11/03/2026
D'Rees op Veianen war alt erëm ëmsoss: bei der Orania gëtt et eng 1:4-Néierlag fir d'éischt Equip.
No enger Véirelstonn kritt d'Lokalequip een Eelefmeter, well de Keeper Goosse beim Ball fänken an ee Spiller gesprong war.
Beim 0:2 léisst d'Hareler Verteidegung sech op der Säit ze einfach ausspillen, an am Strofraum kann de Ball nach eemol hin an hier gepasst gin, ier de Stiermer zum 0:2 erasetzt - et war den zweete Golschoss vu Veianen.
Harel huet probéiert ze reagéieren, mee d'Schëss waren ze ongenau oder d'Passe virum Gol net präzis.
Beim 0:3 huet d'Deckung am Strofraum no engem Fräistouss net gepasst - den drëtte Schoss op de Gol war och dobannen.
Nom Säitewiessel huet Harel probéiert, erunzekommen. An der 68. Minut gouf et Hoffnung, well den Djouogoua eng Pass virun de Gol vum Jasarevic iergendwéi eragestochert huet; mee déi zweet giel Kaart fir de Jusufovic 7 Minute méi spéit huet d'Saach nach méi schwéier gemaach. Ee Kontergol an der Nospillzäit huet dun fir d'Schlussresultat gesuergt.
⏭️ E Mëttwoch geet et an der Coupe FLF géint Beggen (éischten an der 1. Divisioun), nächste Sonnden am Championnat doheem géint Préizerdaul-Réiden.
2️⃣ D'drëtt Equip huet e Freiden 3:2 géint Klierf gewonn. Goler: Lars Klee, Luc Lullingen (2x)