Jonk Léiwen Lëtzebuerg

Jonk Léiwen Lëtzebuerg

Partager

🔴🦁⚔️🇱🇺

11/06/2026

De Match fier de Gudden Zweck

Dësen Sonnden ass et souwäit ; De Gala - Derby zu Beetebuerg zwëschen Letz.Fussnews an 12teMann fier de Gudden Zweck!

🕛 Dieren ab 12 Auer

📍Stade Municipale Beetebuerg

Mir sinn dobäi an hoffen, kënnen deen een oder aaneren vun Ierch ze begéinen! Fier Iessen a Gedrënks ass gesuergt, d' Entrée ass gratis, maacht eppes fier de gudden Zweck, an ëppes ze gewannen gëtt et och👀

Fier weider Infos kuck bei Letz.fussnews & 12te Mann laanscht!

An deem Sënn; Bis dann! 🔴🦁⚔️🇱🇺

07/06/2026

Eng läschte Kéier fier dës Saison 🔴🦁⚔️🇱🇺

An eng läschte Kéier fier d' Amy Thompson an d' Andreia Machado! En Dënschten um 19 Auer, Rendez-vous op der Grenz!

04/06/2026

Jonk Léiwen on tour 🔴🦁⚔️🇱🇺

Muer de Moien schellt de Wecker, an da geet et och schon ob den Tour fier eis Léiwinnen zu Leuven ze ënnerstëtzen!

15/04/2026

Net d'Kiischten vum Kuch plécken - Och emol d' U18 kucke goen 😉

Huel se roude Léiw 🔴🦁⚔️🇱🇺

23/03/2026

Moien alleguer 🦁
Et as erem souweit t'Jonk Leiwen Sinn Rem do 🥳Mir freen eis op äer Ennerstetzung - an zwar beim U21 Lännermatch zweschen Lëtzebuerg an Frankräich

Stade Municipal de la Ville Differdange

Dir sidd gebieden, soufern dir der hudd, all äer Schaaler matzebrëngen.
Die jeineg, dei net mat an Malta ginn, kommt laanscht, ennerstëtzt Eis Rout Leiwen, Mir frëeen Eis op ierch 🔴🦁⚔️🇱🇺

26/02/2026

Moien alleguer 🦁

D'Jonk Léiwen rem sinn do!🎉
Mir frëeen eis ob eisen éischten Optrëtt bei der Fraennationalekipp - an zwar beim Match vun den Léiwinnen géint Schottland 🏟⚽️

📍Stade Emile Mayrisch zu Esch sur Alzette

Mir treffen eis ab 16 Auer, op der Gemenge Platz Dir sidd gebieden, soufern dir der hudd, all äer Schaaler matzebrengen.

Kommt laanscht, ennerstetzt eis Léiwinnen a feiert dese Match mat eis. Mir freeen eis op iech! 🔴🦁⚔️🇱🇺

11/02/2026

Moien alleguer 🦁

D’Jonk Léiwen sinn do! 🎉
Mir freeën eis, eisen éischten Optrëtt
unzekënnegen – an zwar beim Match vun den U19 Léiwinnen géint Bosnien 🏟️⚽

📍 Stade Albert Berchem zu Kehlen

Mir treffen eis ab 16 Auer, um Bussarrêt "KEHLEN, Schaarfeneck"
Dir sidd gebieden, soufern dir der hudd, all äer Schaaler matzebrëngen.

Kommt laanscht, ënnerstëtzt eis jonk Léiwinnen a feiert dëse spezielle Moment mat eis. Mir freeën eis op iech! 🔴🦁⚔️🇱🇺

07/01/2026

Mir sinn t' Jonk Léiwen Lëtzebuerg, eng kleng nei Fangruppeierung, dei virun allem bei den U Léiwen a Léiwinnen an bei den A Léiwinnen, awer och an Zukunft am L Block am Léiwepark wäert unzetreffen sinn. Dir fannt eis op Instagram, Facebook an TikTok. Eisen eischten Match wäerten t' U19 Léiwinnen géint Bosnien sinn, den 27.02 (Auerzait an Platz ginn nach bekannt ginn). Mir frëen Eis iwwert all Mensch den sech eis uschleisst. Roude Léiw Huel Se! 🔴🦁⚔️🇱🇺

Fals interess besteht beizetrieden oder bei Froen schreiwt eis einfach, mir baissen net 🔴🦁⚔️🇱🇺

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Differdange ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Type

Site Web

Adresse


Differdange