10/07/2026
💚💙 Bonaria Cup 💙💚
Leschte Weekend hunn eis klengsten Minien d‘Saison da richteg cloturéiert an sinn nach emol zu Esch um Bonaria Cup en Individuel un de Start gaangen 🤩👏🏼
E bravo u si alleguer a mir gratuléieren fir folgend Podiumsplazen 😍✨
Alterskategorie 2020:
1. Plaz fir d‘Emma an der Kategorie A 🥇
1. Plaz fir d‘Clara an der Kategorie B 🥇
Alterskategorie 2019:
2. Plaz fir d‘Lia an der Kategorie A 🥈
08/07/2026
💙 Fête de la Joie ❤️
Och eis Mini Bouwen hu sech op der Fête de la Joie zu Déifferdeng gutt dru ginn an a béide Kategorien eng Coupe mat heem geholl 🏆🤩👏🏼
2. Plaz fir de Minis B 🥈
3. Plaz fir de Minis A 🥉
Bravo u si Alleguer 👏🏼😍
06/07/2026
🤍 Fête de la Joie 🤍
Och eis Loisir Equipe ass leschte Sonden un de Start gaangen, sou wéi eng Mixte Equipe vun eise Mini Meedecher a Mini Bouwen 🤩👏🏼
Eise Loisir huet dunn déi éischt Plaz gemeet 😍🏆🥇 an eis Minis Mixte an hirer Kategorie déi 2. Plaz 🥈.
Bravo u si Alleguer 👏🏼
06/07/2026
💙 Fête de la Joie 💙
Leschte Weekend ware mir zu Déifferdeng op Besuch fir d‘Fête de la Joie 🤩✨
Wéi all Joers, e super flotten Mini Match, fir d‘Saison ofzeschléissen.
Mir gratuléieren bei de Meedecher eise Minis B fir hir 1. Plaz 😍🏆🥇 an de Minis A fir hir 2. Plaz 🥈.
Gudd geschafft!! 👏🏼
18/06/2026
🙏🏻💙❤️🥳
De Le Réveil Beetebuerg feiert 125 Joer! 🤸♀🤸♂✨
Sief also och du muer am Schlasspark zu Beetebuerg mat dobäi!
Alles wat s du wësse muss fënns du hei 👇
https://www.eldo.lu/aktuell/news/a/144137
17/06/2026
💙 Championnats des Sections Masc. ❤️
Och eis Minien an Espoiren sinn de Weekend zu Bieles um Championnats des Sections ugetrueden!
Eis Mini Jongen sinn an der Kategorie A uewen op de Podium geklomm 😍🥇 an domadd och Champion vu Letzebuerg! 🏆
Eis Espoiren sinn an der Kategorie B un de Start gaang an hunn déi 4. Plaz gemeet!
Gratulatioun u si Alleguer 👏🏼👏🏼
17/06/2026
❤️ Championnats des Sections Seniors ❤️
E Sonden de Mëtte sinn eis Damen ugetrueden an och si waren gutt vertrueden 😍✨
E flotte Match fir eng gelongen Saison ofzeschléissen!
Eis 1. Equipe huet sech an der Kategorie A déi 1. Plaz gesechert 🥇 an eis 2. Equipe an der Kategorie B déi 5. Plaz 👏🏼💪🏻
Domadd hunn eis Damen de Weekend bei de Meedecher du komplett gemeet, an och dëse Championstitel mat op Betebuerg bruet ✨👏🏼🏆
An zu gudder Lescht, ass et eiser Damen Equipe gelongen, och den Titel vun der beschter Freiübung ze gewannen 🥹🙏🏻🔥
Merci och all eise Jugen déi dëse Weekend nees fläisseg am Asaz waren 😉☀️
16/06/2026
💙 Championnats des Sections Espoirs 💙
E Sonden de Moien war et un eisen Espoirinnen, déi och direkt mat 2 Equipen un de Start gaang sinn ✨💪🏻
Och hinnen ass et an der Kategorie A gelongen uewen op de Podium ze klammen 😍🥇 an domadd de Championstitel op en Neits ze verteidegen 🤩🏆
An der Kategorie B konnten d‘Meedecher déi 4. Plaz maachen ✨👏🏼
Net manner wichteg fir d‘Meedecher an Trainer, ass awer och d‘Auszeechnung fir déi beschte Freiübung bei den Espoiren! Chapeau, an e grousse Luerf fir si alleguer ✨👏🏼
15/06/2026
💙 Championnats des Sections Minis💙
E Samsden konnten all eis Mini Meedecher nees endlech zesummen untrieden an am ganz grousse Grupp gemeinsam weisen, wat si kennen! 😍✨
An der Kategorie A maachen eis Minien déi 1. Plaz 🥇 an an der Kategorie B kommen eis Minien op déi 5. Plaz.
Esou konnt eis 1. Equipe och zousätzlech de Championstitel gewannen 🏆🤩
Bravo Meedecher! 👏🏼
15/06/2026
De Countdown leeft 💙❤️
See you there 👏🏼