Biker-Frënn Sandweiler

Biker-Frënn Sandweiler

Partager

2007 an d'Liewe geruff
Stroossen- a Motocross Memberen
25€ aktiv Memberskaart/Joer
Donateur ab 5€
RCS : F7472

Photos from Club Syrdall's post 05/08/2026
Photos from Biker-Frënn Sandweiler's post 07/02/2026

𝗠𝗨𝗟: 𝗺𝗼𝘀𝘁 𝗸𝗺𝘀: 𝟭𝘁𝗲𝗻 𝗮𝗻 𝟯𝘁𝗲 𝗣𝗿𝗮̈𝗶𝘀 𝗳𝗶𝗿 𝗱'𝗕𝗶𝗸𝗲𝗿-𝗙𝗿𝗲̈𝗻𝗻
De Freideg 6. Februar 2026 wor d'Präis-Iwwerreechung vum Challenge "most kilometers" vun der MUL. D'Biker-Frënn hunn den 1ten (de René) an den 3te Präis (d'Sonja) mat heem bruecht. Den 2te Präis ass un de Conny gaang.

Photos from Biker-Frënn Sandweiler's post 06/09/2025

Haut emol erëm e klengen Tour an enger klenger Equipe gefuer, mam President Jupp als Guide. 100km mat enger klenger Schlauf duerch Frankräich mat kuerzem Stopp beim Atomkraftwierk Cattenom. Dunn eng kleng Erfrëschung op der Terrass vum Bistrot Ailleurs zu Greiveldeng. An zum Schluss nach op d'Portes ouvertes vun der Amicale vun de Sandweiler Pompjeeën. Gitt nach muer Sonndeg 07.09.2025 bei si op hir "Portes ouvertes" kucken.

Photos from Biker-Frënn Sandweiler's post 20/07/2025

𝐀𝐧𝐝𝐫𝐞́𝐜𝐤 𝐯𝐮𝐦 𝐒𝐲𝐫𝐝𝐚𝐥𝐥-𝐓𝐨𝐮𝐫 𝐝𝐞𝐧 𝟏𝟗.𝟎𝟕.𝟐𝟎𝟐𝟓
Gëschter hate mer dann déi 3t Editioun vum Syrdall-Tour an Zesummenaarbecht mam Club Syrdall. Et huet ugefaang mat Kaffi a Kichelcher erëm vun der Gemeng Sandweiler gesponsort, deene mer Merci soen. No enger Stonn fueren, huet d'Manon vum Club aktiv plus Syrdall ons zu Greiweldeng mat der Rieslingspaschtéitchen empfang. Giess hu mer am Resto-Bistro Bossa Nova. Duerno wor mer d'Schleis zu Sandweiler (ma neeee,natierlech zu Gréiwemaacher 🙄) kucken, eng ganz interessant Féierung. E grousse Merci un de Jean-Paul an den Nicolas 👏 An éiert mer erëm zréck op Sandweiler komm sinn, wore mer nach eng Glace iessen an den Eis Café Dreiländereck op Perl. Déi ass op de Konto vun de Biker-Frënn gaang.
Merci un d'Fotografinnen an d'Fotografen☺️ an den Augusto fir seng Hëllef.

Photos from Biker-Frënn Sandweiler's post 17/07/2025

𝗧𝗼𝘂𝗿 𝘃𝘂𝗺 𝟭𝟯.𝟬𝟳.𝟮𝟬𝟮𝟱 - 𝟯𝘁𝗲𝗻 𝗗𝗲𝗲𝗹
Et gëtt tatsächlech nach en 3ten Deel vun deem Dag, an zwar d'Scheckiwwerreechung vum "Charity Tour", dee mer zesumme mam Moto Club MX Kopstal de 15.06.2025 bei net grad dem beschte Wieder gefuer sinn. Et sinn insgesamt 503€ zesummekomm. Mir soen alle Spender, och deenen Donateure déi net matgefuer sinn a just en Don gemaach hunn, MERCI. Dës Suen, déi mer dës Kéier un Ambulanz Wonsch gespend hunn, dengen dozou, Wënsch ze erfëllen, wéi der Madamm, déi berouegt en Tuer mam Trike konnt matfueren, well se op dësem Tour medezinesch encadréiert wor.

