28/06/2026
Mat 2 Ekippen vum SCP ware mir e Freiden am Asaz um Afterwork Beach Turnéier vum Volley 80. Grousse merci un all Spiller an di vill Supporter di bei 39grad vollen Asaz gin hun💪🔥
*****
Scp participated with 2 teams in the Afterwork Beachvolley Event of the Volley 80 Club of Pétange.
Huge thank you to every player and supporter that braved the 39 degrees.
Next off court events are coming soon.
Regular trainings continue to be every monday and friday 19h to 20h.
Come meet us, get to know the club and share the fun.
All infos -> Scp.lu
24/06/2026
Gëschter waren mir am Asaz fir Festivitéite vum Nationalfeierdag zu Péiteng. E grousse Merci geet raus un all Benevole deen eng Hand mat ugepak huet.
Big thank you to every member that helped out yesterday in Pétange for the luxembourgish National Day.
Commune de Pétange
06/06/2026
Ready for Nuit du Sport 2026! 💪💪💪
-
06/05/2026
Um 10. an domatt leschte Spilldag vun de Playoffs waren eis 1. an 2. Equip zu Sandweiler am Asaz, eis 3. Equip ass doheem ugetrueden an eis 4. Equip huet sech op Ettelbréck deplacéiert!
Dobäi ass eis 1. Equip op d'Spiller vum Angels Squash Club getraff, deenen si séier d'Grenzen opgewisen hunn. Sou konnten eis Jongen hier gudd Saison mat enger weiderer Victoire ofschléissen an domatt stellen sie och de Vize-Champion, Bravo! 💪👍💪
Eis 2. Equip ass géint d'Spiller vum Top Squash Club ugetrueden an hei sollt et em den Opstieg an d'Nationaldivisioun goen! Eis Jongen hunn alles an d'Wo geheit, géint ee staarke Géigner, mee um Enn sollt et em 1 Punkt an der Gesamtwäertung leider net duergoen, trotzdem gudd gekämpft! 💪👍💪
Eis 3. Equip huet d'Spiller vum Squash Club Sandweiler doheem empfaangen an heibäi sollte virun allem de Maarten Van Bakel an de Joel Leitao ganz spannend an decisiv Matcher hunn, wou et jeweils op 5 Säz oe sollt mat um Enn 2 mol deem besseren Ausgang fir eis Péitenger Faarwen, Bravo! 💪👍💪
An eis 4. Equip ass op hier Kontrahente vum Squash Club Ettelbréck getraff, wou et zu e puer spannende Ballwiessel koum an um Enn sollten eis Péitenger SpillerInnen och d'Uewerhand behalen, Top! 💪👍💪
ANG1 - PET1 4:0
TSQ1 - PET2 3:1
PET3 - SCS5 3:1
ETT3 - PET4 1:3
Top Leeschtunge Mädel a Jungs!!! 💪💪💪
-
27/04/2026
Um 9. Spilldg vun der Playoffs war eis 1. Equip spillfräi, eis 2. a 4. Equip waren doheem am Asaz an eis 3. Equip huet dech op Diddenuewen (Thionville) deplacéiert!
Dobäi huet eis 2. Equip hier Géigner vun Diddenuewen (Thionville) empfaangen, deenen Sie vun Ufank un gewisen hunn, datt zu Péiteng jyst wéineg ze huelen ass! Sou konnten eis Jongen eng kloer Victoire feieren! 💪👍💪
Eis 3. Equip ass och op Spiller vun Diddenuewen getraff an hei sollt virun allem de Camille Bialas iwwert sech eraus wuessen fir säi Géigner virun eng grouss Prüfung ze stellen. Erréicht am 5. an domat leschte Saz huet hien sech knap misse geschloe ginn, mee Bravo Camille! 💪👍💪
An eis 4. Equip ass op eng staark Equip vum Ultimate Squash Club getraff, wou eis Péitenger SpillerInnen alles an d'Wo geluecht hunn, mee um Enn war leider näischt géint dësen iwwermächtege Géigner ze huelen, trotzdem gudd gekämpft! 💪👍💪
PET1 - Bye
PET2 - THI1 4:0
THI2 - PET3 3:1
PET4 - USC4 0:4
Top Leeschtunge Mädels a Jungs!!! 💪💪💪
-
16/04/2026
Um 8. Spilldag vun de Playoffs waren eis 1. an 3. Equip doheem am Asaz, eis 2. Equip huet sech op d'EIB deplacéiert an eis 4. Equip ass op Mont Saint Martin gefuer!
