24/08/2026
🇱🇺 Querinjean pulveriséiert de nationale Rekord iwwert 3000 Meter Steeple💪
De Ruben Querinjean huet e Sonndegnomëtteg zu Chorzow (Polen) eng aussergewéinlech Leeschtung gewisen an ass op déi véiert Plaz an engem héichkompetitive Rennen komm.
Gewonne gouf d'Course vum Ethiopier Gemechu Godana an 8:02,74 Minutten, virum zweefachen Olympiameeschter Soufiane El Bakkali (8:04,61) an engem weidere Marokkaner, dem Salah Ben Yazide (8:05,08). De Querinjean ass direkt hannert dem nordafrikaneschen Athlet iwwer d'Arrivée komm an huet eng beandrockend Zäit vun 8:05,36 erreecht. Wahnsinn!!!👏
22/08/2026
🇱🇺🏃♂️ Muer um 10h00 Treffpunkt Parking Hall Polyvalent zu Scheffleng
Mir sin gespaant ween alles kënnt? Einfach ferdeg ungedoen an equippéiert dohinner kommen. Dir erkennt eis direkt, sicht einfach no enger Grupp Leefer-innen 💪🙏
Geplangt sin 10-12km mat enger Pace vun 7min/km. Kann awer alles ungepasst gin, deemno wat Leit wellen an kennen laafen. Och méi Gruppen sinn méiglech mat engem Pacemaker, also enger Persoun wou den Tempo virgëtt🏃♀️⏱️
Mir freehen eis op iech 😁😍 Een Strava Link fannt dir an den Comments👇
21/08/2026
😵💫Lautern wënnt Chaos-Match mat 1:0 zu Mannheim.
Virun der Verlängerung am DFB Pokal-Match ass et lassgaangen. Nodeems d'Spiller a Mataarbechter vu Kaiserslautern, no enger Rudelbildung, vun der Haapttribün mat Objeten beschoss goufen, goufen d'Fackelen aus Richtung Haapttribün ofgeschoss, wouduerch d'Mannheimer Fans probéiert hunn, d'Spillfeld ze stiermen. Den Arbitter Schröder huet béid Équipen an den Tunnel geschéckt, an d'Police ass, mat Päerd, op den Terrain gaangen🤨
21/08/2026
🔥Duplantis a Karalis liwweren sech en historescht Battle😵💫
Zwee mëll Stabsprénger! Op sengem Wee zur Victoire beim Diamond League Meeting zu Lausanne huet den Olympia- a Weltmeeschter Mondo Duplantis aus Schweden all Héicht beim éischte Versuch erreecht. Nodeems hien 6,21 Meter erreecht hat, huet den Armand Duplantis probéiert, de Weltrekord vun 6,32 Meter ze erreechen, awer zweemol gescheitert an huet sech duerno aus der Competitioun zréckgezunn.
Obwuel d' Victoire vum Héichsprénger op der Place de la Navigation wéi gewinnt dominant war, huet säi griichesche Rival Emmanouil Karalis laang matgehalen. Hie koum mat staarke 6,16 Meter op déi zweet Plaz, genee wéi bei de Meeschterschaften zu Birmingham. Am Fräien ass de Griich elo hannert dem Duplantis op der zweeter Plaz an der Lëscht vun de beschte Stäbsprénger vun allen Zäiten. 2 Sportler iwwer 6,15m💪
21/08/2026
🇱🇺🏃♂️Emfro: 11F Laaf Community?!
Mir hunn gesin dass eis Post déi lescht Zäit iwert Thema Laafen immens gudd unkomm sin bei iech. Dofir wollten mir einfach mol eng Emfro starten:
Ginn et hei e puer Leit, déi interesseiert wieren fir mol ab und zu zesumme laafen ze goen. Egal op Ufänger oder Profi, et soll fir Jiddereen eppes dobäi sinn 💪🙏
Loost eis et wessen andeems der een LIKE ofgidd oder är Ideen an de COMMENTS schreiwt 👇👍
20/08/2026
⚽️🇱🇺 Barreiro trëfft erem fir Benfica!
Am Aller Match an der Europa League trëfft den Leandro Barreiro zum 2-0 vir Benfica. Endresultat géint den Aarhus GF (DEN) as 3-1. Domader huet Benfica gudd Kaarten fir sech fir d'Ennronn vun der EL ze qualifizéieren déi nächst Woch 🦅
📸 Leandro Barreiro Instagram
20/08/2026
🔴🏃♂️ LIVESTREAM 18H mam Tiago Gouveia!
Haut um 18h00 gin mir live mam Max de Ridder deen dem Tiago Gouveia (Ultra Runner) all är Froen stellt an nach vill méi😅
Sidd gespaant an stellt elo schon är Froen an de Comments👇
20/08/2026
🏎🏁BREAKING: De Max Verstappen verlängert bei Red Bull bis 2030!
Laang gouf iwert en méiglechen Wiessel zu engem aneren Team diskutéiert, zumols well heen öffentlech oft seng Onzefriddenheet bei RB ausgeschwaat huet.
Domader as dann elo Schluss. Kann den Verstappen nach eemol Weltmeeschter ginn an där Zäit? 🥇🏆
📸 F1 Facebook
19/08/2026
✍️De BVB huet dem lëtzebuergeschen A-Nationalspiller Enzo dos Santos e Profivertrag ginn.
An zwar huet de Mëttelfeldspiller dëse Mëttwoch e laangfristege Kontrakt beim aachtfache däitsche Meeschter ënnerschriwwen. 🤝🇱🇺