Tennis Club Grevenmacher

Tennis Club Grevenmacher

Partager

Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Tennis Club Grevenmacher, Court de tennis, Promenade de la Moselle, Grevenmacher.

Welcome to Tennis Club Grevenmacher!
📍 Local tennis club in the beautiful Mosel region, Luxembourg
🎾 4 outdoor (clay) and 4 indoor (granulate) courts
🤝 Open to everyone—feel free to join us!

Photos from Tennis Club Grevenmacher's post 20/08/2026

No enger intensiver Turnéierwoch mat bal 100 Matcher ass virun 3 Wochen eise U12 Mosel Cup by erfollegräich op en Enn gaangen. Häerzleche Gléckwonsch un all d’Participanten! Maacht weider esou! 🎾👏

Eis Gewënnerinnen a Gewënner:

U12 Jongen Eenzel
🏆 Matti Wenner 🇩🇪
🥈 Pierre Dissler Lutz 🇫🇷

U12 Meedecher Eenzel
🏆 Louise Agoudjil 🇫🇷
🥈 Ina Palamar 🇱🇺

U12 Jongen Duebel
🏆 Eden Ciron & Rafael Tambuté
🥈 Hugo Clement Bost & Alejandro Romero Peralta

U12 Meedecher Duebel
🏆 Louise Agoudjil & Ina Palamar
🥈 Albane André & Camille Sublieau

E grousse Merci geet och un all Spillerinnen a Spiller, Elteren, Coaches, Volunteers, Arbitterinnen an Arbitteren, souwéi un eis Sponsoren a Partner, déi dës fantastesch Turnéierwoch méiglech gemaach hunn🙏

Tennis Europe

Photos from Tennis Club Grevenmacher's post 01/08/2026

Dëst sinn eis 8 Unified-Teams, déi haut schonn hir éischt Matcher gespillt hunn an an zwou Gruppen ugetruede sinn. All Ekipp huet 3 Matcher gespillt mat ville spannende Ballwiesselen, vill Asaz a virun allem vill Freed um Terrain 🤝🎾

Muer geet et weider mat den nächste Matcher an natierlech mat der grousser Final 🌟🏆

E grousse Merci un , an un all d’Sponsorë fir hir Ënnerstëtzung a fir datt si dësen Tournoi méiglech maachen ❤️

Mir freeën eis op muer! 🎾

Photos from Tennis Club Grevenmacher's post 01/08/2026

Kommt bis laanscht op d'Musel!☀️🤝🎾

31/07/2026

Nodeems mir d'lescht Joer niewent eisem Tennis Europe Tournoi fir d'éischte Kéier e Unified Doubles Tournoiorganiséiert hunn, freeë mir eis, och dëst Joer erëm an Zesummenaarbecht mat Special Olympics Lëtzebuerg esou en Tournoi auszedroen❤️

Nom Tournoi d'lescht Joer war fir eis séier kloer, datt mir dëst flott Evenement op alle Fall nach eng Kéier organiséiere wollten. Beim Unified Doubles spillt ëmmer eng Persoun mat enger geeschteger Behënnerung zesumme mat enger Persoun ouni Behënnerung. D'Gewanne steet dobäi éischter am Hannergrond. Vill méi geet et ëm de Spaass um Tennis, d'Begeeschterung fir de Sport an d'Inklusioun🤝

Kommt gären muer oder e Sonndeg laanscht a kuckt Tennis bei der Musel beim Camping! Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech och gesuergt🌭🍹

Donieft ginn e Samschdeg de Moien och d'Finalle vun eisem internationalen Tennis Europe Tournoi an der Kategorie U12 gespillt. Et gëtt also op alle véier Terrainen spannende Tennis an eppes ze kucken!👀

Special Olympics Luxembourg
Wonschstär
Ville de Grevenmacher
FLT - Fédération luxembourgeoise de tennis

Photos from Tennis Club Grevenmacher's post 14/07/2026

Nodeems mir d’lescht Joer am Kader vun iisem 50. Anniversaire déi éischt Kéier een inklusiven Tennistournoi ausgedroen hunn, freeë mir eis ganz besonnesch, och dëst Joer den 1. & 2. August nees eisen inklusiven Unified-Tennistournoi ze organiséieren.

Dat Besonnescht um Unified-Konzept: Am Duebel spillt ëmmer eng Persoun mat enger geeschteger Beanträchtegung zesumme mat enger Persoun ouni Beanträchtegung an engem Team. Si trieden zesumme géint aner Unified-Duebelen un. Dobäi steet net d'Gewannen am Mëttelpunkt, mee vill mei den Teamgeescht, d'géigesäiteg Ënnerstëtzung, de Fairplay an d’Freed um Tennis.🤝

Den Tournoi vum leschte Joer huet eis op beandrockend Aart a Weis gewisen, wéi staark de Sport Mënsche verbënnt. Vill häerzerwiermend Momenter, stralend Gesiichter an d’Begeeschterung vun alle Participanten a Spectateuren hu gewisen: Dat musse mir onbedéngt widderhuelen!❤️

Encadréiert gëtt dësen Tournoi vun eisem internationalen Tennis Europe Jugendtournoi. Vum 27. Juli bis den 1. August triede Spillerinnen a Spiller ënner 12 Joer géinteneen un, a vum 3. bis den 8. August ass d’U14 un der Rei.