Dobäi huet eis 1. Equip hier Kontrahente vum Squash Club Sandweiler keng Chance gelooss fir ouni Sazverloscht eng souverän Victoire ze feieren! 💪👍💪
Eis 2. Equip ass op eng staark Equip vun der EIB getraff, déi et eise Jonge ganz schwéier gemaach huet! Eis Péitenger Spiller hunn alles probéiert, mee um Enn hunn se sech leider misse geschloe ginn! 💪👍💪
Eis 3. Equip huet d'Spiller vun der EIB empfaangen an och sie hunn hiere Géigner keng Chance gelooss, sou datt och sie eng souverän Victoire konnte feieren! 💪👍💪
An eis 4. Equip ass zu Mont Saint Martin op ugetrueden, wou Sie hiere Géigner direkt gewisen hunn, datt op deem Dag géint déi Péitenger Faarwen just wéineg ze huelen ass, sou datt och sie eng kloer Victoire konnte feieren! 💪👍💪
PET1 - SCS1 4:0
EIB1 - PET2 3:1
PET3 - EIB2 4:0
MSM2 - PET4 1:3
Top Leeschtungen Mädel a Jungs!!! 💪💪💪
16/04/2026
Tournament results:
Open A
Miguel Duarte Tojal (seed 2) - 3e place
Kyllian Hebbelinck (seed 3/4) - 2e place
Guillaume Plancke (seed 3/4) - 4e place
Alex Savini (seed 5/8) - 9e place (played winner)
Vincent Boulic (seed 9) - 11e place
Ken Haux (seed 12) - 10e place
François Meurs (seed 14) - 13e place
Open B
Bernard De Stobbeleir (seed 3/4) - 1re place
Renaud Bournonville (seed 5/8) - 9e place
David Da Luz (seed 5/8) - 5e place
Christian Deloge (seed 5/8) - 10e place
Rui Costa (seed 9) - 8e place
Nicolas Sudret (seed 10) - 7e place
Open C
Patrick Teyssier (seed 1) - 3e place
Robert Akopyan (seed 5) - 2e place
-
www.tournamentsoftware.com
21/03/2026
Watch the live stream of our Squash Open 2026 tournament on the youtube link below!
Pétange Squash Open 2026 - J2
Pétange Squash Open 202620-21 mars 2026 www.tournamentsoftware.com/tournament/A7C4C421-01E1-4E1B-BFF7-F1583E4AFE5E
20/03/2026
Dëse Weekend invitéiert Äere Lieblings-Squash Club zu Péiteng säin Heemturnéier, de Pétange Open 2026!
De Squash Club Péiteng trëtt dobäi mat 13 Spiller un, et sinn dëst
De Vincent Boulic, Renaud Bournonville, Ricardo Costa, David Da Luz, Bernard De Stobbeleir, Christian Deloge, Miguel Duarte Tojal, Ken Haux, Kyllian Hebbelinck, François Meurs, Guillaume Plancke, Alex Savini an de Patrick Teyssier!
Forza Pétange!!! 💪💪💪
Kommt all gäere laanscht fir eng gudd Stëmmung, fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt!
-
An diesem Wochenende läd Euer Lieblings-Squashverein zu seinem heimischen Turnier, dem Pétange Open 2026!
Der Squash Club de Pétange tritt dabei mit nicht weniger als 13. Spielern an und zwar
Vincent Boulic, Renaud Bournonville, Ricardo Costa, David Da Luz, Bernard De Stobbeleir, Christian Deloge, Miguel Duarte Tojal, Ken Haux, Kyllian Hebbelinck, François Meurs, Guillaume Plancke, Alex Savini und Patrick Teyssier!
Auf geht's Jungs!!! 💪💪💪
Kommt gerne vorbei und genießt tolle Spiele und eine wunderbare Stimmung!
-
Ce weekend votre Club de Squash préféré invite à son tournoi, le Pétange Open 2026!
Le Squash Club de Pétange y participe avec pas moins de 13 joueurs,
Vincent Boulic, Renaud Bournonville, Ricardo Costa, David Da Luz, Bernard De Stobbeleir, Christian Deloge, Miguel Duarte Tojal, Ken Haux, Kyllian Hebbelinck, François Meurs, Guillaume Plancke, Alex Savini et Patrick Teyssier!
Forza Pétange!!! 💪💪💪
Venez nombreux pour soutenir nos pétangeois et profitez d'une bonne ambiance!
-
LIVE-STREAM - Court 2:
https://www.youtube.com/live/UMhE-9Sn__0?si=Dj6y9dxO5a6fnElW
www.tournamentsoftware.com