26/08/2026
✨Wämper Triathlon✨
Och dëst Joer waren d’CAPA-Faarwen nees gutt vertrueden um traditionellen Olympeschen Triathlon zu Wäiswampech! 🏊♂️🚴♂️🏃♂️
Mat dobäi den René Majerus an den Nicolas Berkes, dee seng PB op senger Traditiounsstreck ëm ronn 4 Minutte verbessere konnt. 💪
🏁 Nicolas Berkes: 2h41 – PB!🙌🏆
🏁 René Majerus: 2h48
Wäiswampech bleift en Triathlon mat Häerz a familiärem Charakter: usprochsvoll Streck, perfekt Konditiounen an eng super Stëmmung. 💜
Vläicht eng kleng Motivatioun fir eis CAPA Juniors, d’nächst Joer och emol Triathlon-Loft ze schnupperen? 😉
Et lount sech!
24/08/2026
Ettelbrécker Stadlaf : Iwwer 10 Kilometer geet et vum Däich iwwert d'Vëlospist duerch den Uelzechtpark an d'Häerz vun der Stad Ettelbréck. Duerno geet et iwwer Grenzen laanscht d'Biertrenger Schlass bis op Welsdref ier de Wee nees Richtung Ettelbréck dréint!
Mellt Iech elo un: https://my.raceresult.com/415851/registration
20/08/2026
Den Ettelbrécker Stadlaf ass eng Course fir jiddereen: Kannerlaf, 5 Km oder 10 Km!
Kommt Sonndes de 25. Oktober op den Ettelbrécker Stadlaf!
D'Umellungen sinn elo op: https://my.raceresult.com/415851/registration
Ettelbrécker Stadlaf
25. Oktober 2026 - 5km - 10km - Kannerlaf
20/08/2026
✨Ironman Duisburg✨
De Max war de Weekend op sengem zweete 70.3 Ironman vun der Saison 💪
Ganz staark Leeschtung weider sou 💜
Hei ee klenge Recap am Max sengen eegene Wieder ➡️
Super zefridde mam IRONMAN 70.3 Duisburg! 4:25:01, 16. a menger Altersklass a 76. overall vu knapp 2400.Ouni Erwaardung op e WM-Slot hunn ech deen dunn um Enn knapp ëm 2 Plaze verpasst. E bësse schued, mee virun allem Motivatioun: D’70.3 WM ass definitiv en Zil fir déi nächst Joren!
13/08/2026
✨ European Championships Birmingham ✨
D'Patrizia ass e Méindeg den Owend zu Birmingham op der EM gelaf 🤩
Duerch seng gutt Zäiten déi hatt an der Saison gelaf ass misst et Moies fir d'Serien net un de Start goen a war direkt an der Halleffinall, an där hat sech mat 11.08 déi 2 Plaz an domat eng direkt Qualifikatioun an d'Final geséchert hat 💪
An der Final ass hat dunn nach eng Kéier eng schnell Course gelaf!
11.10 stoung schlussendlech um Chrono an domat eng 6. Plaz fir d'Patrizia op der EM 👏
Bei sou enger Competitioun hu mir natierlech och ee Mini-Interview vum Patrizia 🎙
🎙 Virun 3 Woche bass du heiheem um INS d'Championnat gelaf, wéi fillt sech dat un doheem ze lafen, wann een déi ganz Saison nëmme ganz renomméiert Coursë leeft?
Ech lafe gären zu Lëtzebuerg a wëll mir dat net entgoe loossen, virun allem well et leider nëmmen 2–3 Mol am Joer méiglech ass.
🎙 Bass du zefridde mat dengem Resultat vun der EM?
Generell sinn ech zefridde mat menger Leeschtung op der EM, wann een de Kontext berécksiichtegt, dass ech de ganze Summer geplot war. Natierlech ass et net dat Resultat, dat ech fäeg sinn ze lafen, wann ech kierperlech besser a Form sinn.
🎙 Wann e jonken Athlet/Athletin dech géif no engem eenzege Rot froen, wat géifs du him mat op de Wee ginn?
Ech géif engem jonken Athlet oder enger jonker Athletin gären op de Wee ginn, u sech selwer ze gleewen an de Spaass um Training an um eegene Fortschrëtt ze behalen.
12/08/2026
Den 8. August huet de CAPA Open stattfonnt. Hei fannt Dir e puer Andréck!
11/08/2026
✨CAPA OPEN✨
Klengen Recap vun eisem Meeting en Samschdeg am Deich 🤩
Fir alleguer déi, déi net méi am Tageblatt Alter senn hunn en Samschdeg hiren leschten Meeting vun der Saison Doheem zu Ettelbréck oofgeschloss, et war een schéinen Meeting mat nach puer ganz gudden Resultater 💪
Gutt geschafft a weider sou 💜
Results:
- Manu Angelsberg | 75m | 11,34 (PB)
- Tim Hensel | 75m | 11,35
- Lena Soares | 75m | 11,92
- Laura Ferreira | 110m | 13,46
- Faber Haagen Louis | 100m | 11:30 (PB)
- Julien Losch | 100m | 12,33
- Hemmer Charel | 100m | 12,64
- Malou Hansen | 200m | 30,69
- Julien Losch | 200m | 24,80
- Manu Angelsberg | Longjump | 4,08m (PB)
- Tim Hensel | Longjump | 3,68m (PB)
- Lena Soares | Longjump | 3,82m
- Nils Liefgen | Longjump | 6,68m
- Laura Ferreira | Longjump | 4,38m (PB)
- Charel Hemmer | Longjump | 5,13m
- Malou Hansen | Longjump | 4,14m
📷 Henri Weyer