Tennis Club Rëmeleng Kayldall

Tennis Club Rëmeleng Kayldall

Partager

🎾 Tennisclub Rëmeleng-Kayldall🎾 www.tcrk.lu

22/08/2026

🎯Läschte Rappel!🎯

An genau 2 Wochen ass et esou wäit!☀️

Eise Petanque Tournoi den 5. September zu Rëmeleng kënnt ëmmer méi no an et sinn elo nach nëmmen 2 Plazen fräi!🚨

👥 3 Spiller pro Equipe (ouni Lizenz)
💰 30 € pro Equipe
🏆 Flott Präisser ze gewannen
🎟️ Grouss Tombola
🍔 Iessen & Gedrénks fir jiddereen

⏳ First come, first served! Wann Daer nach wëllt dobäi sinn, da woart elo net méi laang.

👉 Umellen: spivan.com/petanque26

Maer freeën eis op e flotten an gesellege Dag mat Aerch🥳

19/08/2026

🎾💙 EISE SPONSOR AM FOKUS 💙🎾

Eng stoark Saison, eng lieweg Jugendaarbecht an d’Entwécklung vun eisem Veräin wären ouni eis Sponsoren net méiglech. Dofir stelle maer Aerch an de kommende Wochen all eenzelne vun hinne vir ❤️

Haut am Fokus:

🧼 d’Botzfirma Marc Decker, succ. Ken Jeitz

Zënter ville Jore steet si fir professionellt Botzen, Zouverlässegkeet a qualitativ héichwäerteg Servicer am Beräich vum Nettoyage. Ob fir Privatleit, Entreprisen oder ëffentlech Gebaier – d’Equipe setzt op Erfarung, Flexibilitéit an eng propper Aarbecht bis an de leschten Detail.

🙏 Ee risege Merci un den Ken Jeitz an déi ganz Equipe fir d’Vertrauen an déi wäertvoll Ënnerstëtzung vun eisem Veräin. Dank Partner wéi hinne kënne maer eis Jugend fërderen, eis Equippen ënnerstëtzen an den Tennis Club Rëmeleng-Kayldall weider no vir bréngen.

🧽 Sidd Daer op der Sich no engem professionelle Partner fir Botzaarbechten? Da kuckt gär emol bei der Firma vum Ken laanscht!

Merci fir Äert Vertrauen an den Tennis Club Rëmeleng-Kayldall ❤️

14/08/2026

🚨EE WEIDEREN STOARKEN TRANSFERT FIR DEN TC RËMELENG-KAYLDALL! 💙🤍

Mat grousser Freed a vill Stolz kënne mär haut deen 3. vun 4 Neizougang fir déi nei Saison presentéieren: De Milan Welte wäert ab der Saison 2026/2027 d’Foarwe vum TC Rëmeleng-Kayldall vertrieden.

Mam Milan begréisse mär ee Spiller an eiser Veräinsfamill, deen op eng impressionant sportlech Carrière zeréckblécke kann.

🏆 Däitschen Jugendmeeschter U14 am Eenzel
🇺🇸 Véierelsfinalist bei de Junior US Open
🌍 ATP-Weltranglëscht Nr. 863
🎾 Vill Erfahrung op nationalem an internationalem Niveau

Schonn a jonke Joren huet de Milan säin aussergewéinlecht Potential ënner Beweis gestallt. 2015 huet hien sech zum Däitschen U14-Meeschter gekréint an hat 2021 mat der Plaz 863 säin héchste Stand am ATP-Ranking erreecht.

Dass ee Spiller mat dësem sportleche Parcours sech fir den TC Rëmeleng-Kayldall entscheet, ass eng weider grouss Unerkennung fir déi Entwécklung vun eisem Veräin an e weidert stoarkt Zeeche fir eis Ambitiounen an der Nationale 1.

💙Milan – häerzlech wëllkomm an eiser Veräinsfamill!

Mär freeën eis immens, dech geschwënn an eise Foarwen um Terrain ze gesinn a si sécher, dass mär zesummen nach vill flott Momenter an Erfolleger wäerten erliewen.

🎾

09/08/2026

🎯Elo geet et an déi woarm Phas! 🔥

Eist 2. Petanque Tournoi vum Tennisclub Rëmeleng-Kayldall kënnt ëmmer méi no – an et sinn nëmmen nach 3–4 Plaze fräi! 👀

📅 Samsdeg, de 5. September
🕘 Ab 9:00 Auer
📍 Parc Municipal zu Rëmeleng – um Petanque-Terrain

👥 3 Spiller pro Equipe (keng Lizenzspiller)
💶 30 € pro Equipe
🍔 Iessen & Gedrénks
🏆 Flott Präisser
🎁 Grouss Tombola

D’Umeldunge bleiwen op soulaang nach Plaze fräi sinn – mee ween nach dobäi wëll sinn, soll elo net méi ze laang waarden!😉

👉 Mell dech elo un:
🌐 spivan.com/petanque26

💙💛 Mär frëeen eis op aerch!

08/08/2026

🎾💙 EISE SPONSOR AM FOKUS 💙🎾

Eng stoark Saison, eng lieweg Jugendarbecht an d’Entwécklung vun eisem Veräin waeren ouni eis Sponsoren net méiglech. Dofir stelle maer Aerch an de kommende Wochen all eenzelne vun hinnen vir❤️

Haut am Fokus:

PHILIPPI CONSTRUCTIOn 🏗️

Philippi Construction steet fir Kompetenz, Qualitéit an eng professionell Begleedung vu Bauprojeten. Vum Gros-œuvre iwwer Renovatiounen an Transformatiounen bis bei Aménagements extérieurs, Demolitiounen an Travaux publics bitt d’Entreprise eng breet Palette u Servicer fir privat a professionell Clienten un.

