21/07/2026
💥Waarker Kiermes💥
Op der 8. Editioun läschten Sonnden vun der Waarker Kiermes waren Membrem vum Klub aktiv an engagéiert fir d' Kanner beim " Cajot staplen " ze sëcheren. 🤘
En chargéierten Weekend fir de KKB. 😅
15/07/2026
💥 FAMILY DAY 💥
Als Oofschloss vun der Saison hu mir op den traditionellen FAMILY DAY invitéiert.
Bei entspaanter Ambiance hunn d Membren wei och hir Famill Moies Atelier'en gemaach an Mettes zesummen gegrillt.
Merci u jidereen deen Deel geholl huet an eng Hand ugepaack huet.
Genéist är Vakanz 😀
12/07/2026
🔥Ape-X Open Challenge am BlocX🔥
(Nationalt Championat am Boulderen)
D' Martine get bei den Masters Vice Championne, an d' Nadja kent op dei 3 Plaatz.
De Felix ass Champion an der Kategorie U13.
De Lee ass Vice Champion an der Kategorie U19.
Den Théo kent op dei 3. Plaatz an der Kategorie U17.
Den Jason kent op dei 6. Plaat an der Kategorie U15.
D' Elly ass Vice Championne an der Kategorie WU11.
D' Marie ass op dei 3. Plaatz komm an der Kategorie WU17.
D' Ketty ass op dei 3. Plaatz komm an der Kategorie WU13.
🥳 E super Resultat mat 8 Podiums Plaatze fir eise jonke Club🥳
06/06/2026
Haut war e sportlechen Dag fir eist Competitiouns-Team! 💪🏆
Mir hunn als Éischt um Kids Fun Cup zu Zolwer deelgeholl, wou eis Team mat vill Motivatioun, Asaz a flotte Leeschtungen iwwerzeegt huer.👏
Duerno ass et direkt weider gaangen op d'Nuit du Sport zu Biissen, wou mir de sportlechen Dag an enger flotter Ambiance ofgeschloss hunn. 🌟
E grousse Merci un all eis Team Memberen. Mir si stolz op iech all!
03/06/2026
Kommt dësen Samsten, 6. Juni an d Sportshaal um Klengbousbierg.
Mir assuréiren op der Nuit des Sports d'Klammwand vun 17h - 22h .
De Countdown fir d’ du Sport de 6. Juni leeft! ⏱️
📍 um Sportscomplex zu Biissen
⏰ vun 17-22 Auer
➡️ Programm: www.nuitdusport.lu/programme
Zesumme mat de Veräiner an Associatiounen aus eiser Gemeng erwaart
iech e villfältege Programm mat Aktivitéiten a flotten Challenges 💪🏼
Maach mat a probéier aus! 💙
25/05/2026
Puer Impressioune vun eisem Fun Cup 2026 Masters. Ee flotten Owend enner Frënn 🤩 Klammklub Uelzechtdall
23/05/2026
Den KKB Bissen gratuleiert dem FC Atert Biissen häerzlech fir déi staark Leeschtung haut an zum verdéngte Championstitel an der BGL Ligue 2025/2026! ⚽🏆
22/05/2026
Geschter Owend huet eis Fédératioun ( FLERA ) hir AG bei eis zu Biissen an der Buvette oofgehaal.
E flotten Échange no der AG bei engem Éirewäin deen eis vun der Gemeng Biissen zur Verfügung gestallt ginn ass