20/07/2026
Open Luxembourg Nationals 2026 🇱🇺🏆
📍La Coque
🗓10.07.2026 - 12.07.2026
Ee sensationellen Ofschloss vun der Saison🤩 Fir eis Schwëmmer stoung läschte Weekend déi läscht Competitioun vun dëser Saison um Programm :
👥️️ 26 Schwëmmer am Asaz
🏊♂️201 Coursen
❤️🔥 4 Staffelen
🏆 65 Finalisten
.. an ee ganze Koup Medailen an néi Bäschtzaiten🔥
👏 Ee groussen BRAVO un all eis Schwëmmer fir hier Disziplin an hire Courage. Ee groussen MERCI un all eis Trainer fir hiert Engagement an hier Motivatioun!💙
🐬GO SCDE🐬
16/07/2026
🏊♂️CENTRAL EUROPEAN COUNTRIES JUNIOR MEET 2026🔥
D'Lëtzebuerger Schwammfederatioun trëtt erëm op Internationalem Niveau un an dat vum 17ten bis den 19ten Juli zu Ljubljana a Slowenien.💦
💪Eise Schwëmmer de Felix Visser ass och mat vun der Partie a representéiert mat ganz vill Stolz Lëtzebuerg an de Numm vum SCDE.
Hen ass awer net alleng, well eisen Trainer de Sam Chadwick ass och als Coach mat dobai.👏
🎥 All d'Resultater esou wei de Livestream fannt dir op hierem Internetsite!
https://www.plavalna-zveza.si/events/cecjm-2026/
🤞Mir drécken dem Felix fest d'Daumen a wënsche Bonne Chance fir déi nächst Deeg!🔥
🐬GO SCDE🐬
09/07/2026
🏆Festival de l'Avenir 04-05.07.2026🇱🇺
Läschte Weekend stung fir eis jonk Schwëmmer dei läscht Etapp vun der Serie "Avenir" um Programm. Noo der Trophée an dem Grand Prix de l'Avenir war et dann lo um Festival de l'Avenir.
Eng ganz Partie vun eise Kanner an hier Trainer hun sech dofier op Déifferdeng an d'Piscine AquaSud déplaceiert a konnten zesummen ee schéine Schluss vun enger gudder Saison féieren🎉🏊♂️
👏Ee ganz groussen BRAVO un all eis jonk Schwëmmer fir hier Performancen an un hier Trainer an Eltere fir hiert Engagement! 💙
Op déi nächst Saison!🔥
🐬GO SCDE🐬
29/06/2026
💥CNP International Swim Cup 28.06.26💥
16 Schwëmmer aus eise Gruppen "Equipe 1" a "Jeunes" waren dëse Weekend um Campus Geesseknäppchen zu Diddeleng présent, wou den International Swim Cup 2026 stattfonnt huet.
Hei konnte sie sech eng ganz Partie néi Beschtzäite secheren a sech gutt preparéiere fir an zwou Wochen dann um Summerchampionnat alles kennen ze ginn!💣
🔥Mir drécken op jiddefalls alleguer d'Daume fir déi läscht Competitioune vun der Saison!
🐬GO SCDE🐬
14/06/2026
💥Meeting International de la Ville d'Ottignies - Louvain-La-Neuve 06/07.06.2026🇧🇪
Dann waren d'Schwëmmer aus eise Gruppen "Equipe 1" a "Jeunes" leschte Weekend zu Ottignies Louvain-La-Neuve an der Belsch wou de Meeting International de la Ville d'Ottignies stattfonnt huet.
👉18 Schwëmmer
👉 2 Coaches
👉 2 Officiels
Hei konnten eis Schwëmmer mat ville gudde Leeschtunge punkten an hunn och e puer Erfarungen gesammelt!💣
Zwee vun eise Schwëmmer, d'Nadia Staicu an den Olivier Bervas-Schumacher waren zousätzlech nach Deel vun der "FLNS Project Prospect" Selectioun.