🙏 Ee risege Merci un den Lars Philippi an déi ganz Équipe vu Philippi Construction fir d’Vertrauen an déi wäertvoll Ënnerstëtzung vun eisem Veräin. Dank Partner wéi hinne kënne maer eis Jugend fërderen, eis Equippen ënnerstëtzen an den Tennis Club Rëmeleng-Kayldall weider no vir bréngen.

🏗️ Hutt Daer e Bau-, Renovatiouns- oder Aménagementsprojet? Da kuckt gär emol bei Philippi Construction laanscht!

Merci fir Äert Vertrauen an den Tennis Club Rëmeleng-Kayldall ❤️

06/08/2026

🎾💙 EISE SPONSOR AM FOKUS 💙🎾

Eng stoark Saison, eng lieweg Jugendarbecht an d’Entwécklung vun eisem Veräin wieren ouni eis Sponsoren net méiglech. Dofir stelle mir Aerch an de kommende Wochen all eenzelne vun hinnen vir🤩

Maer starten haut mat eisem Haaptsponsor:

Garage Roby Cruciani🚗

Zënter ville Jore steet de Garage Cruciani zu Diddeleng fir Kompetenz, Qualitéit an e perséinleche Service. Egal ob Daer op der Sich no engem neien Auto, enger Occasioun, enger Revisioun oder enger Reparatur sidd – beim Tom a senger Équipe sidd Daer a bäschten Hänn.

🙏Ee risege Merci un den Tom an déi ganz Équipe vum Garage Cruciani fir dat grousst Vertrauen an déi wäertvoll Ënnerstëtzung vun eisem Veräin. Dank Partner wéi hinnen kënne maer eis Jugend förderen, eis Equippen ënnerstëtzen an den Tennis Club Rëmeleng-Kayldall weider no vir bréngen.

🚗 Braucht Daer en neien Auto oder eng zouverlässeg Garage? Da gidd gär emol bei Garage Cruciani laanscht!

Merci fir äert Vertrauen an den Tennis Club Rëmeleng-Kayldall❤️

06/08/2026

🚨ZWEE STOARK TRANSFERTEN FIR DEN TC RËMELENG-KAYLDALL! 💙🤍

Mat grousser Freed a vill Stolz kënne mär haut matdeelen, dass de Christophe a Robi Tholl an der neier Saison d’Faarwe vum TC Rëmeleng-Kayldall wäerte vertrieden.

Mam Christophe a mam Robi begréisse mär net nëmmen zwee aussergewéinlech stoark Spiller, mee och zwou Perséinlechkeeten, déi de Lëtzebuerger Tennis iwwer vill Jore matgepräägt hunn.

🏆 Méifach Lëtzebuerger Landesmeeschter
🏆 FLT Masters Gewënner
🇱🇺 Davis Cup Spiller fir Lëtzebuerg
🌍 Enorm vill Erfarung op nationalen an internationalem Niveau

Nieft hire sportleche Qualitéiten déi onbestridde sinn, stinn déi zwee Bridder virun allem fir Asaz, Fairplay, Professionalitéit an Teamgeescht – Wäerter, déi och eisem Veräin immens wichteg sinn.

Datt zwee Spiller vun dësem Format sech fir den TC Rëmeleng-Kayldall entscheeden, ass eng grouss Unerkennung fir déi Entwécklung, déi eise Veräin an de leschten 2-3 Joer gemaach huet, a gläichzäiteg e weidert stoarkt Zeeche fir eis Ambitiounen an der Nationale 1.

💙Christophe a Robi – häerzlech wëllkomm an eiser Veräinsfamill!

Mär freeën eis immens, aerch geschwënn an eise Faarwen um Terrain ze gesinn a si sécher, dass mär zesummen nach vill flott Momenter an Erfolleger wäerten erliewen.

🎾

04/08/2026

🎯Just nach e puer Plaze fräi!🎯

Hues du Loscht op ee flotten Dag mat Frënn a gudder Stëmmung? Da mell dech elo nach fir eisen 2. Petanque Tournoi un! 🪩

📅 Samsdeg, de 5. September
🕘 Ab 9:00 Auer
📍 Parc Municipal zu Rëmeleng (Petanque-Terrain)

👥 3 Spiller pro Equipe (ouni Lizenz)
💶 30 € pro Equipe

🍔 Iessen & Gedrénks
🏆 Flott Präisser
🎁 Grouss Tombola

⚠️ Et sinn nëmmen nach e puer Plaze fräi – also woart net ze laang!

👉 Mellt aerch elo un:
🌐 spivan.com/petanque26

💙💛 Mär frëeen eis op aerch!

(Kann gären gedeelt ginn😊)

Photos from Stad Rëmeleng's post 31/07/2026

One town. One community. 🎾⚽❤️

Photos from Tennis Club Rëmeleng Kayldall's post 21/07/2026

☀️🎾 Summerfest & Dag vun der oppener Dier!

Dëse Samschdeg, de 25. Juli, ab 11 Auer gëtt beim Tennisclub Rëmeleng-Kayldall den Oofschloss vun enger erfollegräicher Saison geféiert!🤩☀️

🍔 Grillen & Gedrénks
🍹 Cocktails
🏰 Sprangschlass
🎾 Tennis
🎁 Tombola
🎶 Flott Ambiance

🕐 Vun 13:00 bis 16:00 Auer ass eisen Dag vun der oppener Dier. Bréngt är Frënn, Famill oder Noperen mat a loosst si gratis Tennis ausprobéieren – egal ob Member oder net!

👉 Mär freeën eis op Ärch! ☀️🎾

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Rumelange ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse

Parc Municipal
Rumelange
3741