Union Cycliste du Nord Ettelbréck - UCNE

Union Cycliste du Nord Ettelbréck - UCNE

Partager

Union Cycliste du Nord Ettelbréck

Fondée en 1923

Häerzlech wëllkomm beim Ettelbrécker Velosklub !

Photos from Union Cycliste du Nord Ettelbréck - UCNE's post 22/07/2026

Flott sortie e Samsdeg

Photos from Union Cycliste du Nord Ettelbréck - UCNE's post 10/07/2026
17/06/2026

E klenge Reminder 📌📅

🚴‍♂️ 27. Nordstadrandonnée Jang Ferrari 🚴‍♀️

D’Union Cycliste du Nord Ettelbruck invitéiert Iech häerzlech op hier traditionell Vëlos-Randonnée “Jang Ferrari” den Sonndeg, 12. Juli 2026!

➡️ Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt 🍝🥤

➡️ Et ginn 3 Tier ugebueden (69, 96 oder 124 km)

➡️ Den Départ collectif ass um 08h30 ⏰

Mir freeën eis op Iech!

Photos from Union Cycliste du Nord Ettelbréck - UCNE's post 27/04/2026

🚴‍♂️ 27. Nordstadrandonnée Jang Ferrari 🚴‍♀️

D’Union Cycliste du Nord Ettelbruck invitéiert Iech häerzlech op hier traditionell Vëlos-Randonnée “Jang Ferrari” den Sonndeg, 12. Juli 2026!

➡️ Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt 🍝🥤

➡️ Et ginn 3 Tier ugebueden (69, 96 oder 124 km)

➡️ Den Départ collectif ass um 08h30 ⏰

Mir freeën eis op Iech!

Photos from Union Cycliste du Nord Ettelbréck - UCNE's post 22/04/2026

Gëschter, den 21. Abrëll, huet d’Generalversammlung vun der UCNE an der Däichhal zu Ettelbréck stattfonnt.

Mir haten d’ Éier, den 2. Schäffen Pascal Nicolay an de Conseiller Christian Steffen vun der Gemeng Ettelbréck bei eis begréissen ze dierfen – villmools Merci fir hir Presenz an hiren Interessi un eisem Veräin.

Am Kader vun der Versammlung goufen d’ Aktivitéiten aus dem Joer 2025 presentéiert, esou wéi och en Iwwerbléck iwwer déi aktuell finanziell Situatioun ginn.

Ausserdeem hu mir zwee Comitésmemberen verabschid, deene mir e grousse Merci soe fir hiren Engagement an déi vill geleeschten Aarbecht an de leschte Joren.

Gläichzäiteg hu mir awer och zwee nei Memberen am Comité offiziell wëllkomm geheescht.

Den Owend ass a gemittlecher Atmosphär mat engem Patt an enger Klengegkeet z’iessen ausgeklongen.

Och en groussen Merci un den Romain Heckemanns fir d’ Fotoen!

Photos from Union Cycliste du Nord Ettelbréck - UCNE's post 16/02/2026

🚴‍♀️ Vëlosdag am Däich – Kommt laanscht! 🚴‍♂️
Den 14. Mäerz 2026 verwandelt sech d’Däichhal zu Ettelbréck an e richtegt Paradäis fir all Vëlosfrënn! Vu 10:00 bis 16:00 Auer erwaart Iech e flotten Dag ronderëm de Vëlo – fir Grouss a Kleng.

👉 Wat steet um Programm?
• Youth Cup
• Pump Track
• Charity Indoor Cycling
• Occasionsmaart fir Vëloen
• Musekalesch Animatioun
• Gedrénks & Grilladen
Hutt Dir nach Vëloen, E-Bikes, Mountainbikes, Stadvëloen, Trottinetten oder Accessoiren, déi Dir net méi braucht? Da mellt Iech gratis als Verkeefer um Occasiounsmaart un!

📅 Umeldung méiglech bis den 10. Mäerz 2026
📧 [email protected]

Kommt laanscht, entdeckt flott Occasiounen a verbréngt en aktiven an gesellege Dag matt der ganzer Famill! 🚲✨

Photos from Union Cycliste du Nord Ettelbréck - UCNE's post 12/02/2026

🚴‍♂️ Youth Cup MTB 2026 - Mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Ettelbréck 🚴‍♀️

Kommt laanscht a feiert mat eis de Vëlo-Sport beim Youth Cup 2026! 🎉

📅 Programm:
🟢 Minimes (m/f) – 14h00 (30 Min.)
🔵 Cadets (m/f) – 14h45 (30 Min.)
🟡 Débutants (m/f) – 15h30 (45 Min.)
🟣 Minimes & Cadets net-licenciéiert (m/f) – 16h15 (30 Min.)

📝 Umeldung:
➡️ Online iwwer de Site vun der FSCL (https://www.fscl.lu/)
➡️ Op der Plaz fir Net-Licenciéiert Coureuren

🚿 Do**he sinn um Fussballsterrain verfügbar
🅿️ Parking „Parkhaus am Däich“
📞 Permanence: 621 318 107
🍔 Catering & Gedrénks op der Plaz

Mir freeën eis op vill jonk Cyclisten an eng flott sportlech Atmosphär! 💪🔥

Mobile uploads 02/12/2025
Photos from Union Cycliste du Nord Ettelbréck - UCNE's post 30/10/2025

📍Save the date!

20. Nordstad Cyclo-Cross 🚲 den 14. Dezember 2025 zu Ettelbréck bei der Däichhal 📅

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Site Web

Adresse

Luxembourg