DT Scheierbierg

DT Scheierbierg

Partager

Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de DT Scheierbierg, Équipe sportive, Luxembourg.

20/07/2026

Geschwënn ass et nees sou wäit! Eist traditionellt Summerfescht um Gréin fënnt statt! 🎉

Den 8. & 9. August invitéiert Iech den DT Scheierbierg op hiert Summerfescht zu Réimech um Gréin. ☀️

Bréngt Honger an Duuscht mat, a genéisst mat eis e flotten Nomëtteg oder Owend. 😃

Fir Musek & gutt Stëmmung ass natierlech och gesuergt! 🥳

Mir freeën eis op Iech 😊

Photos from DT Scheierbierg's post 16/06/2026

Den Samsdeg hat den DT Scheierbierg nees seng Generalversammlung🏓

De Réckbléck vun der Saison 25/26 gouf presentéiert, souwéi d'Éierungen an den Ausbléck op déi nächst Saison. Zousätzlech krute mir mam Max, Noah an Daniel dräi nei Memberen an den Comité dobäi.🤗💪🏼

Fir d‘Generalversammlung gemittlech ofzeschléissen hu mir nach zesumme gutt giess.😊🍽️

Merci u jiddereen fir dee flotten Owend😄

Photos from DT Scheierbierg's post 10/06/2026

Leschte Sonndeg hate mir eist Duerffescht beim Molteschhaus zu Bous🍴😊

Gutt Wieder an eng flott Ambiance huet eis nees e flotten Nomëtteg erméiglecht. ☀️🍔🌭🍺🥂

Mir wëllen nacheemol jidderengem Merci soen fir dat gelongent Fescht😄🏓

Photos from DT Scheierbierg's post 01/06/2026

Den DT Scheierbierg war lescht Woch mat der Trupp zu Mallorca🎉🥳

21/04/2026

Et ass esou wäit: d‘Duerffescht steet virun der Dir😎

Kommt all den 7. Juni ab 11.30h bei eis ob den Apéro🥂 a genéisst fir Mëtteg e gudde Wupp vum Grill🌭

Dëst Joer fënnt eist Duerffescht ob enger neier Plaz statt: beim Molteschhaus zu Bous bei der Schoul☺️
Mir freeën eis ob iech🤩☀️

Photos from DT Scheierbierg's post 14/12/2025

Geschter huet eis Dammen-Equipe an der 1/4 vun der Coupe de Luxembourg Dames gespillt💪🏼 Leider hunn si sech 1-4 géint Hueschtert-Folscht misse geschloe ginn😔 trotzdeem haten si vill Spaass an haten e mega Supporter-Club, deen si vum éischte Ball un enorm ënnerstëtzt huet🤩 Merci dofir🫶🏼

D‘nächst Joer ass et dann d‘Zil, minimum bis an 1/2 Final ze kommen😎

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Site Web

Adresse

Luxembourg