30/07/2026
Golfestival am éischten Test!
An engem verréckte Match packen et eis Jongen tëschenzäitlech no engem 0:3 Réckstand mat 4:3 a Féierung ze goen mee um Enn sollt et awer näischt ginn a mer verléieren mat 6:4.
Man of the Match op eiser Säit war ouni Zweiwel den Hayden deen dräi Goler schéisse konnt!
3:1 Hayden (37‘)
3:2 Hayden (45+1‘)
3:3 Kevin (45+2)
3:4 Hayden (55‘)
HAHOHE💙
09/03/2026
MATCHDAY!
Nom staarke Match vun der Drëtter ass et lo un der zweeter Ekipp fir nozezéien an de Weekend perfekt ze maachen! Op Besuch kënnt haut d‘CS Uewerkuer an zu Kanech probéiere mer alles fir déi dräi Punkten hat ze ginn!
HAHOHE💙
07/03/2026
Ganz wichteg Victoire!
Geschter konnt eis drëtt Ekipp eng enorm wichteg 4:1 Victoire géint Fiels feieren. Den Damien konmt eis Faarwen a Féierung bréngen an en Doppelschlag vun Hayden a Ricky hu vir d‘Virentscheedung gesuergt. Zum Schluss konnt den Thales dann schlussendlech den Deckel drop setzen.
Domat sprange mer op d‘aacht Plaz an iwwerhuelen eis Nopere vu Biwer a Mertert!
1:0 Damien (31‘)
2:0 Ricky (52‘)
3:0 Hayden (59‘)
4:1 Thales (90+4‘)
HAHOHE💙
06/03/2026
MATCHDAY!
Haut spillen eis Jonge vun der drëttet Ekipp doheem zu Maacher géint den Opsteiger Fiels. 6 Punkte Réckstand hu mer op de Géigner vun haut, mir kënne mat enger Victoire also e bëssen Drock opbauen!
Kommt eis Jongen ënnerstëtzen a suergt dofir dass mer eis éischt dräi Punkten an der Réckronm feiere kënnen!
HAHOHE💙
04/03/2026
Keen erfollegräiche Weekend fir eis zwou Ekippen…
E Freideg huet sech eis zweet Ekipp mat 3:7 zu Rëmeleng misse geschloe ginn an eis Drëtt ass zu Moutfort mat 0:4 nees heemgeschéckt ginn. E Freideg geet et weider mam Match zu Maacher gént Fiels!
HAHOHE💙
28/02/2026
MATCHDAY!
Nodeems eis zweet Ekipp gëschter de Spilldag ageleet huet (béid Resultater kommen zesummen an engem Post) ass et haut un der Drëtter drun!
Mir sinn haut zu Gaascht bei der US Moutfort a wëllen onbedengt déi nächst Punkten afueren!
HAHOHE💙
27/02/2026
MATCHDAY!
Eis zweet Ekipp wëll haut eng Serie starten an en zweete Match um Stéck gewannen. Dëst gëtt awer keng einfach Aufgab, mir fuere bei d‘US Rëmeleng, déi just ee Punkt hannert eiser Ekipp stinn. Et erwaart eis also e ganz schwéiere Match géint eng héisch motivéiert Heemekipp!
HAHOHE💙
25/02/2026
Cafafa-Show séchert eis dräi Punkten!
Geschter konnte sech eis Jonge mat 4:2 am Muselderby géint Réimech duerchsetzen an domat déi éischt Punkten am neie Joer afueren. Man of the Match war ganz kloer den Thomas, dee mat engem Hattrick an engem Assist un all Gol direkt bedeelegt war!
Domat iwwerhuele mer déi Réimecher an der Tabell a sprangen op déi fënneft Plaz!
1:0 Ivano (14‘)
2:0 Thomas (32‘)
3:0 Thomas (39‘)
4:2 Thomas (72‘)
HAHOHE!💙
24/02/2026
MATCHDAY!
Haut fänkt d‘Réckronn dann och fir eis zweet Ekipp endlech un. Zu Kanech empfänke mer haut d‘Union Réimech-Bous zum Muselderby!
An der Tabell trennen déi zwou Ekippe just zwee Punkten, mat enger Victoire kënne mer de Géigner vun haut also iwwerhuelen!
HAHOHE💙
21/02/2026
Leider keen erfollegräiche Start an d‘Réckronn.
Individuell Feeler hunn dofir gesuergt dass mer schnell mat 0:2 a Réckstand gerode sinn mee de Ricardo konnt nach virun der Paus no enger schéiner Aktioun mam Hayden op 1:2 verkierzen. An der zweeter Hallschent gouf et fir béid Ekippen net méi vill Chancen an den Eric konnt mat engem gehalenen Eelefmeter den 1:3 verhënneren. Domat musse mer eis dem FC Tricolore Gasperich leider geschloe ginn, an en Dënsdeg kritt d‘Zweet d‘Chance et besser ze maan a spillt fir de Réckronnenoptakt géint Réimech!
HAHOHE💙