Kommt gär laanscht a verbréngt mat eis e puer flott Deeg voller Tennis!☀️

📆 Datumer

* U12: 27. Juli – 1. August
* Inklusiven Unified-Tournoi: 1. & 2. August
* U14: 3. – 8. August

📍 Tennis Club Gréiwemaacher

Special Olympics Luxembourg Wonschstär Ville de Grevenmacher

Photos from Tennis Club Grevenmacher's post 20/05/2026

Déi éischt Hallschent vum Championnat ass eriwwer! ✅

Hei d’Resultater:

U12 Filles: 3. Plaz Poule Champion Nat. I
U12 Jongen: 4. Plaz Poule Champion Nat. I
U12 Jongen II: 6. Plaz Poule B Nat. III
U14 Filles: Vize-Champion
U14 Filles II: 4. Plaz Poule Relegatioun Nat. I
U14 Jongen: 2. Plaz Poule Relegatioun
U14 Jongen II: 1. Plaz Poule Relegatioun Nat. II
U18 Filles: Vize-Champion
U18 Filles II: 4. Plaz Poule Champion Nat. I
U18 Jongen I: 1. Plaz Poule Relegatioun Nat. I
U18 Jongen II: 6. Plaz Poule A Nat. II
45+ Dammen: 2. Plaz Poule A Nat. II
45+ Hären: Vize-Champion

E grousse Merci un all Traineren an Eltere fir hiren Asaz an d’Ënnerstëtzung wärend der éischter Hallschent vun der Saison👏

Dëse Weekend geet et weider mat der zweeter Saisons-Hallschent mat den Erwuessenenekippen souwéi eisen U10- an U8-Ekippe bei de Jéngsten!👀

Mir wënschen weiderhin allen Ekippe vill Erfolleg🤝

Photos from FLT - Fédération luxembourgeoise de tennis's post 12/05/2026
Photos from Tennis Club Grevenmacher's post 20/04/2026

Virun zwou Woche war den Tennis Club Gréiwemaacher mat ronn 40 Membere fir seng järlech Interclub-Virbereedung zu Sissi op Kreta 🇬🇷

Trotz e puer onerwaarten Erausfuerderungen (ënner anerem engem staarke Sandstuerm) gouf intensiv trainéiert: Nieft vill Tennis stoungen och Koordinatioun an Athletik um Programm. Fir d’Kanner gouf et zousätzlech ofwiesslungsräich Aktivitéiten ewéi Padel, Aquagym an e Karate-Workshop.

Bei beschter Stëmmung a vill Spaass ass de Club elo optimal op d’Saison virbereet, déi fir d’Nowuessspiller an e puer Senioren-Equippe schonn de leschte Weekend gestart ass.

Merci un alleguer an virun allem un eis Trainer fir déi flott Woch, a mir wënsche jidderengem e gudde Start an eng erfollegräich Saison! 💪

Photos from Tennis Club Grevenmacher's post 31/12/2025

Mat dem Joer 2025 geet och e ganz speziellt Joer fir den Tennis Club Gréiwemaacher op en Enn: d’Jubiläumsjoer vum 50. Anniversaire.

Gegrënnt gouf den Tennis Club Gréiwemaacher am Joer 1975. D’Iddi koum vum Paul Schmitz, deen zesumme mat 13 weidere Membres fondateurs eng Versammlung organiséiert huet, fir Leit zesummenzebréngen, déi Interesse um Tennisspill haten. Zu där Zäit gouf et zu Gréiwemaacher nach keng Tennisterrainen, soudass de Gros vum Training am ale Centre Culturel stattfonnt huet. Am Summer ass een och heiansdo an d’Nopeschgemengen spillen gaangen.

Am Fréijoer 1978 goufen dunn zu Gréiwemaacher déi éischt dräi Tennisterrainen, ënne bei der Musel, gebaut. Am Wanter gouf weiderhin am Centre Culturel gespillt. Eréischt méi spéit, op Initiativ vum René Haas, deemolege Member am Gemengerot, gouf d’Tennishal Op Flohr gebaut, soudass och am Wanter op richtegen Tennisterrainen konnt trainéiert ginn.

Als Clubhaus huet am Ufank eng Baubud gedéngt, déi tëscht dem éischten Terrain an der Leiteschbaach stoung. Dat éischt richtegt Clubhaus, op der Plaz vum haitege véierten Terrain, gouf aus Stecker vun ale Büroe vun der Provencale gebaut. Am Joer 2014 ass dunn op där Plaz de 4. Terrain entstanen an en neit Clubhaus gebaut ginn.

Weider wichteg Momenter an der Clubgeschicht:

* Éischt Trainerin: Madame Eliane Radoux (1978–1984)
* Éischte Frou-Frou: Januar 1976
* Éischte Museltournoi: Juli 1987
* Éischte President: Monsieur Robert Weiler

Fir den Tennisveräin ze finanzéieren, hat de Paul Schmitz d’Iddi, e Fuesbal mam Numm Frou-Frou z’organiséieren. Dësen huet vun 1976 bis zur Covid-Pandemie all Joer stattfonnt a war mat immens vill Aarbecht a Benevolat verbonnen. Fir d’Veräinsliewen zousätzlech ze stäerken, goufen och vill Frëndschaftsmatcher an Ausflich am In- an Ausland organiséiert.

Och haut nach spillt de Benevolat an d'Veräinsliewen am Tennis Club Gréiwemaacher eng ganz wichteg Roll. Sou fuere mir all Joer zesummen an en Trainingscamp, hu mat engem Stand um Wäifest Präsenz a organiséieren zënter 2021 all Joer en internationale Jugendtournoi.

Haut zielt den TCG eppes méi wéi 400 Memberen a bitt mat dräi fest ugestallten Trainere ronn 120 Stonnen Training d’Woch un.

Mir soe Merci fir déi lescht 50 Joer, freeën eis iwwer e flotten Ofschloss vum Jubiläumsjoer 2025 a wënschen e gudde Start an d’neit Joer 2026!

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Grevenmacher ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse


Promenade De La Moselle
Grevenmacher