23/04/2026
Déi éischten Editioun op dem neie Circuit ass trotz Startschwieregkeete gutt ofgelaft. An dank 🫵🏼 Participatioun konnte mer alleguerten e schéine Sonndeg verbréngen. 🌤️
Mir léieren aus eise Feeler an di nächsten Editioun wäert nach besser oflafen!🤭
Mir soen opallefall een decke Merci! 🙏🏽
18/04/2026
We are ready!
How about you?🫵🏼
Et gëtt e klengen Changement bei der Streck vun de Bambi 1/2/3! Fir de Recht ass alles beim aalen!
Mir freen eis op ierch!🫡
31/03/2026
Dëse Weekend waren déi éischt Stroossecourse vun der Saison zu Bech, organiséiert vum ACC Contern.🚴♂️
Samsdes um GP Francois Faber, bei stiermeschem Wierder, si 4 Coureure vun eis op den Depart gaangen.
Do ass den Dawson de gudden 15. insgesamt an den 4. Junior ginn an de Claude den 17. esouwéi 3. Master.🥉
Sonndes um Grand Prix Ost Fenster, ware 5 vun eise Coureuren um Depart. Bei der Elite ass de Rafael den 18. ginn. Bei de Masters de Claude den 13. a bei de Junioren den Dawson den 9.🙏
Am Général iwwer déi zwee Deeg huet den Dawson gewonnen!🏆💐
13/01/2026
Double Podium ob de Nationale Meeschterschaften zu Dikrech!🥈🥉
Bei de Junioren ass eisen Dawson Fehlen Pereira exzellente 2. ginn an konnt sech fir seng formidabel Cross Saison mat der Selwer-Medaille belounen!
Bei de Masters war eise Claude Wolter no un der Victoire. Gouf op der Linn vum Tommy Arnoldy an Pol Weisgerber geschloen. Domadder schléist hien seng Cross Saison op der 3. Plaz um Championnat of! 🥉
Félicitatiounen un all déi nei Champion'en an Championnen🏆
13/11/2025
Eisen duebele Champion (Strooss a Mountainbike) ass bei der Soirée des récompenses geéiert ginn!
Congrats Claude & ganz Ekipp!💥
12/11/2025
D'Cyclocross Saison ass voll am gaange fir den CT Kayldall.😎
No engem Weekend Allerhellegenpaus zu Letzebuerg, ass et dësen Weekend zu Brouch um Cross weider gaangen.
Hei ass de Christian bei de Masters de gudden 20. gin!
Bei der Elite gouf den Noah den 12. an de Philippe de 14.👍🏼
Am Ausland haten mir awer och Coureuren ënnerwee. Den Dawson ass no enger gudder 4. Platz leschten Weekend zu Epinal dësen Sonnden zu Middelkerke seng éischt Europameeschterschaft gefuer. Hei konnt hien um Schluss den 61. gi. Felicitatioun🤩
Bei eisem Master dem Claude rullt et aktuell och ganz gutt. No senge Victoiren déi läscht Wochen zu Hettange-Grande, Neuves-Maisons, Epinal a senger 3. Platz zu Marseille, konnt hien dësen Sonnden och zu Sarreguemines gewannen.🏆🏆 Domat bleift hie kloren Leader am Challenge Mosellan de Cyclo-Cross. Weider esou!🙏🏼😉
12/10/2025
Eis zwee Kayldaller Dawson Fehlen Pereira an Claude Wolter op der 2ter Plaz 🍂💥
We delivered!!!
09/10/2025
The track is open! 🍂🚴🏽♂️
D'Streck vum Cross ass oppen fir den Training! Passt op Foussgänger an d'Autoen op!
Bis e Sonnden💥
07/10/2025
Umeldungen fir eis zwee Crossen fannt dir um Site vun der FSCL!
Mir freen eis op iech💥🚴🏽♂️
06/10/2025
Successful Weekend 💥
Eisen Dawson gouf zu Perl (DE) den 3. um Samschden an de 5. um Sonnden!
Bei de Masters gëtt den Claude Wolter gewënnt de Claude Wolter! 🤫😎