/26 op den Donneschden 03/09/26 20h00 verluecht gin ass.🚨🚨
23/08/2026
Mission accomplished 🔥💪💪🔥
Mir gewannen 0-1 zu Schieren 🫰💙🤍🫰
21/08/2026
Fills du dech ugesprach? 🔥
Dann mell dech 💙🤍
19/08/2026
De Sonndeg gett et dann erem Serieux...an daat direkt esou Richteg 🔥🔥
Mir treffen um Eischte Spilldaag op Schieren, waat eng heisch intressant Partie versprescht. 🧐
Schieren huet d'lescht Saison den Opstieg an d'Promotioun ereischt am Barragematch verpasst.
Dofir kommt Alleguer den nächsten Sonnden um 16h00 op Schieren eis Equipe ufeieren. 💙🤍
GOOOO MINERVA 🫰🫰🫰
16/08/2026
Haut um 16h00 spillen Mir eisen leschten Frendschaftsmatch geint Suessem.
Kommt roueg bis lanscht kukken wei eis Generalprouf verleeft, eier et dann nächst Woch lass geet mam Championnat 💙🤍💪
11/08/2026
📣 Mir brauchen Iech 🫵
De FC Minerva Lëntgen ass aktuell op der Sich no motivéierte Leit, déi Loscht hunn, sech aktiv an eisem Veräin anzebréngen 💙⚽
Mir sichen aktuell:
- Caissier
- Bénévolen fir eis Buvette/Fester
- Stadionspriecher
- Memberen fir eis Jugendkommissioun FC Minerva Lintgen
- Member fir an de Comité
All Hëllef zielt a mécht en Ënnerscheed!
Zesumme kënne mir eise Veräin weiderentwéckelen an eise Kanner, Jugendlechen a Memberen e flott Veräinsliewe bidden.
👉 Bei Interesse kënnt Dir eis gär kontaktéieren oder Iech bei engem Member vum Comité mellen.
09/08/2026
Domat wier Coupe du Centre 2026 "Philippe Ciancanelli" oofgeschlosss.
Mir soen all den Participant'en, esou wei den Supporter an all eisen Bénévolen een Groussen Merci.
💙🤍💙🤍
Nächsten Sonnden spillen Mir nach een Frendschaftsmatch um 16h00 geint Suessem, eier et dann serieux gett an Championnat agelaud gett.
07/08/2026
Den Owend kann Lorentzweiler sech 3-0 geint Miersch duerchsetzen.
Domat stin d'Finalen vum Sonnden dann elo fest.
Um 16h00 spillt FC Marisca Miersch geint FC Stengefort fir 3.te an 4.te Plaz.
Um 18h00 spillen dann den FC Minerva Lëntgen geint den FC Lorentzweiler an der grousser Final vun der Coupe du Centre "Philippe Ciancanelli"
Kommt bis lanscht d'Equipen ennerstetzen. 💙🤍🧡💙💛💙❤️🤍
Den Grill ass op an d'Entrée kascht fir beid Matcher 5€