29/08/2026
🟢🟠 D’Saisonvirbereedung leeft! ⚽️
Déi éischt Ekippe sinn nees am Training an och wann nach Vakanz ass, stinn déi éischt Frëndschaftsmatcher an Tournoien um Programm. 💪
Haut sinn eis U10/U11 zu Ralingen bei engem klengen Tournoi géint Rosport an Etzella am Asaz. ⚽️
Eng gutt Virbereedung op déi nei Saison! 🟢🟠
12/06/2026
🎉⚽ Ofschlossfest vun eiser Jugend E2B an E2B/UMW ⚽🎉
Wat fir e flotte Saisonofschloss! 😊
Beim Penalty-Turnéier gouf et vill spannend Dueller, vill schéin Goaler an nach méi Spaass. 🥅⚽ D’Kanner hunn nach eng Kéier gewisen, wéi vill Freed si um Fussball hunn.
E grousse Merci un all d’Spiller, Traineren, Elteren a Fräiwëlleger fir hiren Asaz an hir Ënnerstëtzung während der ganzer Saison. 👏
31/05/2026
Mir si frou an houfreg, e klengen Deel zu dësem grousse Succès bäigedroen ze hunn. 💚⚽️
Mir gratuléieren der ganzer Equipe vun Häerzen a freeën eis op dat, wat nach kënnt! 💪🔥
Allez Biwer! 💚🤍
31/05/2026
⚽💚🧡🧡💚⚽
Haut ënnerstëtzt d’E2B eis Seniors-Equipe vum FC Jeunesse Biwer bei hirem wichtege Match! 🙌
Mir si frou, als Aflafkanner dobäi ze sinn an d’Spiller op den Terrain ze begleeden. ⚽✨
Mir wënschen der Equipe vill Erfolleg, Kampfgeescht an natierlech eng staark Leeschtung! 💪💚
Allez Biwer! 🍀⚽
💚🤍⚽
MATCHDAY!⚽️
Haut steet da wuel dee wichtegste Match vun der Saison um Programm. Am Barragematch geet et um Terrain vu Jonglënster géint déi éischt Ekipp vun der Fiels a vläicht packe mir de Sprong an déi 1. Divisioun!👀
Let's go!💪
💚
29/05/2026
Haut ënnerstetzt d‘E2B de Nopeschveräin FC Victoria Rosport Jugend💪⚽️
29/05/2026
🔥 Leschte Championnatsweekend fir eis Jugend! 🔥
Hei sinn d’Matcher vun eisen Ekippen dëse Weekend/d‘nächst Woch⚽💚🧡
Kommt eis Jonker ënnerstëtzen a suergt fir eng top Ambiance um Terrain! 👏
💚🧡 Allez Entente2B! 🧡💚
28/05/2026
⚽️🧡💚💛🖤 Haut ënnerstëtzt d’E2B säin Ententespartnerveräin UMW beim Match géint Gasperich!
Alles op Lëntgen haut den Owend🔥
Zesumme staark – Allez UMW! 💪⚽️
25/05/2026
⚽ BARRAGEMATCH PH/D1 ⚽
Dënschdeg, den 2. Juni um 19h30 fënnt an der Street Wheels Arena zu Berbuerg de Barragematch tëscht dem CS Grevenmacher an dem FC Koeppchen statt.
Kommt laanscht an erliewt e spannende Match👏⚽
🍔Fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt
📅 2. Juni 2026
🕢 Ustouss: 19h30
📍Berbuerg Street Wheels Arena
CS Gréiwemaacher - FC Koeppchen
Detailer zu der Organisatioun an zum Oflaf kommen no❗
Gemeng Manternach