21/07/2026
50 Joer DT Wëntger an engem Fotobuch zesummen gefaasst. Quasi den Best of!🤩
Wann Dir nach interesséiert sidd um Buch fir 45€, dann schreiwwt eis iwwer PN un.
Stechdatum fir d'Bestellung as den 30. Juli.
Soot et gäeren virun, et as een aussergewéihnleche Réckbleck op 50 Joer Sport an flotte Momenter!🥹
06/07/2026
Maacht et wéi mir: meld Iech un fir d'Sportlerehrung!🏆
14/06/2026
E Freiden Owend am Barteshaus war et den Ofschloss vun enger laanger Saison mat als Héichpunkt dem 50. Anniversaire vun eisem Verain.
Den Tom Thines konnt e Cheque iwwerreechen iwwer 1100€. Hien haat fir den Anniversaire Blummen aus Holz gemaach an déi verkaaf an entscheed den Erléis un den DT ze gin mat der Idee en Ausfluch ze maachen❤️
Ausgezeechent goufen och déi 3., 4. an 5. Ekipp fir hieren Opstieg!💪
D'Generalversammlung stung ganz am Zeechen vun Abschied an engem Bléck no viir.
De Pierre Neser huet no iwwer 35 Joer als Keesenrevisor opgehaalen.💐
An dann war et den laang geplangten Abschied vun 4 Memberen aus dem Comité: Maryse no 25 Joer dovun 15 als Sekretärin, dem Jacques no 25 Joer als Keessier, dem Vinc no 15 Joer als Präsident an dem Aloyse no 50 Joer am Comité. Fir sie gouf et een Abschied deen keen sou schnell vergësst!🥹
De Luss Meyers huet dunn nach e puer schéin Wieder un eise Verain geriicht ier de Ravi eis verwinnt huet mat indeschem Iessen.
De Comité setzt sech elo folgermoossen zesummen:
Anouk Miny (Präsidentin), Sam Hendel (Sekretär), Patrick Hebertz (Keessier), Max Schweich (Resp. Equipen), Larissa Gales, Marc Remy, Daniel Remy, Dylan Bossio, Charel Thill, Edwin Van Mierlo an Luc Reff.
Fotoën: Mario Thill📸
20/05/2026
Den Dëschtennis as och mat dobai. Breng deng Turnschung mat fir an d'Hal an lass geet et!🏓
Mir freën eis op dech!😀
Wincrange | Nuit du sport
Nous vous remercions pour votre visite sur notre site web. Le programme de la Nuit du Sport dans notre commune sera prochainement disponible !
17/05/2026
Gëschter waren mir um Enn vun der Saison mat 1 Minimes an 2 Jeunes Ekippen um Start.
Fir d'Emma Streveler (Mëtt) war et sain alleréischte Match iwwerhaapt an hatt konnt direkt een Eenzel gewannen!💪
Emma, mir wënschen Dir vill Freed beim DT!🏓
16/05/2026
Stellvertriedend fir all Primaner, wënschen mir Iech Emma, Marie an Vic all Guddes an den Examen ab e Mondig! Dir rockt daat!💪🍀
09/05/2026
Alles as prett fir den Highlight vun eisem Gebuertsdaag. Nom Tournoi de Mëtten as den Owend eis grouss Feier am Centre Culturel.
Mir freen eis immens 😍
08/05/2026
Läschten Sonnden war eis Foto- an Konstausstellung op fir de Public. Mir waren frou virun allem eng Reih fréier Spiller kënnen do ze begréissen an hun mat hinnen e puer geselleg Stonnen bei engem Patt verbruecht!
06/05/2026
E Samsden gouf den Tournoi sur invitation gespillt am Kader vun eisem 50. Gebuertsdaag mat engem uschléissenden Iessen am Centre culturel. Et goufen vill flott Momenter an mir soën all deenen déi zum Erfolleg baigedroën hun, ee grousse Merci!