D.T. Berbuerg

D.T. Berbuerg

Partager

Allgemeng Informatiounen vum Dëschtennis Berbuerg

Photos from D.T. Berbuerg's post 16/06/2026

💥FOYER NATIONAL YOUTH CHAMPIONSHIPS💥

E Sonndeg, de 14. Juni, sinn d‘Landesmeeschterschaften am Dëschtennis an de Jugendkategorien ausgedroe ginn. Dräi Berbuerger Spillerinnen sinn do un den Dësch getrueden.💪🏻

Bei de Minimes Meedercher ass d‘Michelle Buttini mat senger Dubbelpartnerin Anna-Lena Stemper vum DT Lenneng op déi 3. Plaz komm.🥉

D‘Chiara Gieres huet direkt zwou Bronze Medaillen gewonnen: am Eenzel bei de Juniors Meedercher an am Dubbel mam Sophia Schoellen vum DT Recken.🥉🥉

Am Juniors Dubbel Mixte ass d‘Jona Schuder Minden mam Pit Scholtes (DT Lenneng) op déi 3. Plaz um Podium komm.🥉
Bei de Cadets Meedercher am Dubbel krut d‘Jona eng Sëlwermedaille zësummen mam Marie Schoellen vum DT Recken.🥈
An am Eenzel bei de Cadets Meedercher konnt d‘Jona säin Titel vum leschte Joer verdeedegen an stoung ganz uewen um Podium.🥇

Gratulatioun Meedercher, maacht weider esou!❤️‍🔥

Photos from D.T. Berbuerg's post 10/05/2026

❤️‍🔥MERCI TOM A LORIS❤️‍🔥

No 6 respektiv 2 Joer verloossen den Tom Scholtes an de Loris Stephany eise Veräin fir hier professionnel Karriären am Ausland ze starten. Den Tom geet an Däitschland op Limbach, wou hien 3. Bundesliga spille wäert. De Loris wiesselt a Frankräich op Avion, wou hien och an der 3. franséischer Liga untrëtt.🔥

Tom a Loris, de ganzen DTB seet iech villmools Merci fir ärt Engagement, ären Asaz an är Leeschtung, déi dir an deene leschte Joeren fir eise Veräin bruecht hutt. Dir wart ni „just“ d‘Spiller vun eiser 1. Ekipp, mee vun Ufank un war dir Deel vun der DTB Famill. Dir wäert definitiv fehlen!❤️‍🩹

Mir wënschen iech awer och nëmmen dat bescht fir är spilleresch Zukunft a wäerten iech weiderhin ënnerstëtzen! Mir sinn alles Berbuerger Jungs!❤️‍🔥

23/04/2026

HAPPY WORLD TABLE TENNIS DAY 🏓❤️🌍




Photos from D.T. Berbuerg's post 04/04/2026

DTB zu Porto☀️❤️‍🔥

Photos from D.T. Berbuerg's post 24/03/2026

🔥LUKA MLADENOVIC LËTZEBUERGER LANDESMEESCHTER🔥

Den 21. an 22. Mäerz sinn d‘Foyer National Championships am Dëschtennis ausgedroen ginn, wou eng ganz Rei Berbuerger Spillerinnen a Spiller matgespillt hunn.

Den Tom Scholtes ass am Double mixte zësummen mam Melisa Sadikovic (DT Diddeleng) op déi 3. Plaz komm.🥉

An de 1/4-Finallen am Hären Eenzel stoungen direkt 3 Männer vum DTB: de Loris Stephany, den Tom Scholtes an de Luka Mladenovic.💪🏻
Fir den Tom an de Loris war leider do Schluss, mee trotzdem hu si gewisen, dass si zu der Lëtzebuerger Dëschtennisspëtzt gehéieren.🔥

Um Enn vum Dag, no enger spektakulärer Finall géint de Maël van Dessel vun Hueschtert, stoung dunn ee Berbuerger ganz uewen um Podium: de Luka ass Lëtzebuerger Champion am Dëschtennis!

Gratulatioun Luka!❤️‍🔥

Bronzemedaile am Dammechampionnat - post - Dësch-Tennis Berbuerg 09/03/2026

Bronzemedaile am Dammechampionnat

Bronzemedaile am Dammechampionnat - post - Dësch-Tennis Berbuerg Gëschter goufen zu Kielen d’Halleffinallen an d’Finalle vum Dammechampionnat gespillt. D’Jona, d’Chiara, d’Sandy an d’Hannah hu misse géint de Favorit vum DT Houwald un den Dësch goen. D’Chiara hat géint d’Sarah Meyer näischt zegutt a verléiert 0-3. D’Jona konnt e super Match...

Gläichspill an der éischter Véirelsfinall - post - Dësch-Tennis Berbuerg 08/03/2026

Gläichspill an der éischter Véirelsfinall

Gläichspill an der éischter Véirelsfinall - post - Dësch-Tennis Berbuerg Gëschter gouf zu Miersch um Krounebierg déi éischt Véirelsfinall tëschent dem DT Recken an eisem DTB gespillt. Nodeems eis Jongen sech leschte Weekend nach 6-3 géint déi Reckener duerchsetze konnten, war d’Heemequipe motivéiert fir d’Revanche ze huelen. Mir si mat der nämmlechter Opstel...

Photos from D.T. Berbuerg's post 06/03/2026

🔥EE SERRÉIERTE WEEKEND VOLLER DËSCHTENNIS🔥

Den DTB huet ee spannende Weekend viru sech: e Samschden um 14h30 spillt Berbuerg 1 déi éischt 1/4-Finall géint Recken zu Miersch a kämpft do ëm déi éischt wichteg Punkten fir an d‘Halleffinall!
E Sonndeg geet et dann weider mat den Dammen wou si d‘1/2-Finall am Lëtzebuerger Dammechampionnat spillen géint Houwald. Dëse Match gëtt um 13h30 zu Kielen gespillt.

E Samschden Owend spillen d‘Ekippen Berbuerg 2 bis 7 och all doheem zu Berbuerg an der Hal.🏓

VAMOS DTB!❤️‍🔥

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

Luxembourg