20/08/2026
🔴⚫ ENDLECH GEET ET ERËM LASS! ⚽🔥
No 6 intensive Woche Preparatioun, villen Trainingen an enger Rei Testmatcher ass et dëse Sonndeg esou wäit:
👉 Eis 1. Härenekipp start an de Championnat 2026/2027!
📍 Éischten Optrëtt: auswäerts am Pafendall -Sonnden 23.08.
- 16 Auer
Déi lescht Wochen hunn eis Spiller genotzt, fir sech op déi nei Saison virzebereeden. Elo ass d’Preparatioun eriwwer – ab e Sonndeg zielt et! 💪⚽
An dobäi ziele mir natierlech och op IECH! ❤️🖤
Eis Supporter hunn d’Ekipp ëmmer nees zahlräich begleet an ënnerstëtzt. Mir hoffen, datt der och dës Saison nees hannert eiser Ekipp stitt – doheem an auswäerts!
⭐ Nach keng GOLDENKAART?
Dir kënnt är Goldenkaart fir d’Saison 2026/2027 nach ëmmer reservéieren a vun de ville Virdeeler bei eisen Heemmatcher profitéieren. https://www.fckielen.lu/golden-card-fc-kielen-268240v4
⚽ MATCHBALL SPONSORING
Och fir eis Matchbäll sinn nach ronn eng hallef Dose Matcher fräi. Wien den FC Kielen op dës Manéier ënnerstëtze wëll, kann sech nach aschreiwen. https://www.fckielen.lu/donateurs-matchball-23-24-266529v4
D’Preparatioun ass eriwwer. Elo geet et ëm Punkten! 🔥
Mir freeën eis op är Ënnerstëtzung an hoffen, iech e Sonndeg am Pafendall ze gesinn!
ALLEZ KIELEN! ❤️🖤
17/08/2026
Eis Matcher an der Coupe ⚽️🖤❤️⚽️
🖤❤️
14/08/2026
🔴⚫ LESCHTEN TESTMATCH VIRUN DER REPRISE! ⚽
E Sonndeg steet fir eis Seniors 1 dee leschten Test virum Championnatsoptakt um Programm.
🆚 CS Gréiwemaacher – FC Kielen
📅 Sonndeg, 16.08.2026
⏰ 16:00 Auer
📍 Stade op Flohr – Terrain 2
Eng lescht Geleeënheet fir Rhythmus ze sammelen, éier et eng Woch méi spéit nees ëm Punkten geet! 💪🔴⚫
👉 REPRISE: Sonndeg, 23.08. géint de Pafendall!
❤️🖤
12/08/2026
🔴⚫ 👉 TRANSFERNEWS FCK ✍️
WËLLKOMM, ERIC DAMSCHEN! 💪⚽
Den FC Kielen ass frou matzedeelen, datt den Eric Damschen sech eisem Veräin ab der Saison 2026/2027 uschléisst.
Schonn a jonke Jore war den Eric mam FC Mamer 32 an der Éierepromotioun aktiv. Duerno huet hien säi Studium an Éisträich absolvéiert a parallel dozou och beim LAC-Inter zu Wien Fussball gespillt.
Elo féiert säi Wee zeréck op Lëtzebuerg an op Kielen. Mir si frou, datt den Eric sech fir de FC Kielen entscheet huet a si iwwerzeegt, datt hien eis Ekipp mat senge Qualitéite verstäerke wäert.
Mir freeën eis, den Eric geschwënn an de rouden a schwaarze Faarwen um Terrain ze gesinn.
Wëllkomm beim FC Kielen, Eric! ❤️🖤
⚽🔥
11/08/2026
👉 Nächsten Testmatch zu Kielen um 20 Auer den 12.08.♥️🖤
(Net geint Suessem ewei um Programm firgesin). Vum Geigner oofgesoot.
