28/08/2026
⚽ 2. SPILLDAG – HEEMMATCH! 🔵⚪
No der knapper 0:1-Néierlag um éischte Spilldag wëllen eis Jongen dëse Sonndeg déi éischt Punkte vun der Saison anhuelen. 💪
Mat Reisduerf kënnt awer direkt e staarken Opsteiger op Rammerech, deen eis sécher alles ofverlaange wäert.
📅 Sonnden, 30. August
⏰ 16:00 Auer
📍 Rammerech
🆚 US REISDORF 47
Mir freeën eis op jiddereen, deen de Wee op den Terrain fënnt an eis Ekipp ënnerstëtzt! 💙🤍
Allez USR!
25/08/2026
⚽ TRAINER GESICHT! 🔵⚪
Du hues Loscht, déi éischt Schrëtt vun eise jéngste Futtballer ze begleeden? 👟⚽
Fir d’Saison 2026/27 sicht d’Union Sportive Rambrouch en engagéierten Trainer (m/w) fir eis U7.
Bei den U7 steet virun allem d’Freed um Futtball, d’Beweegung an dat gemeinsamt Erliewen an der Ekipp am Mëttelpunkt. 💙🤍
Du bass motivéiert, zouverlässeg a schaffs gär mat Kanner? Da géife mir eis freeën, vun dir ze héieren!
📩 Mell dech bei eis:
[email protected]
Gären deelen, fir datt mir déi richteg Persoun fir eis Kleng fannen! 🙌
19/08/2026
⚽ DE CHAMPIONNAT GEET ERËM LASS! 🔵⚪
Dëse Sonndeg steet fir eis éischt Ekipp den éischte Championnatsmatch vun der neier Saison um Programm.
Fir den Optakt kréie mir et direkt mat der AS Wëntger ze dinn, déi d’lescht Saison nach an der 1. Divisioun gespillt huet.
Eis Jongen wëllen doheem zu Rammerech gutt an déi nei Saison starten an déi éischt Punkte mathuelen. 💪
📅 Sonnden, 23. August
⏰ 16:00 Auer
📍 Rammerech
🆚 AS Wincrange
Mir freeën eis op jiddereen, deen de Wee op den Terrain fënnt an eis Ekipp beim Saisonoptakt ënnerstëtzt! 💙🤍
Allez USR!
30/07/2026
🏆 Coupe-Finallen – Samschdeg, den 01.08.2026 🏆
Dëse Samschdeg, den 01.08.2026, stinn d‘Coupe-Finallen um Programm!
🕓 16:00 Auer – Match ëm déi 3. Plaz
⚽ US Esch 🆚 FC Greenboys 77
🕡 18:30 Auer – Finall
🏆 US Rambrouch 🆚 Alliance Äischdall
Kommt laanscht a genéisst spannend Matcher, eng super Ambiance an ënnerstëtzt är Equipe!
Mir freeën eis! ⚽🏆
25/07/2026
Eis nei Trikote sinn do! 🎉
Egal ob fir d’Spiller, d’Trainerséquipe oder eis trei Supporteren – jidderee kann sech elo säin Trikot sécheren.
Wéi funktionéiert d’Bestellung?
Wou: Direkt iwwer eisen Online-Shop
https://absolute-teamsport.lu/collections/us-rambrouch/
Gréissten: Vun XS bis # # an Kannergréissten
Waart net ze laang mat Ärer Bestellung an sidd prett fir déi nei Saison a weis deng Faarwen! 🔵⚪
22/07/2026
Victoire am Testmatch! 💪⚽
Eis Jongen konnten sech gëschter mat 3:2 duerchsetzen. 👏
⚽ Goler:
Steven Fernandes
Charel Nothum
Kevin Dusemang
Den nächsten Testmatch ass den 25.07.2026 géint Kyllburg. Mir freeën eis op är Ënnerstëtzung! 🔵⚪️
21/07/2026
🔵⚪ Testmatch den Owend!
⏰ 20:00 Auer
⚽ Géint FC Kiischpelt Wilwerwiltz
Mir freeën eis op är Ënnerstëtzung! 💪
18/07/2026
⚪️ Coupe de l’Union Sportive de Rambrouch 🔵⚪️
D’Virbereedung geet weider! Mir freeën eis, iech op der Coupe de l’Union Sportive de Rambrouch begréissen ze kënnen. 💙🤍⚽
📅 Programm:
⚽ Dënschdeg, 28.07. – US Esch 🆚 Alliance Äischdall | 🕢 19:30
⚽ Donneschdeg, 30.07. – USR 🆚 Harel | 🕢 19:30
🏆 Samschdeg, 01.08. – Finale | 🕓 16:00 & 🕡 18:30
Kommt laanscht a verbréngt mat eis e puer flott Fussballowender. Mir freeën eis op är Ënnerstëtzung! 💙⚪️⚽
13/07/2026
Training vum 10.07💙🤍
Merci fir Fotoen
08/07/2026
Léiert eis Nouzougäng kennen an verbréngt e flotte Fussballowend mat eis!💙🤍