DT Lenger Official Site

DT Lenger Official Site

Partager

Dëschtennis Entre-Nous Lénger // gegrënnt 1961 Saison 2019/2020:
8 Seniorsekippen
1 Cadetsekippen
2 Jeunesekippen
3 Ekippen an der Coupe

Photos from DT Lenger Official Site's post 26/07/2026

Wëllkomm Gregory & Cécile‼️

Den DT Lénger ass houfreg matzedeelen, dass den Gregory an d‘ Cécile ab der kommender Saison Deel vun eisem Veräin sinn. 💪😊

Nieft hirem Engagement als Spiller si béid och als Arbitter aktiv an ënnerstëtzen domat eise Sport och nieft dem Dësch. 🏓👏

Mir freeën eis, si beim DT Lénger begréissen ze kënnen, a wënschen deenen zwee vill Erfolleg, vill Spaass an eng flott Saison um Dësch an och als Arbitter! 🍀

Wëllkomm beim DT Lénger! 🔴🔴

Photos from DT Lenger Official Site's post 22/07/2026

❗️Resultater vun da Jugend EM❗️

Déi ganz lëscht Woch huet Jugend Europameeschterschaft zu Gondomar a Portugal stattfonnt, wou eng Letzebuerger Delegatioun mat dobäi war. Ënnert dëser waren och zwee Lénger Spiller mat dobäi.💪

Ugefaang mam Noah Valente, deen sech mat senger Ekipp eng gutt 21 Platz vun insgesamt 37 erkämpfe konnt. Am Eenzel huet den Noah et an da U15 bis an d’Ronn vun de leschte 64 gepackt. Am Dubbel war et mam Vincent Schlotthauer bis an d’Ronn vun de leschten 32 gaang, hei hunn si sech allerdéngs géint déi spéider Europameeschtere misste mat 3:1 geschloe ginn. Am Dubbel mixte huet den Noah zesumme mam Mostafa Kinda sech missten an da Ronn vun de leschte 64 geschloe ginn.

Mam Pit Scholtes war awer nach ee weidere Spiller vu Lénger mat dobäi, de Pit konnt mat senger Ekipp déi 19 Platz vun insgesamt 39 erspillen. Am Eenzel hat de Pit et leider net aus da Grupp gepackt. Dofir huet de Pit et am Dubbel zesumme mam Elsen Luca bis an d’Ronn vun de leschte 64 gepackt. An am Dubbel mixte mam Singh Anjali (Irland) war leider Schluss an da Ronn vun de leschten 128.

Insgesamt eng super Leeschtung vun eise Jongen!💪👏

Eemol Lénger, ëmmer Lénger!🔴🔴

20/07/2026

Käerjeng Live 2026!⚽️

Dësen Dënschden a Sonnde konnte mir beim Public Viewing vun da Käerjenger Gemeng hëllefen.

Bei da Halleffinall den Dënschden an da grousser Finall gëschter Owend hate mir d’Chance Iech aus dem Péki konnten ze zerwéieren

Ee grousse Merci un d'Gemeng Käerjeng vir déi top Organisatioun a vir d’Ënnerstëtzung iwwert all d’Joren!🙏

Awer och ee ganz grousse Merci un all eis Benevollen déi eis bei all Fest zur Hëllef stinn, ouni Iech wier de Veräin net do wou e lo steet.💪

Photos from DT Lenger Official Site's post 16/07/2026

Wëllkomm Tiago & Kenzo‼️

Den DT Lénger ass houfreg matzedeelen, dass den Tiago an de Kenzo ab der kommender Saison eis Equipen verstärken. 💪😊

Mir freeën eis, si an eisen Veräin begréissen ze kënnen, a wënschen deenen zwee vill Erfolleg, vill Spaass an eng flott Saison am Trikot vum DT Lénger! 🍀🏓

Wëllkomm beim DT Lénger! 🔴🔴

Photos from DT Lenger Official Site's post 12/07/2026

🚨Eis Coachen fir d‘Saison 2026/27 🚨

Nodeems mir iech lescht zwou Wochen de Kader vun eiser 1. Ekipp virgestallt hunn, ass et haut un eise Coachen.

Dëst sinn eis Coachen, déi eis 1. Ekipp an der neier Saison betreien: :

🔴 Alessio Dal Zotto
🔴 Andy Schoetter
🔴 Gilles Michely
🔴 Michèle Valente Berg
🔴 Steve Gratia

Mir soen hinnen elo schon Merci fir hiren Asaz a wënschen hinnen eng erfollegräich Saison! 💪😊

Eemol Lénger, ëmmer Lénger‼️

Photos from Fédération Luxembourgeoise de Tennis de Table (FLTT)'s post 12/07/2026

Vill Gléck Pit!🍀

08/07/2026

Virstellung vun da 1. Ekipp fir d‘Saison 2026/2027

🚨 Den Noah packt de Sprong an eis 1. Ekipp 🚨

Mir freeën eis Iech matdeelen ze kennen dass de Noah Valente e Bestanddeel eiser 1. Ekipp gëtt. 💪

Den Noah, Nummer 13 vun Europa a senger Alterskategorie, huet lëscht Saison säin éischte Match vir eis 1. Ekipp gespillt an huet direkt bewisen dass e mat sengem Talent an da héchster Liga ka matspillen.💪

Mir freeën eis op weider Erfolleger a flott Momenter mat dir Noah!

Soumat steet eis Ekipp vir d‘Saison 2026/2027!

Op dësem Wee wënsche ma dem Noah an dem Pit och vill Gléck op da Jugend EM zu Gondomar a Portugal, wou si an da Ekipp am Eenzel an awer och am Dubbel am Asaz sinn. 🍀

Photos from Fédération Luxembourgeoise de Tennis de Table (FLTT)'s post 06/07/2026

Vill Gléck Noah!!🍀

05/07/2026

Virstellung vun der 1. Ekipp fir d‘Saison
2026/2027

🚨Eng weider Saison mam Arlindo De Sousa 🚨

Mir freeën eis Iech matdeelen ze kennen, dass och den Arlindo eng weider Saison bei eis spillt!🏓🔴

D’Saison 2019/2020 war den Ufank vu sengem Wee beim DT Lenger. Den Arlindo spillt schonn zënter méi wéi 40 Joer Dëschtennis a bréngt mat senger laangjäreger Erfarung vill Wäert an eis Ekipp. Mat sengem Asaz a senger positiver Astellung ass hien e wichtege Bestanddeel vun eiser Ekipp.

Mir freeën eis op vill weider flott Momenter an Erfolleger mat dir! 🔴

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse

Luxembourg

Heures d'ouverture

Lundi 20:00 - 22:00
Mardi 18:00 - 22:00
Jeudi 18:00 - 22:00
Vendredi 19:30 - 22:00