Kuck och bei Ambulanz Wonsch.

Photos from Biker-Frënn Sandweiler's post 15/07/2025

𝗧𝗼𝘂𝗿 𝘃𝘂𝗺 𝟭𝟯.𝟬𝟳.𝟮𝟬𝟮𝟱 - 𝟮𝘁𝗲𝗻 𝗗𝗲𝗲𝗹
Wéi versprach komme mer dann hei op de Suivi vun onsem Tour zréck. Nom Iesse si mer dann op de R-V gefuer, wou d'Queen mat dem Rescht vun der Mannschaft op ons gewaart huet. Si huet ganz fürstlech op engem Trike de Convoi ugefouert.
Hei hutt der e puer Andréck vun deem Wonsch deen hir erfëllt ginn ass a mir hunn dierfen dobäi sinn. Weider Andréck fannt der bei Ambulanz Wonsch.

Photos from Biker-Frënn Sandweiler's post 13/07/2025

𝗧𝗼𝘂𝗿 𝘃𝘂𝗺 𝟭𝟯.𝟬𝟳.𝟮𝟬𝟮𝟱 - 𝟭𝘁𝗲𝗻 𝗗𝗲𝗲𝗹
Haut huet de René ons en Tour zesummegesat fir d'Sandweiler Biker-Frënn an hir Frënn, vu Sandweiler op Useldeng wou mer Um Wier Restaurant "Chez Lisa II & Luis" op hirer wonnerbarer Terrass ganz gutt zu Mëtteg giess hunn. Durno huet de René ons weider an d'Pommerlach geleet, wou d'Associatioun Ambulanz Wonsch mat der "Queen" u Bord, an hirer Mannschaft op ons gewaart huet. Den 2ten Deel, de Convoi mat der "Queen" presentéiere mer méi spéit...à suivre.

10/07/2025

𝗞𝗼𝗺𝗯𝗶𝗻𝗲́𝗶𝗲𝗿𝘁𝗲𝗻 𝗧𝗼𝘂𝗿 𝗱𝗲𝗻 𝟭𝟯.𝟬𝟳.𝟮𝟬𝟮𝟱
Den 13.07.2025 fuere mer bei Harel e Charity-Tour fir Ambulanz Wonsch (Tour géingt 15:30 Auer vun enger Stonn).
Mir kombinéieren dat mat engem Tour vu Sandweiler aus fort (Depart um 11:00 Auer op der Esso Sandweiler), ginn ënnerwee eppes iessen a fueren dann op de R-V vun deem Charity Tour (am Convoi).
Wann ee wëll matfueren, schreift eng Mail op [email protected] wéinst der Reservatioun am Restaurant a kommt fir 11:00 Auer op de R-V op d'Esso.

Photos from Biker-Frënn Sandweiler's post 06/07/2025

𝐎𝐧𝐬 𝟐 𝐓𝐢𝐞𝐫 𝐯𝐮𝐦 𝐒𝐚𝐦𝐬𝐜𝐡𝐝𝐞𝐠 𝟎𝟓.𝟎𝟕.𝟐𝟎𝟐𝟓
Klenge Resumé vun den 2 Tier, déi mer fir ons Memberen organiséiert haten. 1 ganz schéinen Tour vun engem ganzen Dag vun 257km a méi e klengen Tour vun eppes 80km am Nomëtteg.
Dee groussen Tour huet e Stopp um Camping Fuussekaul gemaach fir d'Mëttegiessen. Do konnt ee sech dann och nach um Salon du Bien-être Alternatif 2025 verwinne loossen 😁 Duerno, net ze vergiessen, e Stéck Kuck 😊

Dee klengen Tour wor just am Nomëtteg, mee och si hunn e Stopp gemaach fir sech ze stäerken.

Owes si mer nach um Frillfest vun der Fanfare Sandweiler gesicht ginn.

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Type

Téléphone

Site Web

Adresse

Luxembourg