09/08/2026
🏆❤️🖤 FC KIELEN GEWËNNT D’COUPE LUSS PLÜMER! ❤️🖤🏆
E schéinen Ofschloss vun der éischter Coupe Luss Plümer zu Kielen!
Am Match ëm déi 3. Plaz setzt sech den FC Mënsbech mat 4:0 géint d’US Béiwen duerch.
An der Finall gewënnt eis Ekipp kloer géint den FC Koplescht 33. Domat bleift déi éischt Coupe Luss Plümer zu Kielen! 🏆❤️🖤
E grousse Merci un déi véier Ekippen, eis Sponsoren, eis Bénévolen an natierlech un all déi Leit, déi déi lescht Deeg laanschtkomm sinn.
❤️ E ganz besonnesche Merci geet un dem Luss seng Fra an seng Schwëster, déi eis an de leschten Deeg esou vill flott Fotoen, Momenter an Erënnerungen un de Luss mat eis gedeelt hunn. Doduerch war hien dës Deeg nach eng Kéier e Stéck méi no bei eis.
Eng Coupe fir de Luss – an Erënnerungen, déi bleiwen. ❤️🖤🏆
08/08/2026
⚽ Coupe Luss Plümer – d’Finall steet fest!
Déi 2. Halleffinall vun der Coupe Luss Plümer geet un den FC Koplescht 33.
Et war sécher kee qualitativ héichklassege Match, dat muss een éierlech zouginn. Koplescht war awer iwwer déi ganz Partie déi besser Ekipp a gewënnt dofir och verdéngt.
Domat steet d’Finall fest: E Sonndeg kënnt et zum Duell tëscht dem FC Kielen an dem FC Koplescht 33. ❤️🖤⚽
🏆 Sonndeg, 09.08. – Finaldag zu Kielen
⚽ 15:30 Auer: FC Mënsbech 🆚 US Béiwen – Match ëm déi 3. Plaz
🏆 17:30 Auer: FC Kielen 🆚 FC Koplescht 33 – FINALL
Zwee flott Matcher waarden also op iech! Kommt laanscht a verbréngt e flotte Fussballnomëtteg mat eis um Terrain zu Kielen.
Mir hoffen, iech muer alleguer ze gesinn! ❤️🖤🍻
06/08/2026
Virun ronn 130 Zuschauer geet den éischten Owend vun der Coupe Luss Plümer mat enger 4:2-Victoire fir de FC Kielen op en Enn. ❤️🖤
E grousse Merci un all d’Supporter fir déi flott Ambiance!
Um Freiden 07.08. um 19:30 Auer steet déi zweet Halleffinall um Programm:
⚽ FC Koplescht 33 🆚 US Béiwen
Do geet et ëm déi lescht Plaz an der Finall, déi e Sonndeg ausgedroe gëtt. Mir freeën eis nees op iech! 🍻⚽❤️🖤
06/08/2026
❤️🖤 Haut ass et esou wäit… ❤️🖤
Déi lescht Deeg hu mir mat iech e puer flott Erënnerungen un de Luss Plümer gedeelt. Fotoen, déi weisen, wéi en als Frënd, Spiller, Vizepresident vum FC Kielen eise Veräin iwwer vill Joren matgepräägt huet.
Haut geet et endlech lass mat der Coupe Luss Plümer. Mir invitéieren iech all häerzlech, laanscht ze kommen, e flotte Fussballowend mat eis ze verbréngen an dem Luss eng schéin Éier ze erweisen.
⚽ Haut um 19:30 Auer
FC Kielen 🆚 FC Mënsbech
Loosst eis zesummen e schéine Fussballowend am Gedenken un de Luss verbréngen. ❤️🖤🍻
05/08/2026
Ob um Fussballsterrain, beim Cabaret oder an der Buvette – de Luss war ëmmer mat Häerz a Séil dobäi. Mat him war et ni langweileg. Mir erënnere eis gär un déi schéi Momenter. ❤️🖤