08/07/2026
💪 𝗙𝗜𝗧 𝗢𝗨𝗧𝗗𝗢𝗢𝗥 𝗺𝗮𝘁 𝗱𝗲𝗿 𝗣𝗲𝗿𝘀𝗼𝗻𝗮𝗹 𝗧𝗿𝗮𝗶𝗻𝗶𝗻𝗴 𝗔𝗰𝗮𝗱𝗲𝗺𝘆 – 𝗦𝗶𝗱𝗱 𝗱𝗼𝗯𝗮̈𝗶! ☀️🌿
Start de Feierowend mat enger Portioun Beweegung an der frëscher Loft! Kommt haut op eis Fit Outdoor-Seance mat der PTA - Personal Training Academy am Kader vum 𝗠𝗢𝗩𝗘 𝗧𝗛𝗘 𝗦𝗨𝗠𝗠𝗘𝗥 a loosst Iech vun der gudder Atmosphär matrappen. Egal ob Dir reegelméisseg Sport maacht oder einfach eppes Neies ausprobéiere wëllt – jidderee ka matmaachen.
D'Seancë fannen all Dënschde bis an de September era statt – Dir kënnt also zu all Moment dobäikommen.
📅 07/07, 14/07, 21/07, 28/07, 04/08, 11/08, 18/08, 25/08, 01/09, 08/09
🕡 18:30 Auer
📍 Campus Am Ale Bësch, Eschduerf
💵 D'Participatioun ass gratis.
👉 All Informatiounen fir d'Umeldung fannt Dir op: https://esch-sur-sure.lu/move-the-summer-2026/
_________________________________________
💪 𝗙𝗜𝗧 𝗢𝗨𝗧𝗗𝗢𝗢𝗥 𝗮𝘃𝗲𝗰 𝗹𝗮 𝗣𝗲𝗿𝘀𝗼𝗻𝗮𝗹 𝗧𝗿𝗮𝗶𝗻𝗶𝗻𝗴 𝗔𝗰𝗮𝗱𝗲𝗺𝘆 – 𝗥𝗲𝗷𝗼𝗶𝗴𝗻𝗲𝘇-𝗻𝗼𝘂𝘀 ! ☀️🌿
Terminez votre journée en faisant le plein d'énergie en plein air ! Rejoignez-nous pour une séance de Fit Outdoor avec la PTA - Personal Training Academy, dans le cadre de 𝗠𝗢𝗩𝗘 𝗧𝗛𝗘 𝗦𝗨𝗠𝗠𝗘𝗥. Que vous soyez sportif régulier ou que vous souhaitiez simplement essayer une nouvelle activité, tout le monde est le bienvenu !
Les séances ont lieu tous les mardis jusqu'au mois de septembre. Vous pouvez nous rejoindre à tout moment.
📅 07/07, 14/07, 21/07, 28/07, 04/08, 11/08, 18/08, 25/08, 01/09, 08/09
🕡 18h30
📍 Campus Am Ale Bësch, Eschdorf
💵 Participation gratuite
👉 Toutes les informations et inscriptions sur : https://esch-sur-sure.lu/move-the-summer-2026/
29/06/2026
Outdoor Training fir Move the Summer! Scannt den QR Code op https://esch-sur-sure.lu/move-the-summer-2026/ fir an eis Whatsapp Grupp ze kommen! Den 07/07/2026 geet et lass! 😎🤩
☀️ 𝗠𝗢𝗩𝗘 𝗧𝗛𝗘 𝗦𝗨𝗠𝗠𝗘𝗥 𝟮𝟬𝟮𝟲 – 𝗦𝗣𝗢𝗥𝗧, 𝗡𝗔𝗧𝗨𝗥 & 𝗦𝗣𝗔𝗔𝗦𝗦! 🏃♀️🚣♂️🧘♂️
Ëmgi vun der Natur am Häerz vum Naturpark Öewersauer proposéiere mir iech de ganze Summer iwwer ofwiesslungsräich kierperlech Aktivitéiten, déi Freed maachen, gutt doen a fir vill Spaass suergen.
✨ All Aktivitéite si GRATIS a fir all Alter!
🧘♀️ Yoga mam Sarah Cattani
🏋️♂️ Outdoor Fitness mat der PTA - Personal Training Academy
🤸 Réckegymnastik, Yoga meets Pilates & Bowling mat Inter-Actions asbl - Club Uewersauer
🎪 Zirkus-Workshop mam Jonn Happi
🛶 Stand-Up Paddle & Canoe am Youth hostel Lultzhausen
🚴 Vëlo Summer & Vëlo.lu
🥾 Ranger-Wanderungen & Wanderungen ronderëm de Stauséi mat dem Naturpark Öewersauer
🏓 Pickleball mat dem Tennis Club Nordstad
📅 De ganze Programm ass elo ONLINE:
👉 https://esch-sur-sure.lu/loisirs-tourisme/move-the-summer/
24/04/2026
𝗣𝗧𝗔 𝗢𝘂𝘁𝗱𝗼𝗼𝗿 𝘅 𝗙𝗲𝗶𝗲𝗿𝗱𝗲𝗲𝗴
Mir bidden un de 4 Mee Feierdeeg jeeweils en Outdoor Training vun 10 00 bis 11 00 un. No dem groussem Erfolleg vun eisen Télévie Traininge konnte mer d Leit net hänke loossen! En plus fir d Bierger vun der Gemeng Feelen leet d Gemeng 5€ pro Training bäi! Nëmme go! All Infoen einfach e Message un eis 📧
0⃣1⃣/0⃣5⃣ + 0⃣9⃣/0⃣5⃣ + 1⃣4⃣/0⃣5⃣ + 2⃣5⃣/0⃣5⃣/2⃣0⃣2⃣6⃣
21/04/2026
𝗣𝗧𝗔 𝘅 𝗧𝗲́𝗹𝗲́𝘃𝗶𝗲 𝗙𝗲𝗲𝗹𝗲𝗻 𝟮𝟬𝟮𝟲
Mir si super frou dat mir 950€ duerch eis zwee Outdoor-Traininge sammele konnten. Dozou kommen dann d 500€ vum Betrib fir op déi Zomm vun 𝟭𝟰𝟱𝟬€ ze kommen. Merci fir de Support! Et huet eis immens Spaass gemaach an haalt en Aen op fir weider Outdoor-Traininge vun der PTA! ❤️
Spoiler: 01/05 + 09/05 + 14/05 + 25/05