🏊♀️ Gratulatioun, Nadia! 🏊♀️
Den SCDE ass iwwerdeems nach houfreg op eis Schwëmmerin Nadia Staicu, wat eng B-Kaderzäit am 50m Freestyle geschwommen ass! 💪🔥
Mat vill Engagement, Disziplin an haarder Aarbecht hues du dëst Zil erreecht. 👏
Mir gratuléieren dir ganz häerzlech a freeën eis op nach vill weider Erfolleger am Basseng! 🚀
Bravo Nadia! 💙🤍
🐬 a GO SCDE🐬
12/06/2026
💦Peter und Paul Schwimmfest Trier 30-31.05.2026🇩🇪
E puer Schwëmmer aus eise Gruppe Jeunesse an Easy Compétition waren fierun zwou Wochen zu Tréier am Asaz!
Mir féliciteieren jidderengem fir hiert Engagement an hier gudd geschwommen Zeiten!💪
Bravo alleguer🔥
🐬GO SCDE🐬
09/05/2026
🇬🇷Acropolis Swim Open - Athen 08-10.05.2026🔥
D'Lëtzebuerger Schwammfederatioun trëtt erëm op Internationalem Niveau un an dat vum 8ten bis den 10ten Mee um Acropolis Swim Open am Olympic Aquatic Centre of Athens.💦
💪De Mats, d'Lynn, d'Joyce an de João sinn mat vun der Partie a representéiere mat ganz vill Stolz de Numm vum SCDE.
🎥 Weider Informatiounen zur Kompetitioun, esou wei de Livestream, d'Startlëschten an d'Resultater fannt dir hei :
https://acropoliswimopen.com/
🤞Mir drécke jidderengem fest d'Daumen a wënsche Bonne Chance!🔥
🐬GO SCDE🐬
07/05/2026
💦Manfred Schillo Gedenkschwimmfest, Püttlingen 03.05.2026🇩🇪
E puer Schwëmmer aus eise Gruppen Espoirs a Jeunesse ware letzten Samsden zu Püttlingen an Daitschland am Asaz!
Gudd Laun,
Gudd Coursen,
Gudd Ambiance🥳
Mir féliciteieren jidderengem fir hiert Engagement an hier super Zeiten!💪
Bravo alleguer🔥
🐬GO SCDE🐬
03/05/2026
💫 Diddelenger Schwammfest 25/26.04.2026💫
23 Schwëmmer aus de Gruppen Equipe 1 a Jeunes hun läschte Weekend um Geesseknäppchen den SCDE um Diddelenger Schwammfest vertrueden.
An et huet sech gelount!👏 eng gudd Rei néi Beschtzaiten, eng Partie Finalen an e puer Podiumsplatzen konnten sech gesëchert ginn 💪
🐬GO SCDE🐬
26/04/2026
🐬CIVE - Challenge International de la Ville d'Ettelbruck 18/19.04.26🐬
Vum 18ten bis de 19ten Abrëll 2026 huet dei 39. Editioun vum Challenge International de la Ville d'Ettelbruck zu Ettelbréck an der Schwemm stattfonnt. 🤩
Fir eis Schwëmmer war dee Weekend ee grousse Succès! Mat ville Finalisten an enger gudder Partie Podiumsplazen hun sie gewisen wat sie sou drop hun!🏆
👏Ee groussen Applaus och un eis 4x50m Papillon Staffel dei sech dei éischt Platz gesechert kruut.
📸Weider Fotoen an all d'Resultater esou wei och de Livestream fannt dir op eisem Internetsite www.scde.lu
Mir sinn immens dankbar fir all eenzegen Benevoll, Offiziellen an Trainer den dee Weekend am Asatz war an eis dobei gehollef huet de CIVE iwwert d'Bühn ze brengen.🫶
Ee ganze décke Merci geet och nach eng Keier un eis Sponsoren! 💝
Den SCDE seet Merci a bis d'nächst Joer!
🐬Just Swimming,
a GO SCDE🐬