Wanderfrenn 74 Mertert asbl

Wanderfrenn 74 Mertert asbl

Partager

Eng Wanderung fängt un mat dem 1.. Schrëtt

Photos from Wanderfrenn 74 Mertert asbl's post 30/08/2026

Dëse Weekend ware mir um
Marathon vun Dikkrech bis op d‘Fouer,
an der Fiels
an och zu Contz-les-Bains op den IVV Wanderunge vertrueden.
Top Christiane a Michèle 🏅🏅

Photos from Wanderfrenn 74 Mertert asbl's post 24/08/2026

Mir kruten och nach e puer Fotoe vun eise Membere vun der IVV Wanderung gëschter zu Gilsdref eran. Gratulatioun dem Christiane an dem Michèle fir hire Marathon.

Photos from Wanderfrenn 74 Mertert asbl's post 23/08/2026

Haut ware mir sportlech a kulturell ënnerwee. Mir sinn zu Mülheim an der Mosel de Wanderwee „Panoramaweg“ getrëppelt. Duerno hu mir iess de schmassege Concert vun der Douanesmusek 🎼🎶🪊🎸um Summerfest am

Hotel Weisser Bär 🐻‍❄️ugelauschtert. Also Oschlooss hu mir en klengen Tour op Bernkastel-Kues gemaach an hunn och nach déi schéi Vue op hirer Skywalk genoss.

Photos from Wanderfrenn 74 Mertert asbl's post 22/08/2026

Haut ware mir zu 17 Wanderer zu Äischen op der Wanderung op engem ganz naturnoe Wee.

Photos from Wanderfrenn 74 Mertert asbl's post 16/08/2026

Haut ware mir op der IVV Wanderung bei de Micky Mais vu Bech. Leider huet een net vill vun der Ofkillung gespiert, déi se haut gemellt haten.

Photos from Wanderfrenn 74 Mertert asbl's post 10/08/2026

Gëschter si mir de neien Tracé vum PW028 ofgaangen. Déi nei Kontrolle hänken nach net. Et ass just am Moment eng Kontroll um Wee. Mir wäerten dat awer déi nächst Woch maachen. Den Tour ass awer schonns ganz gezeechent.

Photos from Wanderfrenn 74 Mertert asbl's post 09/08/2026

An och zu Oudrenne (F) ware mir op der IVV Wanderung vertrueden.

Photos from Wanderfrenn 74 Mertert asbl's post 09/08/2026

Haut krutte mir dëss Fotoen eran vun der IVV Wanderung zu Bungeref.

Photos from Wanderfrenn 74 Mertert asbl's post 02/08/2026

Haut war eng Equipe vun eis am Bambësch ënnerwee wou mir den Trail 2 getrëppelt sinn. Dësen Tour war bal nëmmen am Bësch a ganz agreabel bei deenen Temperaturen.

Photos from Wanderfrenn 74 Mertert asbl's post 02/08/2026

Merci dem N‘da fir Fotoen vun der 20 km Stréck zu Ettelbreck bei schnuckelegen Temperaturen.

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Site Web

Adresse

Luxembourg