25/08/2026
🔥 TRANSFER NEWS! 🔥
Mir freeën eis, d’Maria Borrelli beim Handball Käerjeng begréissen ze kënnen! 💚
D’Maria wiesselt vum HBD bei eis a wäert eis op der lénkser Band verstäerken. 🤾♀️💪🏼
Wëllkomm beim HBK, Maria! 🦁
Mir wënschen dir eng erfollegräich Saison! 💪🏼💚
24/08/2026
💚🤍 Wëllkomm beim HBK, Fabi! 🦁
Mir freeën eis d’Fabienne Thiry als nei Verstärkung bei eisen Dammen begréissen ze kënnen! 🤾♀️🔥
Fabi, mir wënschen dir vill Erfolleg, vill Freed an eng schein Zäit am HBK-Trikot! 💚
23/08/2026
Eis Dammen gewannen hiere Frëndschaftsmatch mat 40:37 géint Wittlich💚💪🏼
No enger duerchwuessener éischter Halschent an e puer defensive Problemer hu si an der zweeter Halschent eng 7 Goaler Remontada higeluecht an domat en turbulente Match fir eis Faarwen entscheed💚
Lo sinn d‘Aaen op de nächste Weekend geriicht, wou et de Samsden 29.08 um 15:00 géint Diddeleng am Lodyss Supercup geet👀
Mir als HBK freeën eis op eng hoffentlech voll Hal an all eis Supporter a gréng💚
HBK🦁💚
22/08/2026
Next Game💚
De nächste Frëndschaftsmatch vun eisen Dammen steet un!
Mua den 23.08 um 15h um Dribbel géint Wittlich💪🏼
D‘Buvette ass natierlech op, kommt eis Ekipp gären ënnerstëtzen🙏🏼
HBK💚🦁
22/08/2026
25:33 trennen sech eis dammen géint eng staark Ekipp vu Wildungen mam Trainer Zoran Radojevic
Am Ufank hu sech eis Dammen et géint eng aggressiv Verteidegung schwéier gedo, hunn awer no 15min besser an de Match fonnt
Aus dësem Match kann ee vill rauszéihen an sech direkt op den nächsten Test, mua den 23.08 um 15:00 géint Wittlich um Dribbel fokusséieren💚💪🏼
Merci un eis Supporter‘en di an der Hal waren!
HBK💚🦁
20/08/2026
Leider verléiere mär ganz knapp gëchter zu Esch, et sollt net sinn🙏🏼
Trotzdem huet eis Ekipp eng gudd Leeschtung gewisen an alles um Terrain gelooss💪🏼
Merci vun de Männer un eis zuelräich Supporter, déi de Wee op Esch fonnt hunn💚🙏🏼
Och bei den Hären geet et elo an der Trainingsphase an den Endspurt: de 05.09 geet et mam Championnat zu Uewerkuer géint Déifferdeng weider📆
HBK💚🦁
19/08/2026
💚FRENDSCHAFTSMATCH💚
Dëse Freiden spillen eis Dammen um 19:00 e Frënschaftsmatch geint Wildungen bei eis um Dribbel💪🏼
D‘Preparatioun fir d‘Saison a ganz speziell op de Lodyss Supercup den 29.08 laafen op Héichtueren🔥
Kommt si gären ënnerstëtzen, d‘Buvette ass op!💚
18/08/2026
💚FRENDSCHAFTSMATCH💚
Dëse Mëttwoch spillen eis Hären um 19:00 e Frënschaftsmatch zu Esch💪🏼
Dëst ass en éischten Test éier et de 05.09 mam Championnat lass geet🔥
Kommt si gären ënnerstëtzen💚
12/08/2026
UPCOMING EVENTS💚🦁
Eis nächst Eventer vum HBK💚
Schreiwt Iech d‘Datumer op a kommt gäre laanscht!
Mär freeën eis💚💪🏼
P.S. Forms fir de Floumaart an de Quizowend kommen demnächst eraus!
07/08/2026
Bravo den U18 Léiwen a ganz besonneg eisem Raphael fir den zweeten gewonnene Match der U18 Championship an domat d‘Erreeche vun der Hallef-Finall💪🏼💚🇱🇺
BRAVO !
Men's 18 EHF Championship I 2026 : Holland 🇳🇱 - 🇱🇺 Lëtzebuerg 20 - 28