M-Block Fanatics 95 Lëtzebuerg

M-Block Fanatics 95 Lëtzebuerg

Partager

Ultras of Luxembourg Football National Team

Virverkaaf UEFA Nations League 2026-2027 22/08/2026

D'Bestellungen schéinen elo (endlech) ze fonktionnéieren!

Virverkaaf UEFA Nations League 2026-2027 De Virverkaaf fir d'UEFA Nations League 2026-2027 fängt muer un. Jiddereen den en Abo am M-Block fir déi vergangen Kampagne hat, wert muer eng E-Mail vun Luxembourg-Tickets kréien fir sech erem en Abo secheren ze kënnen! PS:Haalt de Spam-Filter am Bléck.

Virverkaaf UEFA Nations League 2026-2027 18/08/2026

Virverkaaf UEFA Nations League 2026-2027 De Virverkaaf fir d'UEFA Nations League 2026-2027 fängt muer un. Jiddereen den en Abo am M-Block fir déi vergangen Kampagne hat, wert muer eng E-Mail vun Luxembourg-Tickets kréien fir sech erem en Abo secheren ze kënnen! PS:Haalt de Spam-Filter am Bléck.

03/06/2026

Zur Feier vum Daag haut mol eppes ganz neies:

Haut mol e Rezept aus der Italienesch-Lëtzebuergescher Cross-over Kichen:

🇮🇹Spaghetti alle Wäinzoossis 🇱🇺

Dir braucht:
(fir 4 Rout Léiwen)

* 8 Lëzebuerger Wäinzoossiss'en
* E Paak Spaghetti (Déi wou d'Zoos esou gäil päscht)
* 1 EL Pflanzenueleg
* 1 grouss Schalott
* 160 ml Wäißwäin (fir an d'Zoos)
* 500 ml Wäisswäin (fir an de Kach)
* 180 ml Kallewsfond
* 250 ml Rahm
* 3 EL Lëzebuerger Moschter
* 2 EL Dijon Moschter „à l'ancienne“
* Salz a Pfeffer

D'Rezept:

1. D'Wäinzoossis kleng schneiden a gudd unbroden, duerno op d'Säit stellen bis d'Zooss fäerdeg ass.

2. An der selwegter Paan gëtt elo déi fein gehackt Schallott ungebroden ier se mam wäisse Wäin oofgeläscht get. Daat ganzt elo gudd reduzéieren loossen, a selwer mol e Pättchen drénken.

3. Nom Reduzéieren mam Kallewsfond opfëllen an de Moschtert dobäi maachen. Alles verréieren.

4. Daat ganzt gëtt elo op 1/3 reduzéieren geloos, mat Rham oofschmaachen.
5. Salz a Peffer no perséinlechem Gusto

6. D'Wäinzoossis dran an erem warm ginn loossen.

7. Dem Italieneschen Noper nokucken wéi en dobäi geckeg get. En dierf awer och gäer matiessen. ;)

🇱🇺 Gudden Appetit!
🇮🇹 Buon appetito!

17/05/2026

Opléisung vum Gewënnspill:

Häerzlechen Gléckwonsch,Max BW !

Du gewënns zwee Ticketen fir de Match tëschend Lëtzebuerg an Italien!

Merci jidderengem fir d'Matmaachen!

05/05/2026

Haut keng Chance gehat?
Mir verlousen 2 Ticketen am M-Block fir de Match géint Italien.

Fir matzemaachen:
1. Post Liken & deelen
2. Member op www.mblock.lu ginn (Gratis-Versioun geet duer)
3. Ebessen Chance hunn.

De Gewënner get Sondes, de 17.Mee 2026 kontaktéiert

Vill Gléck ierch all!

30/04/2026

Et ass esou wäit, mir stellen eisen neiste Projet fir!

Nodeems mer eis mat der Westkéier Lëtzebuerg ASBL en "offiziellen" Kader ginn hunn, den eis et erlaabt eis besser a méi professionell ze organiséieren, starte mir elo eisen offiziellen Internetsite.

https://www.mblock.lu

Dëst huet fir eis, a fir iech all direkt eng Rei Virdeeler.

