31/08/2026
Eng ganz speziell Woch: De 34. Jugend-Cup steet un 🔴🔵
Dëst ass d‘Säit vun der Jugend vum UN Käerjeng '97
31/08/2026
Eng ganz speziell Woch: De 34. Jugend-Cup steet un 🔴🔵
08/07/2026
Neie Partner fir eis Poussins-Equipen 💪🏼
Mir freeën eis, fir iech eisen neie Partenariat der Maison Josy Juckem an hiiren “De Buttek“ vu Sprénkeng unzekënnegen, déi eis Poussins (U10 & U11) fir déi nächst 3 Saisonen als offizielle Sponsor ënnerstëtzen.
D’Maison Josy Juckem, ass am Beräich vun de professionelle Kichen, der Gastronomie an dem Kichen-Equipement aktiv an ass och mat DE BUTTEK eng bekannt Adress fir kachbegeeschtert Privatleit.
Ausserdeem ass d’Maison Josy Juckem mat hirem Café JUCA, deen zu Lëtzebuerg geréischtert gëtt, fir exzellente Kaffi bekannt. Net ouni Grond ass d’Entreprise och den offizielle Kaffispartner vum UNK, a versuergt eis Buvette mat héichwäertegem Kaffi.
Mat dësem Engagement ënnersträichen d’Maison Josy Juckem an DE BUTTEK hir Verbonnenheet mat der Regioun an hiren Asaz fir de Jugendfussball.
E grousse Merci un d’Maison Josy Juckem an DE BUTTEK fir hiert Vertrauen an den U.N. Käerjeng ‚97.
Mir freeën eis op eng erfollegräich Zesummenaarbecht.
Méi Informatiounen: https://www.josyjuckem.lu/
🔴🔵
04/07/2026
Hallo alleguer !
Nodeems ech virun enger Woch mäin éischten Optrëtt hei zu Käerjeng hat, hutt dir alleguer immens vill Proposen era ginn, wéi ech schlussendlech dann heesche soll. Des Decisioun ass elo gefall, an do sinn ech ganz houfreg drop.
Duerfir kann ech mech elo offiziell virstellen: ech sinn den DRIBBLI !!!
Ech freeë mech elo schonn drop, iech alleguer reegelméisseg op den Eventer a Matcher vun EISEM UNK kennen ze begréissen an zesumme vill flott Momenter a mengem neien Doheem „um Käerjenger Dribbel“ kennen ze erliewen.
an eppes hunn ech schonn direkt geléiert: VAMOS UNK!!!
ären Dribbli
02/07/2026
UNK Jugend Cup: Milan wollte unbedingt dabei sein! 34.Ausgabe des Käerjeng Jugendturniers wurde vergangene Woche vorgestellt
29/06/2026
D'Foto vun der Presentatioun vun eisem neie Maskottche sinn elo online op eisem Site
https://www.un-kaerjeng.lu/post-292674v4/posts/66853
Denkt drun dass deen Aarmen nach ëmmer keen Numm huet, a gitt eis är Propose bis den 3.7. eran
🔴🔵
27/06/2026
Haut op eisem Saison Ofschloss Family Day hu mir eisen neitsten Transfert konnte virstellen. Hie verkierpert Stolz a Kraaft a wäert eise Veräin an all Kategorie verstärken.
Leider feelt him nach een Numm. an do brauche mer är Hëllef. Schreift eis är Proposen hei drënner bis den 3.7.
🔴🔵
24/06/2026
FAMILY DAY UPDATE !!!
Léif alleguer
wéinst der unhalender Hëtzt an den héijen Temperaturen, déi fir dëse Weekend ugekënnegt sinn, huet de Veräin decidéiert, de geplangte Family Day / Season Closing Event unzepassen.
Dës Decisioun ass eis net liicht gefall. D’Gesondheet an d’Sécherheet vun eise Kanner, Familljen, Benevollen an allen anere Bedeelegte stinn awer fir eis un éischter Plaz. Mat dëser Upassung hale mir eis un d’Recommandatiounen an d’Virsiichtsmoossname vun den zoustännegen Autoritéiten am Kader vun der aktueller Hëtztwell.
Mir wëllen awer net ganz op e gemittlecht Zesummesinn verzichten a freeën eis, Iech op en Apéritif Convivial anzelueden:
📅 Samschden 27.6 vun 10:00 bis 12:00 Auer
📍 An der grousser Buvette um Dribbel
Fir Gedrénks ass gesuergt. De Fanshop wäert op sinn, et gëtt eng Panini-Tauschbourse fir d’Kanner, an och déi ugekënnegt Iwwerraschung gëtt virgestallt.
Och wa mir de geplangte Programm net kënnen duerchféieren, hoffe mir, vill vun Iech fir e puer flott a gemittlech Stonnen um Dribbel begréissen ze kënnen.
Merci fir Äert Versteesdemech
22/06/2026
⚽🎉 Season Closing Family Day 2026
Mir invitéieren all Spiller a Spillerinnen, hir Elteren, d’Trainer an Offizieller sou wéi all Frënn vum UNK fir mat eis zesummen den Ofschloss vun der Saison ze feieren.
📅 Samschden 27. Juni 2026
🕙 Vun 10h00 bis 16h00
📍 Complexe Sportif Käerjenger Dribbel
Turnéier, Gegrills, Gedrénks, Panini-Bourse, eng Iwwerraschung a vill gutt Laun erwaarden iech.
🔴🔵 ❤️💙
10/06/2026
𝗡𝗼 𝗱𝗲𝗿 𝗦𝗮𝗶𝘀𝗼𝗻 𝗮𝘀𝘀 𝘃𝗶𝗿𝘂𝗻 𝗱𝗲𝗿 𝗦𝗮𝗶𝘀𝗼𝗻
Weider gutt Nouvellen am Kader vun eisem „Damme Projet“ fir déi nei Saison 2026/2027.
𝗱’𝗠𝗮𝗻𝗱𝘆, 𝗱’𝗘𝗺𝗺𝗮, 𝗱’𝗠𝗮𝘁𝗵𝗶𝗹𝗱𝗲, 𝗱’𝗟𝗶 𝗮𝗻 𝗱’𝗖𝗵𝗶𝗮𝗿𝗮 , déi an der Jugend vum UNK ausgebilt goufen, ma och 𝗱’𝗟𝘆𝗻𝗻, wat bis elo ausgeléint war, konnten déi läscht Saison, deels als Stammspillerinnen, hier éischt Erfarungen an der Ligue 1 sammelen!
Si all bleiwen hirem Häerzensveräin trei a gi mat eis de Wee an d’Ligue 2.
Merci iech fir äert Vertrauen, dir sidd Zukunft vun eiser Dammesectioun🔴🔵
Zesumme gi mir nach méi staark an d'Saison 2026/2027.
🔴🔵
09/06/2026
De Programm (réduit) vum nächste Weekend 🔴🔵
| 09:00 - 17:00 |