Ben's Training Strategy

Ben's Training Strategy

Partager

Ich helfe verletzten Sportlern bei der Rückkehr zum Laufen und zu ihrer Bestform🏃🚀

27/08/2026

🇦🇺Den Sydney Marathon steht virun der Dier🦘

Mir mache richtege schwéiere Krafttraining puer Deeg virun der groußer Course?! Eppes wat een quasi nie bei Leefer gesäit👀

Dobäi kann een sou senger Performance nach e klenge Boost ginn🏃‍♀️

Dat ganzt nennt een Priming an mir gin eisem Nervesystem nach eng kéier eng Aktivatioun, domat mer bei all Schratt méi Power entweckele kennen💥

Héich Intensitéit, wéineg Volume domat mer keng onnéideg Middegkeet opbauen

D‘Laura ass also ready. Mir genéißen den Rescht vun eiser Vakanz an gesinn eis am September rem zu Lëtzebuerg🇱🇺

22/08/2026

Onstabil Spronggelenker gesinn ech relativ oft bei Leefer 🦶

An ganz oft fehlt d‘Kontroll vun den seitlechen Muskelen vum Spronggelenk

Bau dofir déi 3 Übungen regelméisseg an dein Training an💯

Du bass emgekneckt an brauchs Hëllef beim Return to Run? Schreif mir en Message an komm besser zreck wéi virdrun💪

Photos from Ben's Training Strategy's post 18/08/2026

Wisou eng nidreg Kadenz ineffizient ass an de Verletzungsrisiko steigert, kanns du am Deel 1 noliesen👌

Als Recap: et verännert den Foußopsatz an Buedemkontaktzäiten déi Iwwerlaschtungen wéi Shin Splints verursache kënnen❌

Dofir sinn hei 2 Tipps déi ech an läschter Zäit oft mat mengen Clienten benotzt hunn fir d‘Kadenz gezielt ze unzehiewen ⬆️🍄

Test des Tipps bei dengem nächsten Laf an schreiw mir wivill sech deng Kadenz dodurch geännert huet🤝

16/08/2026

All Mensch denkt un Schwellen- & Vo2max Training mais vergesst wivill Krafttraining d‘Lafperformance beanflosst💥

D‘Laura ass dat bäscht Beispill. Ouni strukturéierten Laftraining an wéineg Volume ass hat bei engem Semi onerwart eng nei PB gelaf.

1:45 ➡️ 1:39

Einfach well et sein Kraft- & Sprongkrafttraining iwwer puer Méint serieux gehol huet. Hei puer Werter vun sengem Progrès

Leg extension (8 reps): 50kg ➡️ 110kg
Broad Jump: 1,40m ➡️ 2,15m

Wisou dat klappt? 👉Lafeffizienz

D.h durch eng besser Usteierung an Koordination vun der Muskulatur an Sehn, brauche mer manner Sauerstoff fir d‘Fortbewegung

D’Fro ass: Léis du dat Potenzial leien?

13/08/2026

Plyos sinn menger Meenung no nach ëmmer net richteg an der Leefer Bubble etabléiert😕

An wann se gemach ginn ass oft d‘Qualitéit net extra gutt

Dobäi sinn se en MUST HAVE am Return to Run Prozess. Mais och gesond Leefer léieren dodurch méi elastesch an effizient ze lafen🚀

Also let‘s go, bau se virun dengem nächsten Laf an🐇

Photos from Ben's Training Strategy's post 11/08/2026

Ass et Zoufall dass sou vill verletzungsufälleg Leefer mat enger

08/08/2026

Wann een net gewinnt ass ze lafen, ass et schwéier an der Zone 2 ze bleiwen außer et leeft een extrem lues 🐌

➡️ d’Resultat: den Lafstil leid & et brennt sech en ineffizient Muster, dat Iwwerlaschtungen verursache kann (z.B Shin Splints)

Amplatz also en enormen Volume an der Zone 2 opzebauen, mëscht et am Ufank méi Sënn ze léieren schnell, stabil & effizient ze lafen, wat sech spéiderhin an de luesen Lafstil iwwerdréit

Kuck schnellt Lafen als Krafttraining fir besser mat Impact kennen emzegoen💥

Dofir leeft och quasi all Client bei mir ab engem gewessen Punkt Strides:

➡️ Beschleunegung iwwer 50-100m bis op 70-80% Top Speed (z.B 5x60m virun engem Laf).

Wann déi bis sëtzen, starte mer mat méi strukturéierten Intervallen wou mer d‘Distanzen rof an Pausen ropschrauwen fir méi Speed ze entwëckelen

➡️ z.B 6x 400m // 60s ➡️ 10x 200m // 90s

Parallel dozou kann een d’Grondlage um Velo weider ausbauen bis mer ready sinn, d‘Zone 2 am Lafen tatsächlech auszenotzen👌

06/08/2026

Wann keen Selbstvertrauen do ass, ass den Return to Run zum scheitere verurteelt❌

Als Reha Coach oder Kiné ass et d‘Aufgab en Plang mat Regelen an Critèren opstellt deen dem Patient Kloerheet mais virun allem Secherheet gett.🤝

Dozou gehéiert awer och Leit ze fuerderen an der Reha. Réicht dodurch kann d’Selbstvertrauen zreck!💪

Bass du scho mol mat richteg Selbstvertrauen aus enger Verletzung rauskomm? Loss et mech an den Kommentarer wessen👇

Photos from Ben's Training Strategy's post 04/08/2026

Juli✅

Lo geht et dann gleich an d‘Vakanz🏝️

Fir Berodungen mir trotzdem gären schreiwen, domat mer fir September gutt ranstarte kennen🤝

01/08/2026

„Schmerzfräi“ gëtt et net. That‘s Life🤷‍♂️

Dofir kann et extrem frustréieren wann bei all klengem Unzeechen Panik ausbrescht an een sein gesamten Training rem op d’Kopp werft

Natierlech muss Peng gemanaged ginn MAIS den Fokus muss prioritär op eiser Funktion leien. Trust the process🤝

Woch 1: 2/10 Peng beim Treppelen
Woch 3: 2/10 Peng bei SL Hops

➡️ exzellenten Progres

Virun allem ass d’Absence vun Peng keen Critère fir eng erfollegräich Reha!!!

Dat ass oft einfach ze erreeschen an deem een Paus mëscht, passiv behandelt gëtt, Medikamenter anhëllt mais naischt dovun prépareiert dech op dein eigentlecht Ziel:

Mat denger bäschter Frendin den Semi Marathon enner 2h ze lafen!🔥

(net 0 Peng hunn)

Kommentéier wat dein richtegt Ziel ass wats du rem erreeschen wells👇

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Ettelbruck ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Site Web

Adresse

Ettelbruck