CHEV Handball Diekirch

CHEV Handball Diekirch

Partager

CHEV Handball Diekirch
BP 106
L-9202 Diekirch
fondé en 1964

Coupe de Luxembourg Häeren:
1990
Champion Häeren:
1993

Coupe de Luxembourg Dammen:
2011, 2012, 2020
Champion Dammen:
2012, 2021

28/08/2026

E flotten an intensiven Handball-Stage läit hannert eiser Dammen Equipe! 💙

Si hunn zwou Nuechten an der Jugendherberg zu Befort verbruecht an haten nieft dem Training och vill Geleeënheet, als Ekipp zesummenzewuessen, ze laachen an eng flott Zäit zesummen ze verbréngen. ❤️

Nieft dem sportlechen Deel stoung och d’Thema Ernährung am Sport um Programm. Den Här Gauthier Mathieu – Diététicien, spécialisé dans la nutrition du sportif – huet eiser Ekipp an engem interessante Virtrag vill wäertvoll an nëtzlech Tipps mat op de Wee ginn. 🥗🍎💧

Natierlech koum den Handball och net ze kuerz! 🤾‍♀️🔥
Si hunn e klengen Tournoi géint HSG Wittlich an den HB Esch gespillt. Dat war eng gutt Geleeënheet, fir dat am Training Geübten ënner Matchbedéngungen ëmzesetzen an weider un hierem Zesummespill ze schaffen.

No dësem Stage sin si motivéiert a voller Energie, fir sëch weider op déi nei Saison an der Axa-League virzebereeden! 💪🔥

E grousse Merci un all déi, déi dëse Stage méiglech gemaach hunn, a besonnesch un eis Spillerinnen fir hiren Asaz, hir Energie an de super Teamspirit! 💙🤾‍♀️

Vill Foto’en vum Stage an vun den Mätcher sin ze fannen op eisem Internet-Site: https://bit.ly/4zIFcC7

24/08/2026

Bei eisen Jugendéquipen fänkt elo och den Training lues an lues un.

Trainingsufank bei den U13 Jongen an U13 Méedercher mat den Traineren Tim Junker an Patrick Fasbinder.
Hei ass den 1. Training den Méindeg, 24.08 um 17.00 Auer um Stadion.
Duerno stin den Mëttwoch, 26.08 an Freideg, 28.08 ëmmer 17.00 Auer um Stadion um Programme.

Fir weider Infos betreffend Traininger könnt Dir Iech gäeren per E-Mail op [email protected] un eis wenden.

Den Trainingsufank vun eisen Jugendéquipen U11, U9 an U7 wäerten mir och déemnächst public maachen.

16/08/2026

Nodeems Schweich sëch kuerzfristig oofgemellt huet, hun eis Dammen 3 x 30 Minutten géint Eynatten–Raeren gespillt an gewannen no 90 Minutten mat 49 – 33.

16/08/2026

Am 1. Préparatiounsmätch konnten eis Häeren gëschter Owend mat 28 - 22 géint Thionville Moselle Handball gewannen.

14/08/2026

En Sonndeg den Mëttig spillen eis Dammen an der Dikricher Sportshâl een Turnéier géint den HC Eynatten (B) an den HSC Schweich (D) fir déi nei Saison ze préparéieren.

14/08/2026

Dësen Samsdeg spillen eis Häeren hieren 1. Préparatiounsmätch vun der neier Saison géint Thionville Moselle Handball.

12/08/2026

Den Sonndeg, 20. September organiséieren mir nees eisen Season-Opening mat Sponsorslaaf um Stadion fir eis Spiller(innen), Memberen an Frënn vum CHEV Handball Dikrich.
Mir géifen eis frée‘en, Iech all op eisem Season-Opening dobäi ze hun an ë puer flott Stonnen zesummen ze verbréngen.
Weider Informatiounen an Umelden iwwert eisen Internet-Site: https://bit.ly/4q8AEk2

09/08/2026

Bestellt elo Äer personaliséiert Re-fill Drénkfläsch mam CHEV Logo drop an sidd beschtens équipéiert, fir an déi nei Saison ze starten.

Link Re-fill-Shop: https://bit.ly/3StVA8p

Photos from CHEV Handball Diekirch's post 08/08/2026

Haut den Mëttig waren eis Dammen den 1. Préparatiounsmätch fir déi nei Saison op Wittlich spillen.
Den Mätch war ganz enk an um Enn sollt ët fir eis Dammen just nët duer goën.
Endresultat: 35 - 34

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

Luxembourg