28/08/2026
⚽️ 2. Spilldag ⚽️
No engem schwéieren Optakt, wou mir leider um 1. Spilldag d’Punkten missten ofginn, kucke mir elo no vir!
📅 Datum: 30.08.2026
🕒 Zäit: 16:00 Auer
📍 Stadion: Stade Albert Berchem, Kehlen
Kommt laanscht, maacht Stëmmung an ënnerstëtzt eis Ekipp! 🔵🟡🔵
21/08/2026
🔥1. SPILLDAG VUN DER SAISON 🔥
Et geet nees lass! ⚽️🔵🟡🔵
An direkt am éischte Match waart e richtegen Highlight op eis: den CS Grevenmaacher kënnt op Besuch! 💪
📅 Sonndeg, 23. August 2026
🕓 16:00 Auer
📍 Stade op Biirk, Menster
No enger intensiver Virbereedung si mir prett fir den éischte Kampf ëm Punkten! 🔥
Mir wëllen mat engem staarke Start an déi nei Saison goen – an dofir brauche mir är Ënnerstëtzung! 📣🙌
Kommt laanscht, maacht Stëmmung an ënnerstëtzt eis Ekipp! 🔵🟡🔵
12/08/2026
🏆 RÉCKBLÉCK OP ENG SUPER COUPE GAETANO MELLA 🏆
Wat fir eng flott Editioun vun eiser Coupe Gaetano Mella! ⚽🔥
Beim Match ëm d’Plaz 3 konnt sech den FC Berdenia Berbourg mat 4-1 géint den FC Jeunesse Useldange duerchsetzen. 👏⚽
An der Final gouf et e richtege Krimi! 🔥
No engem spannende Match huet sech d’Union Remich/Bous um Enn am Elfmeterschéissen mat 4-3 géint den FC Syra Mensdorf duerchgesat an domat d’Coupe gewonnen. 🏆👏
Mir gratuléieren der Union Remich/Bous ganz häerzlech zum Gewënn vun der Coupe! 🏆💪
E grousse Merci un all d’Ekippen, déi un eiser Coupe deelgeholl hunn, fir déi spannend Matcher an déi flott Ambiance! 🙏⚽
A natierlech och e grousse Merci un all eis Supporter, Helfer an Frënn vum Veräin, déi dës Editioun méiglech gemaach hunn. 🔵🟡🔵
📸 Hei nach e puer Impressiounen vun der Coupe-Iwwerreechung!
08/08/2026
Haut stin d‘Finalen vun der Coupe Gaetano Mella un! ⚽️ Kommt all laanscht an ennertstetzt eis Jongen an der Final geint Union Reimech/Bous ! 🔵🟡🔵
🏆⚽ DËSE SAMSCHDEG STEET D’FINAL UN! ⚽🏆
No 2 spannende Matcher de leschte Weekend ass et elo esou wäit: dës Woch stinn d’Finale vun der Coupe Gaetano Mella un! 🔥
Eis Jongen hunn sech no enger 1-0 Victoire géint de FC Jeunesse Useldange fir d’Final qualifizéiert! 💪
Elo waarden an der Final d’Jongen vun Union Remich/Bous op eis! 🔥⚽
📅 Samschdeg, den 8. August
📍 Stade op Biirk, Mensdorf
🕓 16:00 Auer
🥉 Match ëm d’Plaz 3
FC Berdenia Berbourg 🆚 FC Jeunesse Useldange
🕡 18:30 Auer
🔥 FINAL 🔥
FC Syra Mensdorf 🆚 Union Remich/Bous
Kommt alleguer laanscht, verbréngt e flotte Fussballdag mat eis a kommt eis Jongen an der Final kräfteg ënnerstëtzen! 🙌⚽
07/08/2026
Eisen fréieren Jugendspiller Gil Neves huet en Profikontrakt beim 1. FC Köln ënnerschriwwen! ✍🏻👏🏻
Mir sin stolz op dech an wenschen dier vill Erfolleg zu Köln Gil! 👏🏻💪🏻⚽️
06/08/2026
Comité – Saison 2026/2027
Mir freeën eis, iech den Comité fir d’Saison 2026/2027 virzestellen.
E grousse Merci un all eis Comitésmemberen, déi sech mat vill Engagement an Asaz fir eise Veräin asetze. Mir freeën eis op eng flott a erfollegräich Saison zesumme mat iech all!
Op eng super Saison 2026/2027! 🔵🟡🔵
03/08/2026
🏆⚽ DËSE SAMSCHDEG STEET D’FINAL UN! ⚽🏆
No 2 spannende Matcher de leschte Weekend ass et elo esou wäit: dës Woch stinn d’Finale vun der Coupe Gaetano Mella un! 🔥
Eis Jongen hunn sech no enger 1-0 Victoire géint de FC Jeunesse Useldange fir d’Final qualifizéiert! 💪
Elo waarden an der Final d’Jongen vun Union Remich/Bous op eis! 🔥⚽
📅 Samschdeg, den 8. August
📍 Stade op Biirk, Mensdorf
🕓 16:00 Auer
🥉 Match ëm d’Plaz 3
FC Berdenia Berbourg 🆚 FC Jeunesse Useldange
🕡 18:30 Auer
🔥 FINAL 🔥
FC Syra Mensdorf 🆚 Union Remich/Bous
Kommt alleguer laanscht, verbréngt e flotte Fussballdag mat eis a kommt eis Jongen an der Final kräfteg ënnerstëtzen! 🙌⚽
26/07/2026
Merci un all déi, déi un eiser Generalversammlung deelgeholl hunn! 🙌
Mir freeën eis, datt mir eng gelongen Generalversammlung mat villen interesséierte Leit haten.
Op der Generalversammlung ass eise President nei gewielt ginn, an den neie Comité gouf mat de folgende Memberen bestätegt:
Steve Wildschütz – President
Michael Vogel
Dominique Welter
Thierry Billa
Kim Scholtes
Alex Apolinario
Mike Brendel
Miguel Pereira
Lucie Suria
An den nächsten Deeg stelle mir Iech de komplette Comité mat de jeeweilege Posten am Detail vir.
Merci fir äert Vertrauen a mir freeën eis op déi kommend Aufgaben! 🔵🟡🔵
09/07/2026
📅 Hei ass eise Spillplang fir d’Hironn an der Saison 2026/27! 🔵🟡🔵⚽
Mir freeën eis op eng spannend Saison a virun allem op är Ënnerstëtzung. Den éischte Match steet direkt doheem um Programm: den 23. August géint CS Gréiwemaacher. Mir hoffen op vill Support um Terrain!