CA Fola Esch

CA Fola Esch

Partager

Athletics club locate in the Stade Emile Mayrisch in Esch-sur-Alzette in the south of Luxembourg

20/08/2026
06/08/2026

Schlussprint vun der Summersaison: Perséinlech Beschtleeschtung zu Oordegem a Lafmeeting zu Dikrech

De Weekend vum 1. August huet fir vill Athleten eng vun deene wéinegen nach verbleiwende Méiglechkeete gebueden fir mat enger gudder Performance an déi wuel verdéngte Summerpaus ze goen.

Um IFAM Meeting zu Oordegem huet de Jimmy Keiffer seng eréicht virun zwou Wochen opgestallte Beschtzäit iwwer 5.000m nach eemol däitlech ënnerbueden. De Fola-Athlet leeft a senger Serie mat engem Chrono vun 14:29,67 als Zweeten iwwer d'Zillinn a verbessert mat enger Moyenne vu ronn 2:54/km säin ale perséinleche Rekord em bal 10 Sekonnen, wat gläichbedeitend mat der 16ter Plaz am Klassement vun de lëtzebuerger All Time Bests ass.

Zu Dikrech huet sech den Ex-COSL Kaderathlet Phillipe Hilger no bal zwee Joer Abstinenz wéinst Verletzungspech a beruffleche Verpflichtungen nees un d'Sprintdisziplinnen eru getaascht (100m: 11,66; 200m: 23,95) wärend et fir den Noah Kissen no längerer Verletzungspaus eng Art Rentrée iwwer 2.000m war (6:43,01). De Gilles Kayser sengersäits schléisst seng Saison mat enger souveräner Victoire iwwer 400m of an ënnersträicht no dräi Kéieren ënner 50" mat enger Zäit vun 50,82 seng Konstanz iwwert déi laang Sprintdistanz.

Manner Gléck hat d'Jenny Gloden, dat am Kader vu senger Preparatioun op de Marathon eng schnell 10km zu Berlin lafe wollt, mee säi Start krankheetsbedéngt huet ofsoe mussen.

03/08/2026

National Landesmeeschterschaften: Titelen an nei perséinlech Beschtleeschtungen

Den 25. respektiv 26. Juni waren um INS déi national Championnater an der Liichtathletik, wou fir eise Club eng ganz Rei Podiumsplazen eraus gespronge sinn.

Virop mussen an dësem Kontext d'Daniela Godinho Ferreira an de Fidélio Klein ernimmt ginn, déi jeeweils an zwou Disziplinnen Medaile gewanne konnten.
Fir d'Daniela ass dobäi gläich zweemol eng nei perséinlech Beschtleeschtung eraus gesprongen: Iwwer 400m séchert hatt sech an enger Zäit vun 56,54 de Championstitel, wärend et op der duebeler Distanz mat engem Chrono vun 2:13,13 eng Bronzemedaile gouf.
De Fidélio sengersäits steet no 5.000m (14:43,44) ganz uewen um Podium a gëtt Vize-Champion iwwer 1500m (3:50,22).

Weider Medaille goufen et fir:
- de Gilles Kayser, deen iwwer 400m an enger Zäit vun 49,78 deen Zweete gëtt an domadder fir déi drëtte Kéier an dëser Saison ënnert der 50 Sekonne Mark bleift;
- de Max Schmidt, fir deen et jeeweils am Héichsprong (1,81m) an am Speerworf (47,13 = nei perséinlech Beschtleeschtung) eng Bronzemedaile gouf;
- d'Jenny Gloden, dat aus senger Preparatioun op de Frankfurt Marathon eraus Vize-Championne iwwer 5.000m gëtt a mat engem Chrono vun 16:43,80 ënnert senger aler Beschtzäit bleift;
- d'Soraya De Sousa Moreira, dat trotz enger rezenter Verletzung mat 5,40m am Wäitsprong op déi zweete Plaz kënnt;
- d'Lola Origer, dat iwwer 3.000m Steeple Sëlwer gewënnt.

Mat am ganzen 10 Podiumsplaze kann een deemno vun engem gudde Resultat fir eise Club schwätzen.