Dir als Notzer fannt net nëmmen ëmmer all wichteg Informatiounen zu eisen Aktivitéiten zentral op enger Platz, nee, dir kënnt iech och aktiv op eiser Plattform begéinen an austauschen. Dir fannt och en Onlineshop mat ëmmer neie Produite fir.
Mir sinn ëmmer erëm no Memberskaarten gefrot ginn, och dat ass elo digital méigeleg.

Jiddereen den sech bei eis um Site umellen wëll, kann dëst souwuel gratis, wéi och an enger "Supporter-Versioun" maachen, dës digital Memberskaart kascht 15€ pro Joer a bitt e puer Virdeeler, wéi zb. zäitweis Rabatt-Aktiounen am Shop, ma ass haaptsächlech un déi Leit geriicht déi eis gär ënnerstëtzen wëllen.
Spenden fir Choreografië sinn och elo Online méigeleg.

De Shop, wéi och d'Spendenfunktioun sinn mat alle gängegen Bezuelungsmëttel (Kreditkaart, Apple Pay, Google Pay,...) verbonn, sou dat dat elo e gutt Stéck méi einfach a professionell leeft.

De Site ass nei, et sinn nach déi eng oder aner Feeler dran, mee mir schaffen drun de Site weider auszebauen. Nei Fanartikel wäerten no an no an de Shop kommen.

Heizou nach epuer Erklärungen:
Bei alle Produiten am Shop handelt et sech em Dropshipping-Produkter. Dat heescht dat eng extern Firma no enger Bestellung de Produit produzéiert an un iech verschéckt, dës Saache ginn also jee no Demande nei produzéiert an sinn no e puer Deeg bei iech doheem. Op de Versand hu mir dobäi keen Afloss.

🦁D'Jackette sinn do allerdéngs eng Ausnam! Dës gi vun enger anerer Firma fir eis zesummegeschnidden, wat e vill méi opwennege Wee ass. Mee och do gëtt et fir iech eng Interessant nei Méiglechkeet:

Dir kënnt ab elo Jackette virbestellen, soubal mir da genuch Bestellungen hunn (30 sinn de Minimum), lancéiere mir d'Bestellung an da start d'Produktioun.
Firwat ass dat esou wichteg fir eis? Mir si wéi gesot ëmmer op opmanst 30 Bestellungen ugewisen, an dat féiert zu héigen Produktiounskäschten fir eis, déi mir bis elo ëmmer privat hu misste virstrecken. Op de Jacketten ass keng héich Marge, mir mussen do déif an d'Täsch gräifen an eis duerno ploe fir déi Suen erëm eranzekréien. Dofir konnte mir och bis elo ni e gréissere Stock opbauen, et waren ëmmer just puer Jacketten a verschidde Gréissten do. Dat misst elo besser ginn, well dir einfach är Gréisst bestellen (a bezuelen) kënnt, an da just waarden musst bis se do sinn. Et hëlt eis den Drock mat risege Beträg a Virleeschtung goen ze mussen, wat mer ganz einfach net ëmmer kënnen. D'Produktiounszäit läit gewéinlech bei 5-6 Wochen, kann natierlech variéieren, do hu mir keen Afloss.

🦁Wichteg bei dem ganzen:
Umellen um Site, egal op gratis oder mat Memberskaart, ass komplett fräiwëlleg. Mir freeën eis natierlech iwwer är Ënnerstëtzung, mee et ännert näischt dorun dat weiderhi jidderee bei eis Wëllkomm ass. Mir ënnerscheeden am Block net wie Member ass, wie spent oder bezilt, dat spillt bei eis keng Roll. Et ass just eng zousätzlech Aart a Weis sech mat eis ze verbannen, an "Offiziell" Member beim M-Block ze ginn.
An dem Sënn, kuckt iech de Site un, wann der Problemer/Feeler fannt, zéckt net iech bei eis ze mellen, fir Ideeën, Wënsch a Rotschléi si mer ganz op!

27/04/2026

Déi nächst Deeg annoncéiere mir eng interessant Neiegkeet.

Sidd gespaant.

🦁🇱🇺

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

100, Boulevard De Kockelscheuer
Luxembourg
1821