DT Lenneng

DT Lenneng

Partager

Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de DT Lenneng, Équipe sportive, Canach.

Photos from DT Lenneng's post 22/06/2026

Dëse Weekend war eist Duerffest, an dat scho fir déi 3. Kéier zu Lenneng am Schoulhaff. 🎉 Mat sonnegem Wieder ☀️ a gudder Stëmmung hu mir 2 flott Deeg verbruecht.

E grousse Merci un eis Sponsoren, u jiddereen dee gehollef huet an all Mënsch deen de Wee bis bei eis fonnt huet! Mir freeën eis schon op d’nächst Joer! 🍻

Haut den Owend sti mir och nees beim Grill, an dat zu Kanech bei der Gemeng um Vierowend vu Nationalfeierdag 🇱🇺

ALLEZ LENNENG ❤️

20/06/2026

Wee bass du a wou hëllefs du um Duerffest? 🍻🏓

Gëschter war den éischten Dag vun eisem Duerffest zu Lenneng am Schoulhaff ☺️! Haut ass Dag 2. Kommt op Lenneng an de Schoulhaff, ab 16h si mir fir Iech do 😇

19/06/2026

Fir eist Duerffest hu mir d’Wiss hannert der Schoul zur Verfügung als Parking 😊
Dir kënnt also gären do parken 😎 d’Entrée fir an d’Wiss ass an der Rue de Canach. Hei nach emol gezeechent.

Bis geschwënn ☀️🍻

17/06/2026

Kommt dëse Weekend bei eis op d’Duerffest, mir hunn och e flott Sprangschlass fir eis méi jonk Gäscht 👧🏼🧒🏽🎊

🚨19. & 20. Juni 2026, zu Lenneng am Schoulhaff🚨

15/06/2026

Sidd dir och net sou talentéiert am grillen? 🥴 da kommt dëse Freiden & Samsden bei eis op d’Duerffest ☺️

🚨FREIDES 19. & SAMSDES 20. JUNI 🚨

13/06/2026

Loscht op ee kale Béier 🍺 oder dach ee gudde Rosé vun eisem Sponsor Domaine Viticole Keyser-Kohll? 🍷 da kommt d‘nächste Weekend bei eis an de Schoulhaff op eist Duerffest 🌭

11/06/2026

Loscht op ee frëschen Eisekuch mat Zocker, Äerdbieren oder Schlagsahn? 🍓🧇

Da kommt den 19. & 20. Juni bei eis op Duerffest zu Lenneng am Schoulhaff 🚨

Dëst Joer sinn eis berühmten Eisekuchen souguer scho Freides ze kréien 😋

09/06/2026

DUERFFEST ZU LENNENG AM SCHOULHAFF: 19. &20. Juni 2026 🥳🌭🍺

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Canach ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Site Web

Adresse


Canach