Photos from CA Fola Esch's post 31/07/2026

Op dem nationale Championnat dëse Weekend goufen et e puer Medailen fir eis Athlet-in-en. E Championstitel gouf et fir d'Daniela Godinho Ferreira op de
400m a fir de Fidélio Klein op der 5000m. Eng Sëlwermedaile gouf et fir
d'Lola Origer (3000m steeple), d'Jenny Gloden (5000m), Soraya De Sousa
Moreira (Wäitsprong), de Gilles Kayser (400m) an de Fidélio Klein (1500m).
Op déi 3. Plaz vum Podium koumen d' Daniela Godinho Ferreira (800m) an
direkt 2 mol de Max Schmit (Speer & Héichsprong).
Doniewent gouf et eng Rei vun neie perséinleche Beschtleeschtunge. Alles an allem also e reusséierteWeekend.
🔥💪
Photos : Harry Daemen & Henri Weyer

21/07/2026

D'Resultater vum Weekend: Beschtzäiten an Italien esou wéi an der Belsch

De leschte Weekend war den Oscar Husting bei den U18 Europameeschterschaften zu Rieti am Asaz an huet iwwer 400m Hürden éischt Erfarungen op der internationaler Bün gesammelt. Mat enger neier Beschtzäit vun 55,32 am Gepäck confirméiert de jonke Leefer seng aktuell gutt Form a kann elo schonn op eng gelonge Summersaison zeréck kucken.

De Jimmy Keiffer sengersäits ass e Samschde bei der KBC Night zu Heusden iwwer 5.000m un den Depart gaangen. Mat engem Chrono vun 14:39,04 verbessert den 39 järegen Oldie seng perséinlech Beschtzäit em bal 10 Sekonnen a réckelt domadder an der éiweger Beschtelëscht vum C.A. Fola op déi zweete Plaz.

Erënnere mer och nach eng Kéier drun datt de Gilles Kayser zënter dem 21. Juni 2026 stolze Member vum Sub-50 Club ass: Um INS leet hien d'Distanz vun 400m an enger Zäit vun 49,61 zeréck, wat gläichbedeitend mat enger Top 10 Plaz an der éiweger Fola-Beschtelëscht ass.

28/05/2026

Gratulatioun dem Soraya De Sousa Moreira fir d'Victoire am Wäitsprong (mat enger Wäit vu 5,38m) Mëtt Mee zu Stroossbuerg um Chamionnat Eurodistrict.
🔥💪

27/05/2026

Mir gratuléieren dem Maeva Baum fir seng Podiumsplaz dëse Weekend um 5km Stroosse-Championnat zu Waasserbëlleg. Hat ass bei den Dammen op eng gutt 3.Plaz komm. Bei den Hären huet de Jimmy Keiffer sou just de Podium verpasst a koum op di ondankbar 4. Plaz.

22/05/2026

Mam Daniela Godhino Ferreira ass och eng Folas-Athletin selektioneiert ginn fir d'European Challenger Chamionships dest Joer zu Monaco
🔥💪

Photos from CA Fola Esch's post 18/05/2026

Mat e bëssen Re**rd nach d’Suite vun de Resultater vum Staffelchampionnat.

Niewent de Championstitele fir eis 4x100 U16 Staffele bei de Jongen a bei de Meedercher goufen et nach weider Medailen fir eis Staffelen.

Gold gouf et fir :

- 3 x 800m Seniors F (Lola Origer, Lynn Schaaack & Daniela Godinho Ferreira)
- 4 x 100m Seniors F (Sandy Graf, Soraya De Sousa Moreira, Julie Schütz & Daniela Godinho Ferreira)
- 4 x 400m Senors F (Julie Schütz, Li Libens-Thein, Lynn Schaack & Daniela Godinho Ferreira)

Selwer gouf et fir :

- 3x 1000m Seniors M (Ben Schlammes, Gil Faustino Do Vale & Oscar Schrantz

Bronze gouf et fir :
- 4 x 100m Seniors M (Gilles Kayser. Jean Eudes Nana Diame, Gil Faustino Do Vale & Felix Jenn)
- 4 x 400m Seniors M (Rafael Godinho Ferreira, Ben Schlammes, Gil Faustino Do Vale & Gilles Kayser

💪🔥👏

Photos from CA Fola Esch's post 12/05/2026

Dëse Weekend wären um Challenge Tageblatt um INS just eis U14 am Asaz. Hei goufen et eng Rei gutt Performancen. De Louis-Matthias Mibeya konnt am Joergang 2014 souwuel de Speer wie och d'60m Hürde gewannen. Bei de Meedercher (Joergang 2014) op de 60mHürde wär d'Lavinia Garavaglia dat schnellsten. D'Julia Oth huet am Joergang2013 d'Bommstousse gewonnen. An am Joergang 2014 wäre souguer di 3 éischt Plaze fir eis Meedercher : hei konnt
d'Maily Marting, virum Lavinia Caravaglia an dem Giulia Esposito gewannen.

Mä och eis aner Athlet(in)en hu mat gudde Performancen a perséinleche
Beschtleeschtungen hiert Bescht ginn.

Merci dem Claudio De Carolis fir d'Fotoen

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

Luxembourg